Es ist wieder mal soweit. Freitag Abend, ich befinde ich mich irgendwo weit draussen in der unheimlichen Nacht in Luxemburg und nehme Geräusche um mich herum auf, um sie später zu verwursteln oder mich einfach nur zu wundern, wieso um alles in der Welt ich sowas aufgenommen habe. Interessant ist es auf jeden Fall.
Interessant dürfte auch die exklusive Erstveröffentlichung meiner Podcastserie, die parallel auch im Radio läuft, sein. Die neuste Folge von Angscht a Schrecken zu Letztebuerg – Fear and Loathing in Luxembourg beschäftigt sich mit der Suche nach dem berühmt-berüchtigen Rastamann. Wie gewohnt gibt es jetzt nur den Text, mit Musik gibt es die Serie bloss im Radio zu hören. Deshalb gilt es am Montag von 16-17 Uhr: Radio ARA (103,3 & 105,2 MHz oder per livestream) einschalten und Crumble hören!
Angscht a Schrecken op der Sich nom Rastamann (mp3, 3,58 MB)
Unter „Mehr!“ gibt es wie immer den gesamten Text zu lesen. Auch will die Frage nach dem Bedürfniss einer deutschen Übersetzung der Serie noch einmal wiederholen.
Angscht a Schrecken op der Sich nom Rastamann
Et huet en jo heinsdo, daat en Leit begeint, die engem vague bekannt virkommen. Ech begeinen relativ oft esou Leit. Oft kucken dei mech awer net an soen och net Moien, also kennen ech se net.
Ech hun mol d'Theorie opgestallt, daat et an eisem Liewen just en Pool vun e puer Honnert Leit ged, an de Recht entsprecht emmer engem aanerem. Wei wann en Computerprogramm duerch Zoufall geif auswielen, ob mir lo eisem beschten Kolleg begeinen oder just engem Typchen, den eisem beschten Kolleg ähnlech ass.
Well ech awer net allezvill vun „mir-liewen-all-an-der-matrix“-theorien haalen, hun ech obgehaalen, esou Gedankespillercher ze entwecklen. Ob manst, wann ech gefohr gelaaf sin, se aaneren Leit ze erziehlen.
Ech sin des lescht also och engem Medschen begeint, daat mir vague bekannt vir komm ass. Op manst vun waitem. Vun noem hun ech dun geduercht: „Ma daat ass jo mol guer kengt esou ellent!“
Dobai hätt alles kennen bleiwen. An Zaiten vun H&M an C&A gesait souwiesou all zweeten aus wei en aaneren, an die Leit, dei net esou ausgesin, gesin sech op manst ähnlech. Doriwer hätt ech mir keng Gedanken missen maachen. An doriwer, daat et net ellen waar, schon guer net. Ech hätt main Liewen esou keinten geneissen, wei et waar. An ech hätt daat Medschen no op manst 2 Stonnen komplett vergiess gehaat.
Mee et sollt alles anescht kommen.
Hat huet mech gekuckt an soot „Moien!“
Iert main Gehir irgendeppes konnt dogeint maachen, huet main Mond schon reflexarteg geäntwert:
„Moin!“. Net gaanz haart, an och e bessi ze speit. Mee op manst haat ech och Moien gesoot.
Ech denken, irgendwou zweschen Mond an Gehier ged et en Organ, irgendeng Drüs, dei fir esou Fäll zoustänneg ass. Sie leist eis „Moien“ soen, iert mir iwerleen. An op d'Fro „Wei geht et?“ leisst se eis en „Gudd, a bei dir?“ erausrutschen, iert d'Fro bei eis am Gehir unkomm ass.
Wahrscheinlech huet just nach keen die entdeckt, well se irgendwou an engem Eck zweschen Gehier an Mond verstoppt ass.
Ech sin dun e puer Schreck weider gaangen an dun huet et ungefaangen an mengem Gehier ze ratteren. All Zännriedschen an mengem Kapp huet sech an Bewegung gesaat an ech hun mir verzweifelt d'Fro gestallt: WEEN waar daat? An virun allem: WOUHIER kenns du daat?
Ech wosst vun virereran, daat ech net geif drop kommen. Mee genausou wei ech reflexarteg „Moin“ gesoot haat, sou hun ech och missen doriwer nodenken, ween daat wuehl wier.
Waat mech erem op een gaanz aaneren Gedanken bruecht huet. Ech hun missen un dei vill Reaggelidder denken, wou emmer vun engem Rastamann gesongen ged.
WEEN ass daat? An wiesou sangen se emmer vun deem? Leeft den eigentlech och rondrem?
Vlait geif ech dem jo och eng Keier begeinen. An hien geif mir och „Moien!“ soen, an ech geif mech durno och froen: WEEN der Daiwel waar daat?“
Daat wier jo quasi de Fehler vum Liewen. Daat ass wei wann en virun 2000 Joer dem Jesus och just „Moien“ gesoot hätt an weidergaangen wier. An domadd d'Chance verpasst hätt, en Hellegen ze gin. Oder sou.
Waat sollt all dei Angscht an de Schrecken op der Sich nom Rastamann? Endweder begeint en em eng Keier, oder eben net. Ech denken net, daat en daat beanflossen kann. Vlait gesin ech en jo eng Keier an zielen dovunner…
(Wer es wirklich geschafft hat, den Artikel bis hierhin durchzulesen, dem kann ich auch verraten, dass dies hier ein Zeitbombenpost ist. Auch wenn ich am Montag gestorben sein sollte, wird dieser Eintrag noch erscheinen. Ein netter Nachruf, wie ich finde ;-) )
Fier déi vun dir genannte Reflexer zeechent IMHO iergend eng abstrus mental Konstruktioun, déi ënner Aanerem aus eisem Ënnerbewosstsein an eiser Erzéihung besteht, verantwortlëch. Vermutlech ass et déi nemlecht "gudd Erzéihung" (aka "Drill"), déi eis dovunner oofhält, d'Gespréich mat engem "Ech hu keng loscht mat Iech ze schwätzen!" (an aanere Kulturkreesser och nach "Haal d'Maul!"). Et kéint natierlech och eisen Iwwerliewensinstinkt sin (oder ee Mechanismus, dee verhënnere soll, dass eisen ongeléiwte Gespréichspartner duerch eis Bekundung, dass mer a Rou gelooss wëlle ginn, réischt sou richteg kéint dozou verleed ginn, eis vun der Noutwendegkeet, säin iwwerleegenen Intellekt anzegesin, ze iwwerzeegen).
Spéitsens hei zuelt et sech aus, wann een Portugiesesch, Russesch oder Schwedesch kann. De Versuch, säi Géigeniwwer mat enger Standpriedegt op Chinesesch oder Japanesch oofzeschmetteren, dierft vermutlech opgrond vu liicht "onasiatesch" wierkende Gesiichtszich fehlschloen.
Wann een keng Friemsproochen kann (oder wëll) schwätzen, da kann een emmer nach dat maan, waat ech lo man: aschloofen.
gudd Nuecht
Pascal