15 Kommentare “Abstieg

  1. Jo ech mengen do hu mer et mat engem integralen Gesellschaftsabstieg ze din. Och ech hu bei deem éischten gelaacht.

  2. Jo, dat war et da wuel mam Revoluzzerdosinn.
    Du bass lo offiziell e Riedche vun der Gesellschaft. ;)

    Gleew mer, lo geet et ganz séier, da sinn d’Rasta ab, de Piercing räus, du frees dech wéi et geet, mee du schaffs schon op engem Büro an der Stad an fiers all Dag net mam Bus, mee mat engem VW Touareg op d’Aarbecht. Während dem Wee dohin, dréis de den RTL méi haart, wann de Garou, de Bryan Adams oder Bon Jovi gespillt ginn. Dee Blog hei besteet da gréisstendeels nach aus Youtube Videoen a Links, du abonnéiers a lies “d’Wort” a wiels DP. Du gees net méi a Caféen, héchstens nach an hip Szenelokaler, wéi de “White” an de “V.I.P.”, wou s de mat 45jährege Fraen an hieren Duechteren Schampes drénks. Déng Fra léiers de op engem Duerffest kennen, no engem Joer bestuet der iech, dat éischt Kand ass schon ënnerwee. Dir kaft en Haus am Kanton Capellen, mat engem grousse Gaart. Natierlech däerfen de riesege Fernseh, en zweeten Auto (Renault Espace, lo komme jo d’Kanner) an d’Memberschaft am néchste Fitnessclub net feelen. Niewebäi war nach genug Geld do, dass der iech e fuschneie PC mat dem neie Betriebssystem Windows OS X kaft, an du fënns en immens. Sonndes gees de op de Fussball, a regs dech op, dass déng Ekipp nie gewinnt. Du bass bei den néchst Gemengewalen dobäi a gëss prompt gewielt. Wou s de scho mol do bass, denks de der, du kéints jo dann och néchste Kéier bei de Landeswale matgoen. Däin éischt Kand ass an der Tëschenzäit an der Primärschoul, ausgerüst mat Markekleeder, an am Butték huet et sech natierlech och den deierste Plastikschoulsak rausgesicht, deen ze fanne war. Déng Fra féiert et natierlech all Dag mam Auto an d’Schoul, et soll jo net sou schwéier schleefen. Während déng Kanner ageschoult ginn, bereets du dech op d’Wale vir, bei deenen s de eng gutt Chance hues, fir op der DP hierer Lëscht am Süden an d’Chamber gewielt ze ginn. Du léis dech an der Stad fotograféiren, wéi s de mat engem Starbucks Kaffi an der Hand an de Wieder: “D’si stresseg Deeg, et huet ee besser ëmmer op de Been ze bleiwen, well et gëtt ëmmer eppes ze dinn!” vum RTL gefilmt gëss, fir dass se dee Video am Impuls aspille kënnen, wou s du mat engem Member vun der KPL diskutéiers. Du gëss schliesslech gewielt, a well d’DP doduercher, dass se als eenzeg Partei mat Zäit erkannt huet, dass Blogs d’Zukunft sinn an do staark Reklamm gema huet, Wirtschaftsminister, ënnert dem Premier a Spëtzekandidat vun der Partei, Thierry Heles.

    An alles just, well s du lo gelaacht hues.

  3. DEE Schluss hat ech ni am Liewen kommen gesinn. Freck. :D Ech sinn ultramies drop haut, mee dat do huet mech lo wierklech dozou bruecht haard ze laachen. Absolut genial!

  4. Chris, du hues nach vergiëss, mam Auto net an den Hypermarché, mee an de Biobuttek ronderem den Eck däin ökologescht Geméis kaafen ze goen.

  5. cool, den Duerchschnettsletzebuerger :)

    D’Haus misst awer nach ee Bungalow mat 2 Garagen an enger Cité sinn. An en Hond därf net fehlen.

  6. Jo, den Duerschnëttslëtzebuerger gëtt jo och Wirtschaftsminister…

    Wéi d’Leit et awer fäerdeg bréngen mäi Remgepöbels, wat speziell un de Joël geriicht war – näicht fir ongutt – zu enger Kritik vum Lëtzebuerger Vollék héichzestiliséiren, ass mer e Rätsel.

  7. Chris dat ass wéi an der Konscht. Mol ee schwaarzt Quadrat op eng Toil an iergendwou fennt sech ee Kritiker deen der déi komplizéierst Interpretatioun doranner leet. ;)

  8. @Chris
    Jo, de Joël huet hei einfach eng genial Community!

    Sou wéi eng perfekt opgestallten wäiss Blutkierpeschersarméi, déi den allerkléngsten Bazill schupps phagocitéieren an an wertvoll Nährstoffer emwandelen.

  9. @ Chris, dat Rätsel ass awer einfach ze léisen. Däin Bäitrag huet erstaunlech gudd op mäin Virurdeel dem Idealtypus vum Duerchschnettsletzebuerger géigeniwwer gepasst.

    Déi wäiss Bluddkierpeschersarméi Allegorie gefällt mer.

  10. Pingback: sad autumn » Blog Archive » Absolut genial

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *