Übersicht über sämtliche „Angscht a Schrecken“-Folgen
Es ist mal wieder so weit. Angscht a Schrecken on the Air. Diesmal geht es, wie könnte es anders sein, um unseren Freund Billy Corgan, der am letzten Donnerstag als Sänger der Smashing Pumpkins in der luxemburgischen Haupstadt aufgetreten ist. Im Vorfeld des Konzertes habe ich mir so meine Gedanken gemacht, was denn so passieren könnte. Und das war nicht gerade wenig.
Angscht a Schrecken mam Billy Corgan (mp3, 4,41 MB)
Das ganze gibt es wie immer auch mit Hintergrundmusik und furchtbar tollem Jingle auf Radio ARA zu hören. Und das heute in der Sendung Crumble. Das zwischen 16 und 17 Uhr. Und heute gibt es, wie Thierry schon so schön angekündigt hat, einen weiteren Grund, einzuschalten. Nämlich werde ich mit Thierry ein wenig über Blogs und Podcasts reden, ausserdem wird sein Podcast „Bouneschlupp“ Premiere „on air“ haben.
Es heisst also einschalten, heute zwischen 16 und 17 Uhr auf Radio ARA, 103,3 und 105,2 MHz oder per livestream.
Den Text der Episode findet sich wie gewohnt unter „Mehr!“.
A&S Podcast Feed ¦ A&S in iTunes oder anderem Podcatcher abonnieren ¦ A&S im iTunes KatalogDe Billy Corgan ass de Sänger vun de Smashing Pumpkins. An déi sin wéi vill Leit secher matkritt
hun, deslescht am Atelier opgetruden. Comeback, Konzert, Europatournee an esou weider.
Wann en wees daat den Billy Corgan en komeschen electro-soloprojet haat, kann en verstoen, daat
vill Leit gezweifelt hun, wéi se heiren hun, dass d'Pumpkins erem do sollten sin.
Ongefeier eng Woch virum Konzert hun ech ugefaangen, mir Gedanken ze maachen. Ech wollt
onbedengt eng bestemmten Lidd mam Titel „XYU“ heiren. An et waar zu dem Zaitpunkt nach net
secher, ween dann lo ausser dem Billy Corgan an dem Jimmy Chamberlin, dem Batteur, Deel vun
der Band wier. Ech haat also verschidden Horror-Virstellungen:
Waat wier, wann de Billy geif op d'Bühn kommen an geif soen: Et deet ma Leed, ech hun keng
Band zesummen kritt, an dem Jimmy ass et haut furchtbaar schlecht. Dorobbs hin geif deen op
d'Bühn kommen an katzen, fir och den leschten ze iwerzeegen, daat hien op keen Fall kéint en
Konzert spillen. De Billy geif dann ufänken, Lidder aus sengem komeschen elektro-soloprojet ze
sangen. Dobai seiz hien komplett an enger schwarzer Kescht, wou just sain Kapp geif erauskucken.
Am Virfeld waar ugekennegt, d'Smashing Pumpkins geifen drai Stonnen laang spillen. Drai
Stonnen. Am Atelier. Den Atelier ass furchtbaar kleng. Den Atelier waar ausverkaaft. Am Atelier
ass no enger Stonn Konzert baal keen Sauerstoff méi. D'Smashing Pumpkins sollten drai Stonnen
laang spillen. Rocken. Ofrappen, souezsoen.
Ech hun mer virgestallt, daat den Konzert den leschten am Atelier iwerhaat wier. No enger Stonn
wier keen Gedrenks méi do, well d'Leit probéiren geifen an der tropescher Hetzt duerch Drenken e
bessi Flessegkeet opzehuelen, iert se se erem geifen erausschweesen.
D'Toiletten wieren ebenfalls no kuerzer Zait verstoppt, sou daat et eng Iwerschwemmung geif gin.
Den ganzen Budem geif no an no mat engem dennen Film aus Wasser an Schwees geflut gin, op
dem d'Leit permanent geifen ausrutschen.
Duerch daat villt Wasser geif d'Elektritizeit am Atelier no an no Kuerzschless hun. Op der Toilett
geifen just nach Fonken fleien amplaatz vun Luuchten an Schalteren. No enger gewesser Zait geif et
am Konzertssall ähnlech sin, an verschidden Leit geifen mat brenndenen Hoer durch d'geigend
laafen, ouni meiglechkeet zur Flucht, well de ganzen Atelier voller Leit wier.
Duerch déi vill Fonken geif den Daach vum Atelier ufänken mat brennen, an den Stärenhimmel geif
sech iwert den rechtlechen Iwerliewenden, inklusiv Billy Corgan an Band opdoen.
Nom Concert geifen d'Iwerliewend mam Helikopter vun der Air Rescue respektiv vun der Arméi
gerett gin. Den Atelier wier durno Sperrzone an dirft fir 20 Joer vun kengem Mensch méi betratt
gin.
Daat waar eng aaner Horrorvisioun. Ech hun mir allerdengs och virgestallt, waat geif passéiren,
wann ech main Song-Wonsch geif härt an de Raum blären. Nodeems ech ganz härt „EX WHY
YOUUUU“ gebläärt hätt, wier et ganz roueg am Sall.
All Mensch geif op mech kucken.
Den Billy Corgan geif sain Plektrum faalen lossen, waat en extrem gudd geif heiren.
Durno geifen em Haaren an d'Fliliken wuessen, hien geif soen: I am the Devil. Ech geif dovunner
awer naischt méi matkreien, well en Bletz hätt mech getraff oder ech wier an en deift feiergefelltent
Lach gefall, daat sech ganz spontan opgedoen hätt.
Mee iert et zu esou Reaktiounen sollt kommen, hun ech jo virdeischt mol missen op den Konzert
kommen. Ech waar relativ frei do, ongefeier 3 bis 4 Stonnen ze frei. Den Bus an den Camion vun
de Pumpkins stoung awer schon virum Atelier. Do stoungen och e puer Aarmer, déi keen Ticket
kruut haaten an elo en schwaarz ofkaafen wollten. Waat hinnen awer net wirklech gelongen ass, sou
wéi ech daat matkruut.
Ech sin dun an déi verschidden baren vun der berühmt-berüchtegter Hollerscher Stross gaangen an
hun mech moralesch op den Concert, op dem ech durchaus hätt keinten stirwen, virbereed. Vir nach
eng Keier drun ze erenneren: d'Hollerscher Stross ass fir Letztebuerg daat, waat Las Vegas fir
d'USA ass. Just bessi méi kleng an ouni waiss Tigeren. Mee Angscht a Schrecken fennt en héi un
all Strosseneck.
Irgendwann hun ech dann awer och nach giess. Daat mat e puer Mellen Englänner, déi zwar och
alleguerten op den Concert wollten, mee iwerhaat net esou nervös waaren wéi ech. Se hun sech
nämlech relativ vill Zait geloss mam Iessen, obwuehl den Konzert zu all Moment hätt keinten
ugoen. Ech sin emmer an emmer méi nervös gin. Ausserdem waaren déi Leit wirklech alleguer e
bessi mell an ech hun et mat der Angscht ze din kruut.
Ech hun mir virgestallt waat alles keint passéiren. Keng Band, déi total Katastrophe an d'Enn vum
Atelier, den Billy Corgan, den an wirklechkeet den Daiwel waar…
Ech hätt och keinten doud-ge-poggt kennen gin. Angscht a Schrecken sin mir wéi Figuren aus
engem ellenen Drogentrip d'Been eropgeklommen an hun sech eng Entree zu mengem Kierper
gesicht. Elo hun ech mir gewenscht, ech wier op engem ellenen Drogentip. Daat wier
wahrscheinlech manner schlemm gewierscht.
Irgendwann sin mer dun endlech vum Desch opgestaanen an an den Atelier gaangen.
An do sollt alles anescht kommen, wéi ech mir et virgestallt hun. Et muss jo net emmer alles
Angscht a Schrecken sin.
Der vollständigkeitshalber hier auch nochmal : respekt hat mir gut gefallen die radiosendung
Den Atelier Sperrzone fir 20 Joer :D Wann ech dann d'Pensioun hunn trauen ech mech vläicht mol rëm eng Kéier do eran. Bis dohi ka mech den A vläicht net méi sou séier an Angscht a Schrecken versetzen.
Deng éischt Horrorvisioun hunn ech nämlech och scho gehat. Dat ass awer scho méi laang hier. Wéi ech mer d'A(telier)pokalyps (ech mengen et war op engem Concert vum Neneh Cherry) virgestallt hat, hätt ech bal e Gelübde ofgeluegt ni méi ee Fouss an dat Gebai ze setzen.
Et war awer grad sou gutt dass ech dat net gemaacht hat, ech hätt dat Gelübde nämlech misse briechen fir Kraftwerk live zu Lëtzebuerg ze erliewen. Dee Concert war zwar net sou schlecht, mä d'Konditiounen am Atelier haten sech bis dohin awer nach ëmmer net gebessert.
Ech fannen déi Wierkstätt einfach SCHAPPeg an dass nach ëmmer gutt Bands an Artisten dohinner Concerten ofHALe ginn wou mer dach mëttlerweil eng Rockhal hunn ass fir mech net ze verstoen.
Ateliers-Conditiounen fënnt een natierlech och op anere Plazen, sou erënnert mech den A z.B. un de Londoner Marquee. Mä London ass eben eng Weltstad an Hollerech just Suburb vun der Stad. ;P
Just for the record: A&S ass ironesch.
Ech fannen den Atelier eng vun denen beschten Plaatzen fir Conceren héi am Land. Graad, well en net esou grous huet, an eng Atmosphär huet.
Wann en net graad ausverkaaft ass, kritt en normalerweis nämlech Loft. Méi flott wéi d'Rockhal ass en allemol, an och huet de Mangement eng méi drop; emmerhin kommen déi grous Acts an den Atelier oder ob Atelier-Events an der grousser groer Kescht.
An der Rockhal ass et just witzeg ze gesin waat d'Kenschtler iwert eis ellen Konzertskescht soen. (Nick Cave: Ech hoffen et hellt en mech mat heem. Ech well nämlech net hei schlofen mussen.)
Ech hun bei de Pumpkins esouguer richteg gudd Loft (an Wasser) kritt. Daat engt vum Ventilator op der Bühn, daat aanert vum Security virun eis.
also ich hörs mir grad an aber ich versteh leider nur jedes vierte wort!
Dass A&S ironesch ass hunn ech matkritt :)
Ironesch fannen ech awer och wéi de Management vum A mat der Sécherheet vu senge Clienten ëmgeet. Ech fannen et eben net (méi) witzeg wann eng Hal einfach iwwerfëllt ass, nëmme well den Organisator säi Profit maximiséiere wëll.
Dass de Management vum A eppes drop huet, dat bezweiwelen ech iwweregens net, grad eben well si sech jo net just op hire Schapp beschränken, och wann d'Motivatioun vum Organisator fir entzwousch anescht spillen ze loossen (z.B. op engem Feld) wahrscheinlech mat der Zuschauerzahl wiisst ;->
Ech wollt mat menger Kritik um A am Fong just zum Ausdrock bréngen, dass ech mëttlerweil léiwer op ee Concert verzichten, wéi dass ech dowéinst eng Situatioun akzeptéiere géif déi menge Standards vu Sécherheet a Confort net entspriechen. Ech si jo sou fräi selwer ze entscheeden ob ech mer dat undoen oder net.
Natierlech sinn all di aner Leit genausou fräi, meng Standards a Fro ze stellen. Vun dohier kann den A mengetweegen sou vill Zuschauer eraloosse wéi e wëll, ech wënsche jidderengem vill Spaass dobäi an hoffen dass se herno glécklech an zefridden op dee Concert zréckblécke kënnen.
Zum Nick Cave an der Rockhal: ech hat dee Concert dommerweis verpasst, hunn duerno awer och Kritiken driwwer gelies an héieren. D'Rockhal ass nach jonk, an de Management och, déi kënne sech jo nach verbesseren. Beim A hunn ech awer meng Zweiwelen dass Verbesserungen erwënscht sinn, wann ech Joeren no mengem leschte Concert op där Plaz <a href="http://soulzeppel.in/in…">dëse (kommentéierten) Bericht</a> liesen.
Sorry fir de Link, wousst net dass däi Blog Code am Comment net als solchen erkennt.
An dann hunn ech nach vergiess ze soen, dass ech och scho flott Concerten am A erlieft hunn, allerdéngs nëmmen wann net "ausverkaaft" war.