Lo si ma mol eng keier ganz beis…

Nachdem mich der Betreiber des doofblogs nicht nur per Mail sondern auch per Kommentar auf sein Blog und den Eintrag meines Blogs in seinen Blogroll genervt hat in Kentniss gesetzt hat, bin ich auch über eine sogenannte luxemburgische Blogger-Szene gestolpert, wo ich doch dachte, ich wär mehr oder weniger der einzig wirklich aktive in dem kleinen Land, das sich meine Heimat nennt.

Das Doofblog scheint sich stark und vor allem dogmatisch an die Wurzeln des Weblogs zu halten und der Autor präsentiert uns so mehr oder weniger lustige Dinge aus dem Web, die zu meinem Erheitern nicht umbedingt beigetragen haben.
Dann gibt es egalwaat.lu. „Egal waat“ ist ein luxemburgischer Ausspruch, der, wenn auch hier falsch geschrieben, eine Entrüstung über !Quatsch“ ist. Nomen est Omen, möchte man da glauben. Das Blog wirkt ein wenig so, als fühle sich der Autor ständig unter Zugzwang, irgendetwas zu posten. Der Ansatz, die politischen Parteien anhand ihrer Webseiten oder umgekehrt – die Webseiten der Parteien zu bewerten, scheint mir nicht umbedingt neu zu sein, aber netter als ein Posting über das Naturmuseum. Ausserdem wird viel über Podcasts gelabbert, die ich mir noch nicht angehört habe. Sollte ich das etwa tun?

Nein, sollte ich nicht. Gedanken und Geschichten aus Luxemburg – GuG ist relativ schlecht. Gebt dem Typen einen Tag Radioausbildung! Gebt ihm ein Schneidprogramm! Und gebt ihm den Tipp, sich vorzubereiten! Das Hören tut richtig weh.
Oh, jetzt könnte man natürlich kommen und sagen: Fire, machs besser. Fire macht Radio und auch wenn das allein noch keine Garantie für einen guten Podcast ist,

Oh, und dann gibt es noch ici&ailleurs, das auf franze ist, aber scho Ewigkeiten nicht mehr aktualisiert wurde, Gen.5, das recht neu scheint und auch noch nicht so ausgereift. Ich wollte auch über die Blinkdinger schreiben, die sie vor den Schulen ausgeteilt haben. Anstatt sich aber über das Datum aufzuregen (Die Kampagne hat ja ein Thema, das immer aktuell ist.), hätte ich mich aber über den Unsinn solcher Blinkbändchen, mit denen die Schüler sich gegenseitig blaue Flecken zufügen aufgeregt und vorgeschlagen, das Geld dafür zu verwenden, den öffentlichen Transport zu subventionieren und so die Leute mit billigeren Preisen zum Benutzen desselbigen zu bewegen.
Auch die Schlussfolgerung „Bloggen ist für viele eine Therapie, also brauch ich nie im Leben eine Therapie beim Psychologen“, erscheint mir zumindest sehr zweifelhaft.

Auch „Dem Pa säin Blog“ erscheint mir inhaltlisch noch nicht sehr reif. Sehr schade.

Übrigens sehen die hier genannten WordPress-Blogs auch alle aus wie ein WordPressblog, was ebenfalls schade ist. Ich erwarte ja von niemanden, dass er mit einem Sprung ein Top-Designer wird, aber an gewissen Dingen (Farben, etc.) könnte man ja schon ein wenig rumschrauben.

Ui, jetzt werd ich sicher aus dem Blogroll des doofblogs rausgenommen. Aber hey, Jungs, wenn ihr das hier lest, nehmt mir das hier nicht krumm. Fasst es als konstrukive Kritik auf. Ich bin auch nicht als Meister vom Himmel gefallen, aber momentan sind euere Blogs noch fern von dem, was ich als „lesbar“ bezeichnen würde. Was auch der Grund ist, wieso ihr keinen Link in meinem Blogroll habt. Da bin ich knallhart.


Beitrag veröffentlicht

in

von

Schlagwörter:

Kommentare

29 Antworten zu „Lo si ma mol eng keier ganz beis…“

  1. Fireball

    Nee, ech fille mech doduerch net beleigedt, merci.

  2. Hey flott Kritik! Ech fille mech zwar liicht gekränkt, mä an der Blogosphäre gett een eben net mat Händchen ugepaakt. Zum Zugzwang all Dag eppes bei egalwaat.lu zë schreiwen… dat stëmmt schon. Ech gin ebe gär all Dag op verschidde Säiten kucken, ob ët näischt Neies gett. Am Ufank wollt ech eben duerfir all Dag eppes bréngen, mä zäitlech gesin, packen ech dat net. Hun heiansdo och keng Loscht. Wann's de dech ower net beleidegt fills, dann huëlen ech dech an den Blogroll op.

  3. Fireball

    Oh, do as awer en beis getreppelt.
    Do steht jo awer "in Kentniss gesetzt hat" an net genervt hat. Ech hun dir iwregens op deng Mail geäntwert. Ech hun eppes geint Commentspam, an dengt hätt en keinten domadder glaichsetzen.

    Natirlech ged et Zeitungen, dei sporadesch erauskommen. (zB. dei allermescht Schülerzeitungen!) Et ged och onregelmeisseg Rubriken an Zeitungen. Jo an? Besser all Woch en gudden Artikel wei all Daach "egal waat". Bei verschiddenen vun de Linken an mengem Blogroll wärt en alt schon eng, souguer zwou Wochen, bis en neien Post kennt. Leiwer daat wei en Artikel, dem en den Zugzwang ungesait.

    Bloggen huet sech entweckelt. Et gin kaum nach Blogger (och d'Staren vun der Blogosphär!) dei sech un dei "aal" Defintioun vun "Fundsachen aus dem Netz an interessant Linken" haalen an dei dogmatesch durchzeien.

    Ech hun kee blassen Schimmer von PHP. Ech kann trotzdem designen. Gudd, dir gefällt main Design vlait nait, dem Daniel jo och net. Ech geif et jo och als anti-design bezechnen. Mee mat de Linken muss ech der Recht gin, do muss ech mer eng anfaalen lassen.

    Waat em Gottes Wellen ass en Digitizer? Ech hun en grottegen Scanner benotzt. Ausserdem ass et jo net dorems gaangen, daat ech är Designs geif schlecht fannen… just e bessi onkreativ. Mee natirlech därft dir onkreativ sin – ech därf daat dann secher och kritiseieren.

    Nee, mai Blog ass keen richtegen Html 4.1 strict. XHTML 1.0 strict an deelweis Html 4.1 trans.

    An mengem Posting waren jo schon verschidden Tippen dran. Wann e gären weider rotschlei hätt, kann en sech jo selwer nofroen.

    Sin ech iwerhieflech? Wei gesoot, et sollt konstruktiv sin. Kann sin, daat ech als "aalen Hues" do iwerhieflech wierken. Ech hun d'WEisheet och net fir mech alleng gepacht, daat wees ech. Wanns du dech allzevill getreppelt fills, dann solls de vlait an Zukunft dovun ofgesin, en Blog ze feieren. Das Leben ist kein Ponyhof.

  4. Kann et sin dat se dier mimosa Genen agplantzt hun? Oder fu wou kennt daat dats de dech duerch alles genervt vills? Ech hat einfach geduecht dats de dei email address villaicht nemmi geifs checken, dofir hun ech der eben e klengen Kommentar hannerloss. Dat hunn ech och beim pa gemat, an do war dat kee Problem.

    Apropos egalwaat.lu. Ech hun net d'Gevill wei wann do geif probeirt gin fir eng Partei no hierer Websait ze bewerten. Ausserdeem gesin ech et als nemmen normal un dass een regelmeisseg post, waan een seng Lieser wellt bei sech behalen. Et get jo och keng Zeitung dei nemmen sou sporadech erauskennt. Wann ech boingboing.net oder gizmodo.com kucken gin, dann erwarden ech och all Dag weinstens een neien Post.

    Villaicht lait eis Meenungsverschiddenheet jo bei der Definitioun fum Bloggen. Ech hun d'Gevill dat dai Blog eichter en Tagebuch fir dech, fir Frenn a Famill ass. Verstei mech lo net falsch, ech hun nanet vill fun dier gelies, mee dat ass nunmol mai Gevill wann ech dain Kommentar zu der letzebuergescher "Bloggerszen" liesen.
    Et ass natierlech och dai gudd Recht dei themen dei mir am doofblog behandelen als net intressant ze emfannen.

    Waat Gen.5 ugeet, daat ass schon e mei aalen (dofir och gen.>5<) Projet mat engem zimlech aktiven Forum.

    Apropos Blinkdinger. Dann schreiww dach en Artikel doriwwer. Et kann nie schueden esou en Thema aus verschiddenen Bleckwenkelen ze beliichten.

    Wanns de main scheinen kubrick wordpress theme net schei fenns, daat ass dai gudd recht, mee dofir kanns de nach emmer net iwwert engem seng webdesign Faehegkeeten jugeieren. Ech hun och schon meng eegen Designs gemat, mee bei mengem Blog haat ech einfach Loscht mol eng keier weineg missten ze mann, zumolst well ech bei der "overture" nach net sou familiaer mat PHP war. (http://e-nigma.mine.nu/depo… oder http://www.nik-welter.tk)
    Ausserdeem waer et wierklech einfach en aneren theme ze installeieren, me ech fannen deen theme biselo schein wei en ass (mat heiandsdoo enger Aennerung un dem Header)

    An apropos Design, ech fannen deng Sait eierlech net genial, deen Schreftzuch uewen op der Sait zB notzt net wieklech d'Potenzial waat an engem Digitizer stecht.
    Dei links op der rietser Sait sin onet super liesbar.
    Eppes muss ech der allerdengs urechenen, daat ass dats de dech un webstandards haells.
    (och wann et kee richtegen HTML4.1 strict ass)

    Wanns du dech sou gudd mat Radio auskenns, da keins de dem Auteur fun GuG jo mol e puer Tips gin wei en daat soll besser man.
    En aneren intresanten Podcast ass den Bouneschlupp fum Thierry Heles. (http://www.naischtnotz.net/…)

    Sou wait sou gudd, lo hun ech awer rem vill geschriwwen.

    Ech well wierklech hei kee Strait ufaenken, mee ech fannen deng Kritik am grousse ganzen e bessi iwwerhieflech.

    Vill Spass nach beim liesen fun eisen Blogs, an ech mengen du bleiws awer an mengem Blogroll (gudd du hues emgekeierten Psychologie agesaat :))
    Raffael Mancini

  5. Fireball

    Da stemms du mer zum Thema commentspam also zou? Okay, et war "fei" gemengt. Et wierkt just wei en Phänomen den en bei party.lu beobachten kann: Leit kopeieren sech en Standarttext ("Super hp! Kuck och mol meng! meng-nues-ass-mei-kromm-wei-deng.party.lu!") an posten se an d'Gästebiicher vun denen aaneren. Wei gesoot, ech well dir daat natirlech net ennerstellen, mee et huet esou gewierkt. Pass vlait dorop op, dei nächste Keier.

    Gudd, ech hun mer, daat muss ech eierlech zougin, net dee ganzen Blog duerchgelies, an no der eischter Sait (op dei trefft och en, den virdeischt dain Blog unkuckt!) ze urtdeelen, sin do immens vill Link-Postings dobai. 15 vun 60 sin 25%, daat sin der ziemlech vill.
    Jo, mee Links an Fundsaachen sin bei denen allermeschten Blogs just nach eng "Nirwesaach" (Sou kennt et mir ob manst vir.). Du hues trotzdem Recht, et ged der enger an der aaneren. Waat ass falsch dorun, wa main Blog egozentresch ass? Et ged em mech, em meng Meenung, em meng Persoun, em main Liewen. Wei keint daat net egozentresch sin?

    Wei gesoot, ech hu keen Grafiktablet benotzt, mee nemmen en honregen Scanner.
    An vlait sin ech jo wirklech iwerhieflech. ;-)

  6. Daniel wagener

    Eierlech du bass deen Leschten deen eppes iwert Design soen sollt.
    Daniel Wagener

  7. mix

    Wah, ech fannen deen Schreftzuch genial!
    Gudd, en huet net all Ausgetüfteltheeten, Ecken an Ronnen awa Einfachheet dreckt an desem Fall mei aus wei een schick zesummengesaaten, wonnerscheinen Logo.

    Et passt, daat ass wichteg.

    mix

  8. Fireball

    Serge:
    Okay, lo war ech vlait bessi ze ironesch, am Internet ass daat oft schweier ze ennerscheeden. Mee dei duerchgestraachen Wieder sin an der läschter Zait zu engem Stilmettel am Internet, besonnesch bei Blogs gin, fir Saachen ze soen, dei en aus Heiflechkeet oder well se no bessi iwerleen ze krass sin net "direkt" well soen. En ironescht Stilmettel also.

    Geint eng Mail hun ech jo och naischt, mee ech hun den zousätzlechen Kommentär bessi "penetrant" fonnt. Firun allem well en bessi reklamsmeisseg do stoung. Wann en sech un der Diskusioun bedeelegt hätt an de Link an dei Bemierkung mam Blogroll sou "beileefeg" dobaigessat hätt, wier ech guer net genervt gewierscht. Commentspam huet seng Spueren bei mir hannerlos, ech sin quasi allergesch op "Reklam" an mengen Kommentären – oder eben op Saachen, dei sou ausgesin. Och wann et hei net sou gemengt war an et secher net beis gemengt war.

    E bessi konstruktiv Kritik schued jo secher kengem. Bei mir ass se eben heinsdo bessi mei "besseg". Ween dei net verdroen kann, sollt och kee Blog hun, irgendwann kennt emmer en den eppes ze meckeren huet.
    Am Punkto Design an Blog hues de absoulut Recht. Net ouni Grond nennen ech main Design heinsdo och "antidesign" ;-) Genau wei mai "Logo" och einfach nemmen "trasheg" ass, mee eben gewollt.

    Merci fir dain Tipp mam Tablet an fir den Link, ech wärt mir dei Saach unkucken :-)

    (bei "so long" muss ech emmer "and thanks for the fish" denken *grins*)

  9. no comment zum thema commentspam.

    Pardon fir dat mat der mail, ech hat dat net gecheckt well ech um falschen Account no denger Mail gesicht hun.

    Ech well net soen dat een onbedengt all dag muss en Artikel posten, dofir si mer bislo och zu drai dei an eisem Blog posten.

    Ausserdeem, sin nemmen ongefeier 15 fun 60(!) posts bei eis am Blog nemmen Links, et deet mer leed, mee wa mier eppes posten dann ass et normalerweis net nemmen eng url an eng Zeil Text dobai.

    Wanns du sees bloggen haett sech entweckelt, dann mengs du jo hoffentlech net dat se sech all an dei selwecht richtung entweckelt haetten. Well et gin eben dei eng blogs, an dei aner, dofir sollten mer eis awer net geigensaiteg an d'hoer kreien an schlecht kritiken gin, mee dai blog schengt jo zimlech egozentrech ze sin.

    Digitizer fennt een bei wikipedia.

    Jo ech fannen dats du iwwerhieflech eriwwerkenns.

  10. Fireball

    Ja, du bass en Spammer, Thierry. Daat wolls de dach heieren, oder? Oder soll ech elo klugschaissen an soen, wanns du meng virescht Äntwert gelies häss, weist, daat ech naischt geint en Link no engem Kommentär hun. Bla, daat ass mer ze blöd.

    Feeler an der Programmatioun? Do därfs de roueg mei spezifesch gin, och wann en (klugschaiss) Websaiten net programmeiert. Ech mengen, do verbesseren ech mech emmer gären, genau wei ech dem Raffael sain Kommentar zu de Linken als Usporn genotzt hun, fir main Blogroll mei lieserlech ze maachen.
    Jojo, main Design ass net den genialsten, daat hun ech schon oft genuch heiren. Mee vlait gin et Grenn dofir, verschidden Saachen net sou ze maachen, wei se "jiddereen" mescht? Mee do muss du vlait bessi mei konkret gin (am beschten an leifste per Mail), wanns du wirklech konstruktiv wells gin an net memmen wells soen "jo mee du bass och net perfekt". Never said that!

    "Jiddereen fänkt eng Kéier kleng un a schafft sech mat der Zäit erop"
    Do hues du Recht. Mee ass daat en Grond, fir net elo "schon" ze kritisieren? Wann nie en engem seet, waat em net gefällt, kann en sech net verbesseren.

    GuG ass menger bescheidener Radioerfahrung no einfach nemmen grausam geschwaat. Et klengt wei wann den Här sech net wirklech virbereed hätt oder nemmen lückenhaft. Och Saachen wie "en Fräsch am Hals" sollt en rausschneiden. Frai schwätzen ass jo an der Rei, mee et gin och Radioprofien, dei daat net maachen, an sech alles opschreiwen. D'Konscht ass da just, et net "virgeliesen" klengen ze lossen.

    Waat mengs du mat "private" Blog? En Blog, wou et Postings gin, dei "friends only" sin, oder en, wou en eischter privat Saachen schreift? Well bei zweeterem: wann daat sou ass, hun ech et net "richteg" matkritt.

    Zu dengen Kommentären zu "Thema" an dei Saach mat "genervt", lies weg. waat ech dem Serge geschriwen hun, daat misst als Äntwert dorobber duergoen. Wann net, fro roueg no.

    Du bass entäuscht? Dann huelen ech daat no, wanns du jo sou dorop brenns.

  11. Serge

    generellen kommentar, den Raff mecht daat spezifescht jo scho ganz gutt (ech gin em iwregens zu 90% recht an deem wat en seet) :

    – um internet kennt een sou riwer wei een schreift, ergo wanns du zwa "genervt hat" och duerchgestrach hues sou hues de et dach stoe geloss.. elleng daat schwetzt scho fier sech, digitalen Text as jo editeierbar folschlech steet neischt oniwerluetes dran (op allefall net bei dier wann ech dengem kommentar nolauschteren andeems de jo d' seriositeit an qualiteit fun deenen betreffenden aneren blogg-en uschwetz misst dein jo awa en gewessen standart haalen)
    – generell sin mei kleng seiten frou fier ennerteneen bessen reklamm ze machen, dofir fannen ech et duerchaus ok fier eng mail ze schreiwen wann een een an seng linklescht ophellt
    – dat hei as dein blog an du mechs dorauser waats de wells ;), allerdengs muss de eben domat rechnen mat sou reaktiounen op frendlech gemengten aktiounen dass de net ganz populär bass ( natierlech och hei rem as daat subjektif an ech kann nemmen fier mech schwetzen)
    – voila soss muss ech soen dass d schlichtheet fun denger seit mer duerchaus gutt gefällt, woubei een och hei net ka soen daat as dei designerleuchtung, mais menger meenung no as daat am bezug op blogs och net d' haaptuleies oder leien ech do falsch ?
    – fleit nach eppes ech gesin dass de heiansdo mols an dech künstleresch betätegs, falls de nach keent hues geing ech der en tablet empfehlen fier um pc ze schaffen lount sech. ansonsten wanns de dech wells verbesseren courage brauch een fill gedold an übung :) (http://www.conceptart.org as en gudden forum mat fillen tuts etc wann et dech interesseiert)

    so long ;)

    Serge

  12. Thierry

    Fir ewech: an deenen meeschte Punkten stemmen ech dem Pa, Raff a Serge zou.

    Sou, also fir d'alleréischt muss ech lo einfach e bessen klugschäissen: et heescht net „Kentniss”, mee „Kenntnis”. Dann hätt ech awer och nach eng kuerz Fro: wéi sollt deen do Saatz weidergoen: „Fire macht Radio und auch wenn das allein noch keine Garantie für einen guten Podcast ist, ”?
    Domat wieren mer op deem éischte Punkt vu mengem Kommentar: sécher, weder doofblog nach egalwaat.lu ass perfekt, mee wien ass dat schon? Ech sin elo eng Kéier kuerz duerch deng Säit gesurft, an ech sin schon direkt iwwer eng Rei Tippfeeler souwéi Feeler am Design an an der Programmatioun gestolpert, sou gesäit deng Navigatioun zum Beispill net iwwerall d'selwecht aus, wat ech extrem blöd fannen, vu dass d'Navigatioun d'Haaptelement ass wat de Visiteur iwwerall soll direkt fannen an eremerkennen. Iwwregens: häss de an der Bio mol bessen besser opegapsst, da wéisst de firwatm, dass deng Entscheedung, d'Navigatioun uewen riets an den Eck ze setzen net déi genialst war. :-p

    Dass „egal waat” falsch geschriwwen ass stemmt natirlech, mee éierlech gesot gefällt et mer, dass de pa dat wees, an dofir als Slogan fir säi Site „Di Säit mam integréierten Schreiffehler!” geholl huet – wat ech zimlech originell fannen!

    Zum doofblog muss ech soen: jo, okay, dat ass keen héichen Journalismus (verstéi mech lo net falsch Raff ech hun doofblog gär), mee et ass jo och nach ee jonke Blog, a jiddereen fänkt eng Kéier kleng un a schafft sech mat der Zäit erop (ech schwätzen aus Erfahrung).

    GuG dann ass och net perfekt, mee hey, wat solls? Den Usatz fannen ech ganz interessant, an och wann de Moderator vu GuG villäicht een Accent huet, sou fannen ech seng Themen awer gréisstendeels net oninteressant.

    Ici&ailleurs kennen ech net, dofir soen ech dozou och lo näischt.

    De freege.blog ass menges Wessens no och haaptsächtlech ee privaten Blog, deen wuel baal nemmen vu Leit gelies gett, déi den Autuer perséinlech kennen. Dofir fannen ech dee Blog och villäicht méi interessant ewéis du. :-)

    Du sees, dass däi Blog sech em deng Persoun dréit an all déi Saachen déi dir sou duerch de Kapp laafen an du verlangs, dass mir dat akzeptéiren. Firwat bass du dann net bereet z'akzeptéiren, dass aanerer iwwert hiert Liewen schreiwen? Natirlech intresséiert et dech séier wéineg wann de Raff a sengem doofblog schreiwt op wéi enger LAN e mat sengem Clan war, mee dofir muss de Blog awer net schlecht sin.

    Ech muss dem Serge awer och Recht gin, souguer wanns de „genervt hat” duerchsträichs, hues de et trotzdeem geschriwwen, an diplomatesch oder fein ass dat absolut net. An dass de Raff an de pa dech an hier Blogroll ophuelen an domat Reklamm fir dech maachen, ass jo awer ganz respektabel. De Web an domatter d'Siten liewen vun de Links.

    Sou um Schluss muss ech dann awer nach soen, dass ech wierklech enttäuscht sin, dass de mäi Podcast net erwähnt an eventuell kritiséiert hues. Merci Raff dass de d'URL gepost hues, du hues dech just leider geiert, d'Adress ass http://www.naischtnotz.net/… Uih lo gin ech bestemmt och als Spammer duergestallt.

  13. Fireball

    Thierry: Ech wees schon virwaat Navigatioun net gudd ass, allerdengs hun se mer daat am Molen erziehlt an net an der Bio ;-)
    Nee, ech hun net op de falschen Stylesheet verlinkt. Zu erklärung: Daat engt sin statesch Html-Saiten, daat aanert dei Blog-Saiten vun Nucleus. Ech hun vir, daat no an no ze ersätzen, andeems ech einfach den Inhalt vun der Sait "posten" wärt an dann dorobber verlinken. Daat brauch awer seng Zait an dofir wärt et wuel nach bessi sou bleiwen.

    Jo, daat mam durchstraichen fenns de wierklech heffeg, daat ass keng Erfindung vun mir ;-)
    Ech hun der lo jo en Kommentär zu dengem Podcast geschriwen. Dei Idee vun GuG ass net schlecht, mee ech hun en Podcast do erwöscht wou en als Daitschen secherlech relativ rotlues dem wuert "Schobbermesser" geigeniwer gestaanen hätt. Fir mech huet et do wei en Podcast fir Letzeboier gewierkt.
    Den Accent leist sech net vermeiden, daat ass kloer.

    Jo, wann do Andräg sin, dei ech net liesen kann, relatvitiseiert sech meng Kritk natirlech rem.

    Websaiten gin gescriptet oder ganz einfach geschriwen. HTML ass anescht wei C oder Pascal keng Programmeiersproch, mee eng "makeup language". Okay, du keins lo Programmatiounsfehler am PHP fannen, mee dei wieren dann net vun mir. Och en WYSIWG Editor "programmeiert" meschtens net, mee schreift eben den HTML. Et sief dann, en benotzt Javascript oder PHP oder soss eppes. (Mei Informatiounen: http://de.selfhtml.org/intr… an och aanert Saiten bei selfhtml, besonesch an der Anfeierung.)

    L9: Wenn sie in meinem Blog nach "Graffiti" und/oder "Radio" suchen, dürften sie auf einige Links zu Mp3s von meinen radiophonischen Produktionen treffen, falls sie mich einmal hören wollen, auf unserer "Hammersprache" ;-) Ansonsten halt der Podcast von Thierry.

  14. Et deet mer leed, mee ech war dommerweis amgaangen meng Enwert ze schreiwen währends du dem Serge geäntwert hues, dat heescht ech krut däi Kommentar zu engem Link an engem Comment net mat. :-)

    Ech hu mer de Quellcode vun der Säit lo eemol ugekuckt, an du hues ganz einfach op dee falschen Stylesheet verlinkt, dofir gesäit deng Navigatioun anescht aus. (D'CSS Datei ass op folgenden Säiten: Stories, Art, Artikel, About me, Links an Impressum: „style.css”, woubäi en op deenen aaneren Säiten „skins/grey/fire.css” ass).

    Jo, et ass sécher wouer, dass een nemmen ka bäiléiren, wann ee kritiséiert gett, mee sou Saachen wéi firdéischt schreiwen, dann duerchsträichen huet mech zimlech irritéiert, mee wann dat Duerchsträichen tatsächlech als Stilmettel gebraucht gett an der Blogosphere, da muss ech wuel oder iwwel domatter liewen. :-)

    Dass een e Fräsch am Hals sollt erausschneiden, där Meenung sin ech allerdengs och. Mee zu senger Art a Weis wéi en de Podcast mécht, do sin ech jo net weider drop agaangen, ech sot just en hätt eben en lëtzebuergeschen Accent mee seng Themen wieren deelweis ganz interessant. Ech fannen et jiddefalls flott, wéi e probéiert onsen däitschen Noperen eist schéint Ländchen méi no ze bréngen.

    Jo, mat privatem Blog hat ech ee Weblog gemengt an deem haaptsächtlech Posts 'friends only' sin. Sorry, mee mir ass kee bessere Begreff wéi 'private Blog' agefall. :-)

    Ech hu just nach eng Fro um Schluss: wann Websäiten net programméiert gin, wéi gin se dann erstallt? Programméiren kann ee vill Saachen (souguer Animatiounen kennen programméiert gin, c.f. ActionScript), dat muss keng Applikatioun wéi de Word als Resultat hun fir dass ee ka soen 'dat do gouf programméiert'. Just wells du de Source Code vun dengem Site villäicht net selwer schreiws mee ee WYSIWG Editor benotz, heescht net dass do keng Programmatioun dohannert stecht. Den Ennerscheed ass eben just, dass de Computer d'Programmatioun fir dech iwwerhellt.

    D'Erklärung firwat eng Navigatioun op der rietser Säit net gudd ass, schreiwen ech der da per E-Mail vu dass de dat léiwer hues.

  15. Hammersprache.

  16. Ok, egal wou se der et erklärt hun, dee Moment wees de et jo, ech mengen dann eriwwregt sech déi E-Mail wuel. :-) Et ass natirlech richteg, dass een et net emmer muss sou maachen wéi déi aner Leit och, an dat wier jo och zimlech langweileg, et gi just eng Rei Saachen bei deenen et gudd wier, wann een sech géing e bessen drun haalen. Den normalen Internet User erwaard sech eng Navigatioun entweder vertikal lénks oder horizontal uewen ennert dem Header, nemmen bei engem Blog huet et sech agebiergert d'Navigatioun riets ze maachen. Okay, dat hei ass ee Blog, an géint deng Blogroll soen ech jo och näischt, mee dass de deng Haaptnavigatioun uewen riets an den Eck setz ass e bessen schlecht. Géint Erwaardungen vum Internetuser ze designen kann zwar ganz interessant sin, ass awer nemmen bei kënschtleresch orientéierten Säiten ubruecht. imho

    Fir däi Kommentar zu mengem Podcast soen ech der merci, ech wärt deng Virschléi probéiren, ech sin na nei an deem Beräich an dankbar fir konstruktiv Kritik.
    E bessen an déi selwecht Richtung hätt deng Kritik hei vun de Blogs eventuell och kennen goen, well soen, dass de villäicht och e positiven Aspekt erfier hierws, du soos jo elo och zum Beispill, dass d'Idee hannert GuG net sou schlecht ass, dat häss de villäicht och kennen an denger Kritik soen an net nemmen drop pochen, dass en seng Verspriecher soll erausschneiden, och wann dat natirlech net schlecht wier. Zum Beispill kéinnt ee soen:
    „D'Idee vu GuG deenen däitschen Podcast Fans Lëtzebuerg méi no ze bréngen, ass zwar relativ interessant a luewenswert, allerdengs stécht de Podcast zum Deel nach an de Kannerschong. Sou wier et dem Moderator unzeroden, seng Verspriecher erauszeschneiden, an sech eventuell besser firzebereeden – ech hun deelweis d'Impressioun, de Moderator wéisst net wat en als nächst soll soen. Dee Probleem kéinnt en ganz gudd vermeiden, wann en sech firdrunner e puer Notizen géing maachen an déi an där Reienfolg uerdnen, an där e well driwwer schwätzen.” Dat kléngt dach besser ewéi: „Gedanken und Geschichten aus Luxemburg – GuG ist -r-e-l-a-t-i-v- schlecht. Gebt dem Typen einen Tag Radioausbildung! Gebt ihm ein Schneidprogramm! Und gebt ihm den Tipp, sich vorzubereiten! Das Hören tut richtig weh.“, oder? Kritik kann eppes härlech guddes sin, mee deelweis hun ech dat Gefill, du häss e bessen e schlechten Toun erwecht. E klengen Tipp: vermeid d'Ausrufungszeechen, dat wierkt iwwerhiewlech an domatter provozéiers de déi betreffend Leit nemmen onnéideg. Bei konstruktiver Kritik ass et och ni schlecht een Tipp ze gin, wéi een et eventuell kéinnt anescht maachen, sou wéis de dat och bei mengem Podcast gemaach hues. Einfach ze soen „dat ass schlecht!” kennt net gudd un bei de Leit.

    Also huel dat hei als konstruktiv Kritik wéis de deng Kritik e bessen méi fein kanns schreiwen. :-) (Hm, eng konstruktiv Kritik iwwer Kritik… dat kléngt e bessen komesch. :-))

    Mir schwätzen iergendwéi laanschteneen färten ech. Also wat ech wollt soen war, dass et am freege.blog vill Anträg gin, déi deelweis e gewessent Insider Wessen verlangen, deen Antrag iwwert seng Klassefriess zum Beispill ass wuel nemmen witzeg wann ee wees vu wéi engen Persounen do rieds geet. An och iwwert déi Szenen mam Feieralarm kann ee wuel nemmen laachen, wann ee selwer eng Kéier am Schuman war oder nach emmer ass, an déi sellechen Pannen mat Feieralarmen kennt. :-) Et ass do natirlech ganz kloër, dass een deen ni am roude Lycée war, esou eppes langweileg an total oninteressant fennt. Allerdengs muss ech soen, dass mer deen Deel iwwert de freege.blog scho besser gefällt, wells de do och eng Alternativ gess, wéi en dee Post iwwert di Blénkbännecher nach hätt kennen schreiwen. Wanns de eng Alternativ proposéiers, kann déi betreffend Persoun sech vill besser firstellen wat se eventuell hätt kennen besser maachen a bäiléiren, oder e kann décidéiren, dass seng Versioun awer déi besser war, dat ass um Enn natirlech him ganz aleng iwwerloos.

    Okay, merci fir dee Cours zu HTML, alt nees eppes bäigeléiert. :-)

  17. mix

    Hmm, bei 'private' oder 'friends only'-Blogs muss een sech emmer e bessen aliesen, dowéinst ass et wichteg, dass do d'Sprooch och gudd ass an et sou interessant mecht et ze liesen.
    Et kann een jo vun ganz witzegen Saachen schreiwen (an wann et och insider-witzer sin) mä wann een et net interessant ausdreckt huet keen Loscht et ze liesen, wann een allerdengs gudd schreiwt, mecht et dem Lieser och sou Spaaß och wann en dei eischte Keier nach net alles versteet.

    Dei eischt Zeit wou ech dese Blog gelies hun, hun ech och nemmen d'Halschent verstaan (mat all deenen Witzer mam Comme an deenen Leit wou ech net kannt hun) awa deen intelligenten ( ah Joël ech gesin dein Ego schon rem wuessen) Schreiwstil huet mech um liesen gehaal :)

    mix

  18. gilles

    Sou, nodeems ech dann am Forum gesin haat dass eng Kritik iwwert all dei Schein Blogs hei ze fannen wär war ech der Meenung ech sollt mech och dozou äusseren! Also ech hun dei aaner comments net gelies an et kann sin dass ech Saacehn widderhuelen…

    Lossen mer unfenken: et ass net GEN.5 mee et ass den Freege.org Blog wei den sepisultrum (Raff sich der mol mei en einfachen Nick w.e.g) schon soot get et Freege selwer schon en puer Joer, mee ass reischt seit neiesten am neien Design online

    Ech benotzen keen WordPress mee eng vun mir ungepassten versioun vun Simplog wei et am about vermierkt ass!

    Zum Thema Inhalt: Falls et net obgefall sollt sin, Freege.org soll Spass man, an et mach sin dass een deen mech net kennt net d' Ironie rausliest dei ech heinsdo benotzen z.B dei Kritik mat der Therapie…

    Zum Thema Blinkedinger: Mech interesseiert et net waat d'Schüler domadder man, vill mei interessant ass et fir mech waat dei Leit dei eis wellen ob eppes obmierksam man, eigentlech dat ganzt wirklech onprofessionel obgezun hun!

    BTW, deng Idee gefällt mer fir eng Kritik iwwert Blog ze schreiwen, mee ech schreiwen och heinsdo Kritken iwwert Websites oder esou, an ech setzen einfach schon direkt emmer och dran, dass ech nie geif behaapten dass ech et besser keint, emmer nemmen Tipps…

  19. 4248 wieder, mir sin wierklech net schlecht. Wann mer geiefen eis literaresch ergess buendelen da keine mer scho bal e Buch schreiwwen ;).

    Also Joel ,ech well der wierklech net ze no trieden, mee ech mengen du hues lo gemierkt dass de ville leit op d'feiss getreppelt bass mat denger kritik, also w.e.g. fuer weider mat denge kritiken, mee probeier dach och mol dei gudd saachen erfierzehierwen. Eng kritik ass nun eben mol normalerweis net sou eesaiteg.
    Ech hoffen dass du dech net vun der sougenantener "bloggerszen" oofwaends mee lies roueg weider eis bloggen, ech waert och nach weider dain liesen. (Och wann dier dat net gefaellt :))
    Domatter hun ech mengen ech vu menger sait alles gesoot.

  20. Daniel

    Lo wees de mool weinstens dass de net deen Eenzegen bass.
    An ech fannen dass de net solls aaner Blogs schlecht maan.
    Well wees de, an dengem Blog steht jo och net sou vill ineressantes dran.
    Du keins jo och drop hinweisen dat et nach anner Blogs ginn, ouni iwert se ze lästeren wei een hung.

    Du keins roueg bessi mei fain sinn mat anneren Lait, wanns de eng keier Minister bass dann kanns de mengentweegen iwert dei Minabel schicht ennert der meckeren.
    Awer net an denger Positioun, well sou wait komm bass de na net.

    An nach sou nierwenbai an deem Land waat sech deng Heemescht nennt schwäzt een och Lezebuereg an net Daitsch, also seit 60 joer rem.

  21. Fireball

    Thierry: Du hues deelweis scho Recht, mee et kann en d'Leit och heinsdo e bessi treppelen. Et dauert ongefeier 3-5 sek. mei fir d'Navigatioun ze fannen, wenn sech dei Zait net well huelen, ass – daat ass erem iwerhieflech mee daat ass einfach esou – falsch ob menger Sait. En Blog brauch einfach seng gewessen Zait.

    Jo, meng Kritik wär batterbeis an voller Sarkasmus. An ech sin de Leit op d'Feiss getreppelt. Daat muss och heinsdo mol sin. Ech gin der Recht, ech "hätt" kennen mei fein sin. Mee muss en dann emmer fein sin? Elo sin ech et *g*

    Kritik zu dengem Podcast: emmer rem gären.
    Okay, lo hunsch daat mam freege.blog verstaanen. Mat "friends only" hun ech eigentlech eng Funktioun gemengt, wou en verschidden mei privat Posts verstoppen kann, sou daat nemmen bestemmen Leit se liesen kennen (bei livejournal ged et daat zB.) Do hu mer wirklech lanschetneen geschwaat. Virun allem huet den freege.blog op mech gewierkt wei eppes neies, wou d'Themen sech reischt wärten rauskristalisieren.

    gilles: lo wees ech wou dei vill Leit hierkommen! Schoued daat en de Forum net liesen kann, wann en keen Account huet – lo muss ech mech rem eng Keier unmelden, daatassdaachfirverrecktzegindaatugemelds. Dir gleft net, waat fir witzeg Google-Referer dir verpasst!

    Okay, Sorry weinst der Saach mam Numm. Ech hun schon erkannt daat dat mat der Therapie soll ironesch sin. Ech hun et just net witzeg fonnt. (Okay, daat ass rem en aaneren Problem)

    Blinkedinger: Ech denken do därf en Ursache an Wirkung net trennen. Well nemmen "opmierksam" maachen wollte se eis secher net – do haaten se schon aaner Methoden, dei och schon mei laang ze gesin waren. Plakater, asw. Hass de dei net gesin? Also menger Meenung no war daat ganzt einfach nemmen eng iwerflächlech Aktioun, mat denen Souen hätt en besser gehaat, d'CFl ze subventioneiren.

    Lo kennt rem den iwerhieflechen Deel: No et puer Joer Blogerfahrung, no vill Kontakt mat aaneren Blogger leiert en einfach e puer Saachen. Vun dohier mengen ech behaapten ze kennen, ech wier besser wei dir, dei dir nach "Anfänger" sidd. Ouni daat dat elo beis gemengt ass, mee wann en bis eng gewesse Routine kritt, ged en eben emmer besser. Ech well ierch jo net rofmaachen, an et ass och net main Ziel, ierch ze demotiveieren.

    Raf: Ja, ech war ze eensaiteg. Mee heinsdo muss daat och sin. Das Leben ist kein Ponyhof. Waat net hescht, daat är Bloggen all fir op d'Sidec sinn an dir net sollt weidermaachen. Am Geigendeel.

    Daniel: Lo mecker mol net esou vill hei. En Minister därf iwert aanert Leit meckeren, en normalen Mensch net? Waat ass daat dan fir eng Logik? De Juncker ass kee Pond mei wärt weis du an ech an hien ass och keen mei wertvolle Mensch wei mir zwee. An mir zwee därfen genausouvill meckeren wei hien.
    Meng Positioun? Meng Positioun ass menger Meenung no gudd genuch fir e bessi iwert Leit ze meckeren. Et ass jo net beis gemengt gewierscht.

    Ja, du häss gären, ech soll op letztebuergesch schreiwen, ne? Ech geif am leifsten op englesch bloggen. Well mech do dei meschte Leit verstoe geifen. Leider ass main englesch net esou ausgereift, fir domadder komplizeiert Gedankengäng, Ironie, asw. auszedrecken.
    Ausserdem ass Letzebuergesch fir mech eng Bauresproch, dei net ombedengt fir "Literatur" geegent ass. Waat net well heschen daat ze schlecht ass oder net ze gebrauchen oder ech mech fir se schummen, mee et ass einfach nunmol esou, daat eis Zaiten, Vokabelen, asw. feelen, fir verschidden Saachen auszedrecken. Och dofir huelen ech Daitsch. Ausserdem ass Nationalismus plöd.

  22. Heftig, heftig – ich glaube es ist ganz gut, dass ich kein luxemburgisch verstehe!

  23. Fireball

    Och Gottchen, wann ech franseich geif schreiwen, dann wiers de dach genau esou komm mat dengem "schreif letzebuergesch!"
    Ech verstinn dain Problem net. Wiesou därf ech net op der Sproch schreiwen, an där ech Verhältniss "Qualiteit vum Ausdrock/Greisst vun de Lieser" fir mech am Optimalsten ass?
    An du schengs jo richteg gudd iwert mech an dei Saachen dei ech schreiwen Bescheed ze wessen. Awer selwer keen Link ungin.

    Wiesou schreifs du officiel mat Gänsefüsserscher? Wells du domadder iren ausdrecken, daat en Minister inofficiel mei Recht huet wei aaner Menschen?

    Ah jo, mir sin net zu vill, an dofir muss ech ierch ennert d'Arm graifen an ierch hellefen? Ech hun just meng Meenung gesoot. Daat därf en opfassen wei en well, an dei mescht Reaktiounen sin – wann och reischt no Diskusiounen – positiv. Daats du dech beis ungegraf an beleidegt ze fille schengs, daat lait wahrscheinlech un dengem Ego.

  24. Daniel

    Dann schreif Franseich daat verstinn mie leit op der Welt,
    an fir daat waas du vun der gess wär et op allefall duergangen.

    En Minister huet "officiel" och net mei rechter, an en dierf och net mei wei aaner menschen.
    Mee ass jo amfong nach eegal, wollt domater soen dass de besser häss bessi mei fein iwert anner Blogs ze schreiwen.
    Mir sinn jo hei ne zu sou vill, dann muss een jo net 90% dofunner alls schlecht, onraif an ech weesnetwaat duerstellen.

  25. daniel

    ech fannen et sollt een sech enner d ärm graiffen
    ganz genau

  26. gilles

    Okay, lo muss ech schon erem mech hei mellen: Joel komm vun dengem heigen Ross erow… eierlech! Kenns du een vun eis?! Wees du weieng erfahrungen dass du gesammelt hues? Vlait gett et DEIN Blog schon mei laang, mee wouhier wells du wessen ob nach nie vun eis een en Blog haat? Wouhier wells du eis Referenzen kennen?

    Du stells dech leider hei wei den King duer… An natiirlech kanns du alles eenseiteg betruechten an machen waats du wells… mir fir mech perseinlech zeugt daat net vun heischem Niveau?

    Firwaat een sech muss unmellen ass alt erem am about vun der Freege Blog erklärt, an ganz eierlech, ass et kompetent eng Kritk ze schreiwen wann een sech net wirklech mat eppes beschäftegt huet? Fannen net… Denk w.e.g doriwwer no…

    Merci

    (Mach sin dass ech och elo en bessen iwwerhieflech war, mee et mecht mech einfach rosen sou Saachen…)

  27. Fireball

    Du muss dech mellen? Ween zwengt dech dann dozou?
    Ech sin net de King. Ech sin och net perfekt. Ech wees och net, waat dir virun denen jetztegen Blogs gemaach hudd. Daat hun ech och nie behaapt, oder?
    Ech denken net, daat dain Forum eppes mat menger Kritik iwert dain Blog ze din huet – ausserdem war dei Bemierkung mat den Google-Referen ironesch gemeng. Schued daas du daat net erkannt hues.

  28. […] ich so zurà¼ckdenke… Wer hà¤tte vor zwei Jahren gedacht, dass wir mal Freunde werden? Gottseidank sind wir uns beim, wenn schon nicht auf dem Weg […]

  29. […] ziemlich beliebt bei den Leser_innen, so dass es sogar eine vorgelesene Version gibt. Nach meinem Rant über die luxemburgische Blogosphäre nahmen mich die Eingeborenen gut auf und wählten mich zu ihrem König. (Oder so ähnlich.) *fucker […]

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert