Podcast: Angscht a Schrecken op mengem eischten Metalfestival

Diese Woche geht es um meine erste Erfahrungen in der Metal-Szene, genauer: um mein erstes „Metal-Festival“, den „Circle of Death“ und ähnliche Schreckensgeschichen.

Angscht a Schrecken op mengem eischten Metalfestival (mp3, 5,36 MB)

Das ganze gibt es wie immer auch mit Hintergrundmusik und furchtbar tollem Jingle auf Radio ARA zu hören. Und das
in der Sendung Crumble zwischen 16 und 17 Uhr auf 103,3 und 105,2 MHz oder per livestream! Den gesamten Text kann man mit Klick auf „Mehr!“ lesen.

A&S Podcast Feed ¦ A&S in iTunes oder anderem Podcatcher abonnieren ¦ A&S im iTunes KatalogEt ged jo fir alles eng eischten Keier. Esou sin ech och virun Joeren fir déi allereischten Keier op en
sougenannten Metalfestival gaangen. Wann en sech do lo eppes wéi Wacken oder den Summerblast
virstellt, muss ech daat ganzt vlaischt besser definéiren. Et waar nämlech an engem Kaff, daat seech
Beschdref nennt an huet „Rock d'Scheier“ geheescht. Et huet och net wéi zum Beispill de Wacken e
puer Deeg gedauert, mee nemmen en Owend.
En Festival waar et wahrscheinlech just dodurch, daat e puer Bands hannertneen gespillt hun.
Irgendwann am Laaf vun dem Daag huet mech eng SMS erreescht, mat der simpler Fro. „Wells du
mol eng Keier op en richtegen Metal Konzert?“. Jo, deemols, also an menger Jugend, zu der Zait,
wou ech nach net Gonzo-Journalist waar, gouf et och schons SMSen. Wobai daat jo eigentlech eng
falsch Teminologie ass, iwert déi keen sech je opreegt. SMS heescht eigentlech „Short Message
Service“. Wann en also seet „Ech hun eng SMS kritt!“ ass daat op 2 Manéiren falsch. Wann en den
Service kritt hätt, misst en soen „Ech hun den oder en SMS kritt!“. Wann en awer den Message kritt
huet, misst en soen „Ech hun en SM kritt!“. Do wier et awer och schon baal méi einfach ze soen
„Ech hun en Message kritt“. Waat verschidden Leit jo och einfach maachen.
Ech wollt och lo keen linguistesch-techneschen Streit opbriechen. Mee heinsdo ass et netzlech, sech
un gewess Saachen ze erenneren.
Ech hun ob den Message also voller Freed geäntwert, natirlech weilt ech op den RICHTEGEN
Metal-Konzert an ech geif ganz bestemmt matgoen.
En klengen Moment laang hun ech mech nach gefroot, ob ech schon eng Keier op engem falschen
Metal-Konzert gewierscht wier, mee déi Fro konnt ech nemmen negativ beäntwerten. Ech waar jo
iwerhaat nach nie op engem Metalkonzert gewierscht.
Ech haat awer shcon e puer Saachen geziehlt kritt. Natirlech hun ech d'Musek kannt, mee och wann
en eng Museksrichtung kennt, wees en net, wéi sech e puer Lokalbands irgendwou an enger Scheier
verhaalen. An och waat „normal“ Metalkonzerten ugaangen ass, haat ech null Erfahrung.
Ech hun just Geschichten kannt.
Zum Beispill déi vum Circle of Death. Bei engem bestemmten Lidd geif de Sänger vun der Band
den „Circle of Death“ initéiren. Dorobbs hin geifen alleguerten d'Leit sech rondrem en Krees an der
Mett vum Sall opstellen an rondrem déi Fläch danzen. Dobai geif d'Musek sech emmer an emmer
méi op en Höhepunkt hin bewegen. Dann, bei engem bestemmten Moment geif den Sänger en
Signal gin an jiddereen geif sech mam Ielebou no vir an d'Mett vun dem Kress bewegen.
Daat et dobai zu bloen Flecken, Verletzungen, gebrachenen Schanken, bis hin zu Amputatiounen
geif kommen, wier durchaus tolléiert an deelweis esouguer erwenscht.
Déi Leit, déi mir dovunner erziehlt hun, hun daat wonnerbar an extrem flott fonnt. Ech wosst net
esou ganz, wéi flott ech d'Aussicht op gebrachen Schanken an Amputatiounen geif fannen. Virun
allem hun ech och Gerüchter heiren, daat ganzt wier eng Aart satantistescht Ritual. Waat natirlech
kompletten Blödsinn ass. Deemols waar ech mir awer net esou secher. Ech hun mech schon
zweschen Pentagrammen, Schwengsblutt, Kärzen an ähnlechem satantisteschem Krimskrams gesin.
Angscht a Schrecken sin undeitungsweis opgetaucht.
Trotzdem hun ech mech voller Freed op den Konzert gemaach. Virdeischt hun mir mol missen
Beschdref fannen, waat secherlech net déi einfachst Aufgab ass, virun allem wann en bedenkt, daat
et daischter waar an keen vun eis wosst, wou Beschdref genau wier. Irgendwou an der Brousse vum
Gutland, zweschen Miersch an Reiden, ongefeier. Mee och déi Beschreiwung waar genau genuch,
fir daat klengt Kaff ze fannen.
Wéi mir endlech do waaren, hun mir schon düster Gestalten gesin, déi eis de Wee op en komeschen
Konzert gewissen hun. Angscht a Schrecken sin méi grous gin. Sollt daat ganzt um Enn wierklech
eng vun denen berühmt-berüchtegten „schwaarzen Massen“ sin? Geif ech am „Circle of Death“
emkommen oder en Been verléiren?
Wéi mir erankomm sin, ass eis schons haart, furchtbaar haart Musek entgeint komm. Ausserdem
méi düster Gestalten.
Wann sech en Festival „Rock d'Scheier“ nennt, dann ass daat normalerweis doweinst, well en
wirklech an enger Scheier ass. An den Sall sin ongefeiher 70 Leit erangaangen. An et waaren der
ongefeiher 69 dobannen. Virun der Bühn hun d'Leit gepoggt an geheadbangt an op der Bühn stoung
en Band, déi Metal gespillt huet.
Et waar wahrscheinlech guer net esou wichteg, waat déi Band do genee gespillt huet, haaptsaach sie
waar haart.
Meng Begleedung, also déi Persoun, déi mir déi ominös SMS gescheckt haat, huet zu mir gesoot,
ech soll poggen goen. Hat wollt daat selwer allerdengs net, well haut relativ vill grous an staark Leit
virun der Bühn amgaangen waaren ze poggen.
Ech hun mech gekuckt. Ech waar weder immens grous, nach immens breed an schon guer net
staark. Ech hun un den Circle of Death geduercht. Schankenbrech. Amputatiounen. Satantistesch
Ritualer.
Angscht a Schrecken hun Pogo an mengem Mo gedanzt.
Daat ganzt huet mir geschenngt wéi eng Aart Opnahmetest. Wann en poggen geht, geheiert en
dozou, därf sech „Metaler“ nennen an sech en schwaarzen Tshirt vun enger Band kaafen, déi en
zwaar guer net kennt, mee trotzdem cool fennt. Ech wosst net, wéivill Senn daat hätt. An op mir
daat net ze vill Angscht a Schrecken wier.
An trotzdem sin ech poggen gaangen. Hei, waat waar daat eng Freed. Op an oof, drenner an driwer,
drop an dowidder. Op manst esou laang, bis ech irgendwann eng Keier um Buedem loung.
Daat huet bessi wéi gedoen, mee ech mir ass direkt opgehollef gin. Ech kruut vun allen Saiten op de
Reck geklappt, esou fest, daat ech schon baal erem emgefall wier. Angscht a Schrecken sin emmer
méi grous gin, mee trotzdem hun ech nach eng kuerz Zait laang weidergemaach.
Dun ass et mir ze vill gin. Vlaischt geing geschwen den Circle of Death kommen. Oder en
satanistescht Ritual geif ufänken. Oder soss irgendeppes extrem schlemmes geif passéiren.
Ausserdem waar et furchtbaar haart. Ech mengen et ass net wirklech em d'Musek gaangen. Just em
d'Lautstärkt.
Daat enzegt, waat elo nach bliwen ass, waar d'Flucht. Deemols huet sech déi nach am elterleschen
Wohn gemaach.


Beitrag veröffentlicht

in

von

Kommentare

2 Antworten zu „Podcast: Angscht a Schrecken op mengem eischten Metalfestival“

  1. Bei Bëschdref hun ech elo iergendwéi missten un ee Sproch vum Mario Barth denken, dat war zwar iwwer Schaffenshausen, mee passt trotzdeem fannen ech: "Das ist so'n Ort, wenn du das im Navigationssystem eingibst, sagt das Navigationssystem: fahr woanders hin." :-)

  2. Dei Zait war et jo och na keen Festival, ech mengen do bass du falsch Informéiert gin.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert