Jeder bekommt, was er verdient

Disclaimer: Es ist wieder einmal fast Nationalfeiertag. Schlagt mich, aber ich komme in dieser Zeit einfach nicht drum herum, Flames oder merkwürdige Diskusionen anzuzetteln. Und da ich keine Lust auf die Nationalismusdiskusion habe, disse ich einfach mal herum. Wie so ein Rapper.

Bekam ein Großteil des luxemburgischen Blogklumpen noch vor einiger Zeit einen langen Text für meine damalige Verachtung bzw. meine Kritik, so habe ich für das selbsternannte „Funblog“ omg.lu nicht einmal einen Link übrig. Trotzdem möchte ich den Preis für das dümmste, geschmackloseste und sinnloseste Blog des luxemburgischen Blogpreis an eben omg.lu vergeben. Ich nehme mir als A-Blogger, wobei das A auch für meinen Nachnamen stehen kann, je nach Defitionswille, des luxemburgischen Blogklumpens das Recht, dies jederzeit zu tun.
Der Inhalt von diesem „Funblog“? Alte „lustige“ Bilder, die in der Regel sexistisch oder tendenziell fremdenfeindlich sind sowie Youtube Videos. Eigentlich habe ich ja nichts gegen Blogs, in denen nur Videos gepostet werden, aber was mich stört, ist die Grundhaltung des Blogs. Sexismus, tendenzieller Nationalismus und Prahlerei mit Glanzleistungen wie 250km/h fahren und dabei den Tacho abfotographieren, weil er „1337“ anzeigt. Motto ist übrigens »Wayne interesséiert et …«, also Wen interessiert's… Zu viele, wenn ihr mich fragt. Allem Anschein nach allerdings bloss Leute, die es nicht fertigbringen, mehr als 2 Zeilen zu kommentieren.

Unterhalten wird das ganze übrigens unter anderem von Steve »DamnedFreak« Cannivy, der vor einiger Zeit sein nationalistisches Geschwafel in einem Blog namens »roudeleiw.lu« verbreitete, das mittlerweile aber eingestellt hat.

Ja, ich bin für einen erneuten Flamewar im luxemburgischen Blogklumpen. Ich kann nicht ohne. Ausserdem soll dem Flamewar eine Qualitätsoffensive folgen, oder zumindest sollen kuschelige Beiträge der Beschimpften untereinander folgen, nach dem Motto »Große böse Welt, niemand versteht uns!«, oder jedenfalls so ähnlich.

Jeder bekommt, was er verdient: Der Nationalfeiertag seinen Flamewar, omg.lu den Preis und die Leser das, was ihrem Unterhaltungsniveau entspricht. Demnächst dann wieder Gruppenkuscheln in den betreffenden Blogger-Peergroups. Wer sich jetzt beschweren will, muss dies singend tun, dann höre ich vielleicht zu.

Edit: Die Kommentare kamen dank meiner »Kommentar-Mail« schnell und es gibt auch schon ein Posting auf omg.lu, wo man den Text für den Leser, der den Klick auf einen Link nicht schafft, auch noch einmal kopiert hat. Man freut sich über den wohlverdienten Preis. Vielleicht macht ja jemand eine Award-Grafik, so wie das früher mal Mode war? Einige Leute müssen sich ja persönlich ganz schön angegriffen fühlen, so wie die Reaktionen sind. Und wie vorhergesagt gibt es schon Kuschelkommentare des omg.lu-»Staff« untereinander. Das Leben ist so schön mit Flamewars.
Edit 2 (00:41): Es ist raus. Die Jungs von omg.lu haben es herausgefunden: Ich bin ein Emo. Fast bin ich geneigt, auf den Kommentar zu linken. Leider schaffe ich es vor Lachen nicht.

43 Kommentare “Jeder bekommt, was er verdient

  1. DamnedFreak: Et kann schwätzen! An méi wéi nemmen zwee Sätz! Ech sin beandrockt! Ech hun daat mat der Ironie schon matkritt. Mee verschidden Saachen fannen ech eben einfach net witzeg. Zum Beispill déi Geschicht mam Rennen.
    Wéi kommen ech op omg.lu? Ganz einfach, iwert d'Blogbuerg (http://blog.egalwaat.lu)

    Mir waar relativ kloer, daat déi Textmengen, déi ech produzéiren, ierch normalerweis geifen ofschrecken, doweinst hun ech ierch eng Mail gescheckt. An dir wellt jo och Kommentaren, souwait ech daat verstaanen hun.

    Ech hun nie behaapt, du wiers alleng fir den Inhalt vun omg.lu zoustänneg. Et muss en eben liesen kënnen:
    "Unterhalten wird das ganze übrigens **unter anderem** von Steve…"

    Nationalistescht Geschwafel ass och nach wann et politesch korrekt ass, nationalistescht Geschwafel. Mir kennen gären doriwer streiden, waat "nationalistesch" heescht, mee ech denken, ech hun d'Defintioun do op menger Sait.

    Internet ass fraiwelleg. Ech zwengen keen, och net duerch meng Mailen, op meng Sait. Ween allerdengs eppes online setzt, muss och domadder rechnen, daat en kritiséiert ged.

    Zu dengem Post (leider ouni sexisteschen Witz, wie schued!): Ech geif der roden, alleng nemmen fir rechtlechen Problemer aus dem Wee ze goen, d'Creative Commons Lizenz, ennert déi main Text steht, ze erwähnen: http://creativecommons.org/

    Jo: Jo, ech sin en aarmen Blogger ouni Besicher (nirwebai sin 11.000 Hits/Daag och nach keng grous Leschtung) an ech hun et furchtbaar neideg, meng Meenung anonym an den Internet ze schreiwen, well mir soss keen nolauschtert. Ausserdem hun ech d'Gesiicht voller Pickelen an main Schwanz huet just 2 cm wann ech eng Errektioun hun. An ech schreiwen just, well ech et esou gail fannen, "schweier Wierder" ze benotzen.
    De rosa Brell bzw. "Mami, den ass blöööd! Den huet eppes beises iwert mech gesoot!" waar nach emmer eng adequat Leisung, mat Kritik emzegoen.

    Allgemeng: Hach, endlech erem en Flamewar. Waat hun ech daat vermesst. Emmanuel, wanna join us? :-P

  2. claude: Uhh, ech kritisiéiren ouni ierch ze kennen! Uhhhh, ech beisen! Ech "beweisen" meng Aussoen net! Uhhh!
    Filmkritiker setzen sech och net virdeischt eng Stonn mat allen denen, déi um Film bedeelegt waaren, un en Desch an diskutéiren, iert se eng Kritik schreiwen. An ech hun och net d'Gefill, daat et neideg wier.

    An ech schreiwen keen proppert Daitsch, also sin ech schon mol direkt blöd an disqualifizeiert. Yeah!

    Jo, Humor ass eng Affaire de Gout. Ech fannen Sexismus (An sexistesch sin vill vun ären Biller mat Secherheet!) an Friemen"feindlechkeet" eben net witzeg. An wann Biller vun Leit mat Turban an engem gewessem Kontext gepost gin, kann jiddereen sech sengt denken.

    Speed kills, mee daat wessen ma jo alleguerten, an doweinst fannen ech daat eben och net witzeg.

    Ech hun d'Texter vun roudeleiw nationalistesch fonnt. Faschismus hun ech nie engem Virgeworf, ass awer en interessant Stechwuert! Mee dorems ged et un sech net.

    Et ged nach keng CC fir Letztebuerg, an vue daat meng Texter op engem Server an Daitschland leien, denken ech schons, daat déi Lizenz do richteg ass, mol ofgesin dovunner, daat d'CC international gelt. An d'Urheberrechte sin och souwait ech wees an der EU relativ glaich. D'Zitat graift net méi, well den ganzen Posting "zitéiert" ass. Är Quellenangab ass an engem Mound iwregens esou gudd wéi "Google.com" als Quellenangab.
    Lo sin et schons 110.000 Hits! Ged jo emmer méi interessant.

    "Ween huet daat dann gesoot?"
    Den Jo.

    Du hues keng schweier Wierder fonnt?
    Den Jo awer anscheinend.

    Konstruktiv Kritik? Oh méi, ech haat gemengt, ech hätt déi zweschen den Zeilen verstoppt. Dir fannt se net? Dann huet en se geklaut! Also:
    Schreiwt (!) witzeg Saachen (Satir), maacht eegen Videoen, sidd manner sexistesch, hirwt den Niveau e bessi rop.

    mari: Merci fir den Hinweis!

  3. DamnedFreak: Ahjo, meng Behaaptungen sin kontraproduktiv. Wéi gesoot, daat mat der Ironie funktioneiert op 2 Ebenen. Ech soen emmer daat selwescht, du sees quasi iwerhaat naischt. Du fenns meng Kritik toppesch? Mee du hues er awer net wirklech eppes entgeint ze setzen ausser dem, waat mir souwiesou vun der kennen?

    D'CreativeCommons Lizenz hei nach eng keier: (obwuehl de Link bei mir geht!) http://creativecommons.org/
    An enzeldeeler: creativecommons punk org slash licenses slash by-nc-sa slash 2.0 slash de slash.
    Ech geif mech an denger Plaatz dorems kemmeren, aanerefalls wenken wéi gesoot rechtlech Konsequenzen.

    Jo: Ech kréien eng Emails bei Kommentaren. Natirlech ass main Post zu 100% eescht ze huelen. Ech sin iwergens net bei creative commons aktiv, mee benotzen nemmen hier Lizenz. Wann ech Leit op eng rechtlech Situatioun hinweisen (nämlech daat eng meng Texter kopéiren därf, mee d'Lizenz erwähnen muss!), maan ech daat aus renger Gentilesse.

    Du hues alles gesoot, waats de wolls lassgin? Daat war jo net vill. Du häss un sech och kéinten schreiwen "Du bass blööööd!". Daat hätt der vill Zait erspuert.
    Och dir eng wonnerschéin Nuecht!

    Allgemeng: Och wann den Emmanuel Vivier sech saublöd beholl huet, hien waar dach eng Nummer méi grous wéi d'Jongen, déi sech mat hiren Stats bretzen. (Ech bedeelegen mech awer méi wéi gären un engem Stats-Schwanzverglaich, wann et muss sin. *grins*)

  4. Ech wees net opste et schon rausfonnt hues, mais oft sin zimlech vill Saachen (op mannst daat, waat ech selwer posten) ironesch gemengt.. Sou war daat mam Tacho zu deem Moment wou ech matt Kollegen am Auto suutz zimlech spontan an deen Ablack witzeg, an ech sin net 250 gefuer mais 80 op engere Landstroos (weiste um enneschten Deel vun der Nool wuel keints rausfannen wannste richteg gekuckt haess)

    Dass verschidden Posts och no un der Grenz sin, streiden ech secher net oof. Mais dass du mir daat ganz op d'Panz dreck, ass zimlech sennfrai. Emmerhin steet bei all Post den Nickname vun deem wou et gepost huet, an bei deenen zweifelhaften Posts waert wuel net oft main Nickname stoen. Ech sin net alleng fir den Content vum Blog zoustaenneg. Mir sin zu enger Handvoll Leit an jiddfereen huet +- sain Frairaum, waat en weini post. Ech stin net op grouss Hierarchien.

    An main nationalistescht Geschwafels, war halt meng Meenung zu deem Zeitpunkt dei ech politesch korrekt formuleiert hun an wous du amfong guerkeen Recht hues et sou ze nennen. Ech hun dain Rotz hei leider net gelies (schon alleng d'Tatsaach dass du meng Blogs kenns an ech deng net, fannen ech witzeg) an dofir wees ech net, waat fir Usiichten dass du vertretts, an et ass mer amfong scheissegal.

    Am groussen ganzen fannen ech dech iergendwei armseilleg, dasste et neideg hues einfach blann duerch d'Geigend ze flamen. Dasste extra nach eng E-Mail un eis hues missen schecken, fir eis op dein Wannabe-Flame opmierksam ze maachen, ass dach eigentlech een Armutszeugnis waat ech einfach sou am Raum stoen loosen. Mais soss waert ech dessen Post wuel nie kennen liesen, well wei gesoot ech nach nie engem Post vun dir begeint sin an et an Zukunft wuel och net mei freiwelleg waert maachen :)

    Am Numm vum ganzen OMG.LU Team an sengem treien Visiteuren soen ech der awer herzlech Merci fir d'Reklamm deiste fir eis mess. Du waerts wuel och dein eegenen Post op eisem Blog kreien, mol kucken op mer iergendeen sexisteschen Witz afaellt deen passt! :D

  5. <ironie>
    Oh freck … ech sin zwar na net oft op desem Site gewiescht, mee op allefall huet en mech op de Gout vun OMG.LU bruet … An deem Senn scho mol villmols Merci! :D
    </ironie>

    Dovun oofgesin fannen ech datt zumindest dain läschte Post bessen ausgesait wi wanns de mat dengem 31337-Sp33k weils Teinen, oder wi wanns de verschidden Ausdreck wi zB "sexistisch oder tendenziell fremdenfeindlich" oder "Blogklumpen" nemmen a verschiddenen Konstellatiounen vun Sätz weils ausprobeiren …

    Ech perseinlech schätzen dech an wei wanns de deng Meenung op engem Site muss veröffentlechen, (deen laang net sou vill besicher huet/haat/wärt hun) wi dain Feindes-Site OMG.LU (deelweis >11000 Hits an engem Daag wi an engem Post ze gesin ass) wells de dech entweder am RL net traus deng Meenugn ze soen, oder ganz einfach well keen der nolauschtert …

    An deem Senn wenschen ech der nach en scheint an erfollegräicht Web-dosin :)

  6. Mein 'nationalistescht' Geschwafels waren och mei wei 2 Saetz. Vun dohier sin deng Behaaptungen zimlech kontraproduktiv. Iwwregens sees du dauernd daat selwecht, just bessen aanescht formuleiert. Dasste eisen Blog kritiseiers, ass jo schein a gudd (fir dech! :p), mais dass ech deng Kritik kritiseieren, well ech se topesch fannen, ass nach vill mei schein (fir mech an all dei aaner ^^). Leider ass et schweier, een sexisteschen Witz ze rappen, well du bass keng Fra (..).

    Den Link op deng Lizenz geet net, an ech waert mech och wuel net drem kemmeren, well dein Geschraiws ass jo och net wierklech kreativ. Dasste lauter Pickelen hues an een klengen Full, deet mer leed fir dech. Eierlech!

  7. Hm … eng Äntwert wi aus der Kanoun (oder wi wann een drop gewaard hätt)!

    Wi geiff de Yoda lo wuel soen? "The flamewar begun has."

    Also firun am Text:

    Ech sin erfreet driwwer dass de main Comment mat sou vill Ironie entgeint geholl hues … zumindest hoffen ech mol datt daat ganzt Ironie war, soss muss ech main Bedauer-Bleck lo onach auspaaken …

    mee daat deet lo guernaischt zuer Saach …

    Erklär mol just een mer fierwaat des Säit enner deem ach sou berühmten creative commons läit an sech et erlaabe kann aaner Siten (di einfach firu sech hin vegeteiren an all di domm an niveaulos Letzebuerger aus dem ganze Land unzeihen) ze kritiseiren, dann awer op eng Geigekritik direkt ufänkt di aaner op hier Rechter hinzeweisen? Di richteg smart Letzebuerger bleiwen der io souwisou erhaalen, mier filteren der di domm suguer nach gratis eraus … asech kinnt een et als Symbiose bezeechnen… just dass du vun lo uns all di domm omg.lu-Besicher och op dain Site lackels an vice versa … also hues de quasi och nach eppes vun onse Besicher … Stats!

    Ech fier main Deel hun lo alles gesoot waat ech wollt lassgin …

    Nuecht!

  8. Salut,

    > Bekam ein Großteil des luxemburgischen Blogklumpen noch vor einiger Zeit einen langen Text für meine damalige Verachtung bzw. meine Kritik, so habe ich für das selbsternannte "Funblog" omg.lu nicht einmal einen Link übrig.

    Op Daitsch geet deen Saatz leider aanescht, mee ech flamen lo keng Rechtschreibung.

    > rotzdem möchte ich den Preis für das dümmste, geschmackloseste und sinnloseste Blog des luxemburgischen Blogpreis an eben omg.lu vergeben.

    Tiptop, alles Ansichts-Saachen. Domm sinn mer allen zwee ganz secher net, mee daat war jo sws en Flame vun dir, ouni eis ze kennen, einfach mol an d'Bloot zielen, vlait trefft een. Leider net den Fall gewiercht. Geschmacklos: Jo, wann et net dein Gout trefft, dann kann ech och net doofier. Menschen sinn halt eppes eenzegaarteges an interessantes, well se sech halt ennerscheeden, dann kritiseier daat net. Sinnlos: Soubaal een sech en Andraag bei eisem Blog ukuckt, an driwwer schmunzelt, war et schon net sennlos. Dann hun mer eist Ziil schon ereecht.

    > Ich nehme mir als A-Blogger, wobei das A auch für meinen Nachnamen stehen kann, je nach Defitionswille, des luxemburgischen Blogklumpens das Recht, dies jederzeit zu tun.

    Ech klauen der en Komma an schenken der en "n".

    > Der Inhalt von diesem "Funblog"? Alte "lustige" Bilder, die in der Regel sexistisch oder tendenziell fremdenfeindlich sind sowie Youtube Videos.

    Wou hun mer dann w.e.g. "fremdenfeindlech" Saachen an eisen Blog stoen? Kannste deng Behaaptungen och duerch handfest Beweiser ennerstezen? Wei gesoot, dein "Lustige" ass rem Interpretatiounssaach bzw. Affaire de Gout.

    > Eigentlich habe ich ja nichts gegen Blogs, in denen nur Videos gepostet werden, aber was mich stört, ist die Grundhaltung des Blogs.

    Eigentlech posten mer net nemmen Videoen, mee daat geseit een vlait net, wann een nemmen 1 Keier drop kucken geet.

    > Sexismus, tendenzieller Nationalismus und Prahlerei mit Glanzleistungen wie 250km/h fahren und dabei den Tacho abfotographieren, weil er "1337" anzeigt.

    Wei schon gesoot ginn ass, packt dem Steve sein Fiesta guer keng 250 (Den Tacho geet mol net sou weit), mee mir waren tatsaechlech matt 80 op enger Landstroos ennerwee, wou op 100 Meter keen virun eis an keen hanenrt eis war. Wann ech schon rem "tendenzieller Nationalismus" liesen, dann kennt et mir heich, ganz eierlech. Belee deng Aussoen ENDLECH mol op Fakten, Beweiser. Du feiers en "Prozess" geint eis, an hues keng Beweiser? Ech mengen mir ginn freigesprach. Mei iwwert Nationalismus kannste mei ennen liesen.

    > Motto ist übrigens »Wayne interesséiert et …«, also Wen interessiert's… Zu viele, wenn ihr mich fragt. Allem anschein allerdings bloss Leute, die es nicht fertigbringen, mehr als 2 Zeilen zu kommentieren.

    Autsch, deen Saatz deet wei (waren et Typos?). An dei Kritik ass erem total iwwerflaeschlech, an total sennfrei, mee bon.

    > Unterhalten wird das ganze übrigens unter anderem von Steve »DamnedFreak« Cannivy, der vor einiger Zeit sein nationalistisches Geschwafel in einem Blog namens »roudeleiw.lu« verbreitete, das mittlerweile aber eingestellt hat.

    Lies mei ennen.

    > Ja, ich bin für einen erneuten Flamewar im luxemburgischen Blogklumpen. Ich kann nicht ohne. Ausserdem soll dem Flamewar eine Qualitätsoffensive folgen, oder zumindest sollen kuschelige Beiträge der Beschimpften untereinander folgen, nach dem Motto »Große böse Welt, niemand versteht uns!«, oder jedenfalls so ähnlich.

    Hoffen hun dech befriddegt.

    > Jeder bekommt, was er verdient: Der Nationalfeiertag seinen Flamewar, omg.lu den Preis und die Leser das, was ihrem Unterhaltungsniveau entspricht.

    Waat hei no anscheind net vill ass ;-)
    Oder wei erklaerste der deng Rechschreib-, Saatzbau-, Logikfeeler? Jo ech wees, Ralf ansou.

  9. Dein Kommentar:

    > DamnedFreak: Et kann schwätzen! An méi wéi nemmen zwee Sätz! Ech sin beandrockt!

    Wisou "Kritiseiers"/"Flames" du hien, wanns du nach nie en Gespreich vun iwwert 10 Minutten matt him gefouert hues?

    > Ech hun daat mat der Ironie schon matkritt. Mee verschidden Saachen fannen ech eben einfach net witzeg.

    Iwwert Humor leist sech net streiden. Du fenns et net witzeg, mir hun eis gerullt vun Laachen, su ass daat nu mol. Ass wei matt den Faarwen..

    > Zum Beispill déi Geschicht mam Rennen.
    Tjo, waat soll ech dozou soen? Schued, dass dein Humor aanescht ass wei eisen.

    > Mir waar relativ kloer, daat déi Textmengen, déi ech produzéiren, ierch normalerweis geifen ofschrecken, doweinst hun ech ierch eng Mail gescheckt.

    Falsch. Mir sinn allen beid wuel an der Laag, suwuel laang kohaerent Texter ze verfaassen, wei se och ze liesen, an do schreckt eis klengen Text'chen net oof. Ech keint jo lo rem hannergrondlos flamen, mee daat maachen ech net, ech kennen dech jo mol net ansatzweis. Ausserdem hueste eis den Link eischter gescheckt, wier eis ze zecken, dass mer dech hei an den Buedem "flamen". Aanescht wieren mer wahrscheinlech nie op des Site komm.

    > Nationalistescht Geschwafel ass och nach wann et politesch korrekt ass, nationalistescht Geschwafel. Mir kennen gären doriwer streiden, waat "nationalistesch" heescht, mee ech denken, ech hun d'Defintioun do op menger Sait.

    Den Steve huet sech ledeglech matt deser Problematik auserneen gesaat, en Text dozou verfaasst, an deen online gesaat. D'Raisonanz dozou war zimmlech positiv, an keen vun den Texter war iergendwei rietsradikal/faschistesch, auslaennerfeindlech, oder nationalistesch. Et get en Ennerscheed teschent Nationalismus an Patriotismus. Op Roudeleiw.lu gouf _NIE_ Hetz geint Auslaenner gemeet, oder aehnleches, och wann Sensationsfutzien weis du daat gaeren gehaat haetten. Mee wisou schweifs du hei sou vum Thema "omg.lu" oof?

    > nternet ass fraiwelleg. Ech zwengen keen, och net duerch meng Mailen, op meng Sait. Ween allerdengs eppes online setzt, muss och domadder rechnen, daat en kritiséiert ged.

    Wann deng Kritik weinstens konstruktiv wier, geing ech jo soen, dass se berechtegt wier. Mee rem, weis du et sees mam Rosa Brell alles ukucken an soen: "Mami, di Seit ass bloed", an dann an sengem Blog schreiwen, wei schiel mir dach alleguer sinn, ass eierlech gesoot zimmlech armseileg, an einfach zimmlech traureg.

    >Zu dengem Post (leider ouni sexisteschen Witz, wie schued!): Ech geif der roden, alleng nemmen fir rechtlechen Problemer aus dem Wee ze goen, d'Creative Commons Lizenz, ennert déi main Text steht, ze erwähnen: http://creativecommons.org/

    Ech ziteiren: "Namensnennung-NichtKommerziell-Weitergabe unter gleichen Bedingungen 2.0 Deutschland". Ech mengen schon, dass mir an Letzebuerg liewen, an net an Daitschland, mee ok. Desen Link (http://de.wikipedia.org/wik…) wier mei passend gewiercht. Eng Quellenangab ass do, well mer jo direkt op dein Site verlinken, an daat suguer direkt an der eischter Zeil, sinn mer net fein?

    > Jo: Jo, ech sin en aarmen Blogger ouni Besicher (nirwebai sin 11.000 Hits/Daag och nach keng grous Leschtung)

    Doofier, dass dei Seit seit 3 Meint existeiert, an mir keen PR bedriwwen hun (D'Seit ass duerch Mund-zu-Mund Propaganda bekannt ginn), fannen ech 11.0000 Hits am Daag nawell flott.

    > an ech hun et furchtbaar neideg, meng Meenung anonym an den Internet ze schreiwen, well mir soss keen nolauschtert.

    Ween huet daat dann gesoot? Mir kennen eis och eng Keier bei enger Cola/Sprite un en Desch setzen, an dein "Problem" ausdiskuteiren. Ech hun keen Problem domatt. Du?

    > Ausserdem hun ech d'Gesiicht voller Pickelen an main Schwanz huet just 2 cm wann ech eng Errektioun hun.

    /yawn

    > An ech schreiwen just, well ech et esou gail fannen, "schweier Wierder" ze benotzen.

    Ech hun leider keng schweier Wierder an dengem Text fonnt, sorry.
    Merci fier d'Liesen, an 5.000 Zeechen pro Kommentar ginn leider net duer, sorry.

    v^

  10. Yeah, ech dierch nach net schloofen.

    > claude: Uhh, ech kritisiéiren ouni ierch ze kennen!

    Kritiseier eisen Charakter net, wannste eis net kenns, sou sollt et riwwerkommen.

    > Uhhhh, ech beisen! Ech "beweisen" meng Aussoen net! Uhhh!

    Domatt leiste dech op Bild-Niveau roof.
    > Filmkritiker setzen sech och net virdeischt eng Stonn mat allen denen, déi um Film bedeelegt waaren, un en Desch an diskutéiren, iert se eng Kritik schreiwen. An ech hun och net d'Gefill, daat et neideg wier.

    Dann hueste et och net neideg, eis (net eis "Taten") ze kritiseiren.

    > An ech schreiwen keen proppert Daitsch, also sin ech schon mol direkt blöd an disqualifizeiert. Yeah!

    Nee, du wells just intelligent riwwerkommen, waat leider scheitert.

    > Jo, Humor ass eng Affaire de Gout. Ech fannen Sexismus (An sexistesch sin vill vun ären Biller mat Secherheet!) an Friemen"feindlechkeet" eben net witzeg. An wann Biller vun Leit mat Turban an engem gewessem Kontext gepost gin, kann jiddereen sech sengt denken.

    Alles ass schlecht, gell?

    > Speed kills, mee daat wessen ma jo alleguerten, an doweinst fannen ech daat eben och net witzeg.

    Den Witz war jo och net dorems gaang, mee well dem Steve sein Auto knapps 130 packt. Verstoppten Insider.

    > Ech hun d'Texter vun roudeleiw nationalistesch fonnt. Faschismus hun ech nie engem Virgeworf, ass awer en interessant Stechwuert! Mee dorems ged et un sech net.

    n/c.

    > Et ged nach keng CC fir Letztebuerg, an vue daat meng Texter op engem Server an Daitschland leien, denken ech schons, daat déi Lizenz do richteg ass, mol ofgesin dovunner, daat d'CC international gelt. An d'Urheberrechte sin och souwait ech wees an der EU relativ glaich. D'Zitat graift net méi, well den ganzen Posting "zitéiert" ass. Är Quellenangab ass an engem Mound iwregens esou gudd wéi "Google.com" als Quellenangab.

    Speistens do war et riwwer mam Laachen an d'Groehlen huet ugefaang.
    > Lo sin et schons 110.000 Hits! Ged jo emmer méi interessant.

    Op der Seit vun den Typoen wollt ech mech uschleissen.

    > Du hues keng schweier Wierder fonnt?
    > Den Jo awer anscheinend.

    :-) Mengen net, dass den Jo (zumols heen), hei schweier Wierder fonnt hues.

    > Konstruktiv Kritik? Oh méi, ech haat gemengt, ech hätt déi zweschen den Zeilen verstoppt. Dir fannt se net? Dann huet en se geklaut! Also:
    Schreiwt (!) witzeg Saachen (Satir), maacht eegen Videoen, sidd manner sexistesch, hirwt den Niveau e bessi rop.

    Wann der eis Seit net passt, boykotteier se dach. Mir gestalten eisen Site weiderhin sou, wei mir et flott fannen.

    > mari: Merci fir den Hinweis!
    Net selwer drop komm?

    Naja, dein ganzt "Geflames" ass ennerduerchschnettlech, langweileg an onpassend, duerfier liesen an schreiwen ech lo hei naischt mei.

    Kanns jo matt dengen User weider diskuteiren.

    LG,

    claude.

  11. "Kritiseier eisen Charakter net, wannste eis net kenns, sou sollt et riwwerkommen."
    Hun ech nie gemaach. An do lait wuehl den Problem. Dir fillt ierch anscheinend perseinlech ungegraff, obwuehl ech just ären Site (an vlaischt nach den Niveau, op dem d'Kommentarer do leien) kritiséiren.

    Wiesou muss ech meng Aussoen beweisen, wann se einfach jidderengem kloer gin, den sech op ären Site beweegt? Ech sin Blogger, keen Affekot.

    "Dann hueste et och net neideg, eis (net eis "Taten") ze kritiseiren."
    (s.o.)

    ":-) Mengen net, dass den Jo (zumols heen), hei schweier Wierder fonnt hues."
    Dann huet en sech domm ausgedreckt fir iergendeppes aneschteres auszesoen.

    Kuck, virdeischt sees de, du weils gären konstruktiv Kritik. Alles vun mir, waat an déi Richtung geht, wéis du mat Argumenter wéi "Du muss et jo net liesen!" of. Daat ass richteg gail Diskusiounskultur. An et weist, wéi wéineg dir ierch mat Kritik an wéi vill mat Nirwesächlechkeeten auserneen setzt.

  12. Aha, ma daat ass mol een interessaten, an trotzdeem zimlech sennfreien Blog. Ech fannen et witzeg wann sou eenzel Persounen aan Blog opmaan an mengen sie mussen den Leit matdeelen wei oft se sech am Daag den Arsch net ofgebotzt hun nom…dir wesst schon. :-)
    OMG.lu degeint ass einfach een Blog op deem all Mensch kann eppes zum beschten gin. Mir kreien Mails vun Leit dei mer net kennen mat engem Link op irgenteen Youtube Video, an wann en witzeg ass posten mer en natiirlech. Ech sin der Meenung wann et der net passt, muss de et jo net kucken.

    Waat den "Sexismus" um Blog betrefft, sou schlemm kann et net sin well och daat weiblecht Geschlescht present ass an dei verstinn den Spass. Wann eng Fra eis een link geif schecken mat engem e bessen mei Maennerfeindlechen Witz, Video, Bild, etc…, geifen mer deen och posten. Natiirlech nemmen wann en witzeg ass. Vue daat awer bis lo haaptsaechlech Maenner an deem Blog aktiv sin ass et numol normal daat et eischter mol geint weiblecht Geschlecht geet. Mee mir sin an kengster Weis Fraenfeindlech, daat kanns de mer roueg gleewen.

    Ech soen der awer mol trotzdem Merci fir den Award. Kreien mer dann lo och eppes fir an eis Vitrinne ze stellen ?

  13. Beweiser? Okay, hei.

    – Déi "80km/h" goufen genau sou an ärem Blog beschriwwen: "et ass zimlech schweier den Handy bei 250 auszepaacken".
    – Ee verdammt sexistesche / fraefeindleche Post gett et hei: http://www.omg.lu/wp-conten
    – Nationalistesches hun ech lo sou op d'Schnellt näischt fonnt. Mee eng Rei Videoen iwwert aner Natiounen goufe mettlerweil awer scho rem vum Netz geholl. Pour cause?

    Een anere Blog schlecht ze maache well een selwer 11000 Hits huet (a mer wessen all, een normalen Hit seet guer näischt iwwer déi tatsächlech Besicherzuel aus, dofir muss et schon ee Unique Hit sin) fannen ech aarm. Zumols wou an desem Blog hei awer och scho vill wichteg Themen ugeschwat goufen (notamment eben de Skandal em Culture Buzz / Vansken), an och sou renomméiert däitsch Blogger wéi den Don Alphonso op dee Blog hei opmierksam goufen (am positiven!). Vill Hits mat engem banale YouTube Blog ze kréien ass keng Konscht. Saachen opdecken, dass eng international Firma de Bammel kritt ass dogéint vill méi luewenswert. Dir fannt et witzeg, dass d'Leit äre Blog kennen, awer dir hinnen hiere Blog net? Dat beweist nemmen, wéi kleng ären Horizont ass.

    Op dat Ganzt hei eng Flamewar wert ass / war oder net sierf emol dohi gestallt. Domm (well onoriginell), geschmacklos (wéinst Sexismus) an sënnlos (well iwwerflächlech) fannen ech omg.lu awer och. Mee bloggt roueg weider, et schéngt jo e puer Leit ze gefaalen.

  14. Also ech hun d'Gevill wei wann dier hei Regelen wellt zesummenstellen waat alles an engem Blog ze stoen huet an waat net. Maacht dir aeren Business, mir maachen eisen.
    Dir hudd einfach eng ganz aaner unsiicht wei mir, waat enner aanerem drun leit well dir (sou wierkt daat mol op mech) sou moechtegern mega intelligent Oeko Freaks sidd dei mengen sie keinten Welt beherschen well se eng Premiere am Lycee Classique zu Diekrech gemeet hun an mir sin Computerfreaks dei mengen sie keinten d'Welt beherschen well ouni Computer neischt mei leeft. :P
    Mir lierwen also an zwou verschidden Welten an wann et ierch net passt waat bei OMG.lu steet, ignoreiert et einfach.

    @Thierry: Ech wees net genau wou daat Bild hier kennt, mee et geseit no enger Affiche aus dei geint Prostitutioun geet. Ech sin secher daat daer Affichen irgentswou an irgentenger Staat zu honnerten haenken.

  15. Schausi: Wiesou ech aacht Fotoen vun Lyon an mengem Blog hun? Ma well ech eng Woch do waar an mengen Lieser weisen wollt, waat fir schéin Ecken ech an der Staadt entdeckt hun. Wiesou ech Daitsch schreiwen? Well ech mech an där Sproch am beschten ausdrecken kann an och fir main Deel relativ vill Visiteuren hun, déi keen Letztebuergesch verstinn.
    A-Blogger huet den Thierry schon an den Kommentaren erklärt, mee soss helleft Google.
    Thema 250: Ech hun mat kritt daat et en Witz waar. Ech fannen et trotzdem net witzeg. Vlaischt muss en 2 Kollegen duerch Vitesse verléiren, fir gewess Saachen eescht ze huelen, vlaischt sin ech awer och einfach bei dem Thema humorlos.
    Ech hun net d'Gefill, daat mir d'Themaen geifen fehlen. Net no 6 Joer bloggen.

    Thierry: Dir waard deemols weinstens nach Geigner, déi en konnt eescht huelen! An merci! :-)

    Pyscho: Ech hun net vir, irgendwelch Bloggerregelen opzesetzen. Mee ech huelen mir trotzdem d'Recht, aaner Leit ze kritiséiren, well se Unsichten hun, déi menger Meenung no enner aller Sau sin. An wanns du mengs, daat Sexismus net schlemm ass, well Fraen och driwer laachen, dann bass du menger Meenung no en aarmen Würstchen.
    Ech sin leider net am LCD an hun och do keng Première gemaach. Jo, ech sin en Geek an jo, ech sin heinsdo bessi Öko. Ech well d'Welt net beherschen, ech well eng gerecht Anarchie. Ech sin och relativ weineg un Wandertouren interesséiert, merci!
    Mee ass awer en lusteg Feindbild, daats du dir do zurechtgezimmert huet, wou all deng Kollegen jaizen "Wèi kanns du eisen Blog beurdeelen, du kenns eis net mol!"

    Du hues jo en flotten Beitrag do fonnt. Jo, ech schwätzen an mengem Blog heinsdo doriwer, waat ech op der Toilett nirwt dem Schaissen esou maachen. Sou Posts sin awer relativ seelen an repräsentéiren net wirklech, waat héi leeft. Mee daat hues de jo wuel selwer erausfonnt.

    Jo: Blogklumpen huet als Wuert en Ursprung an doweinst benotzen ech en. Et ass iwregens net ofwärtend gemengt, well einfach eng Usammlung vun Blogs gemengt ass. Ersatzwuert fir net dauernd mussen "Blogosphäre" ze soen. Zum Recht soen ech nix, hun weineg Loscht mech ze widderhuelen. Well Kritik schengt bei ierch am allgemengen net gudd ze sin, egal wéi en se ausdreckt.

  16. >- Déi "80km/h" goufen genau sou an ärem Blog beschriwwen: "et ass zimlech schweier den Handy bei 250 auszepaacken".
    Wannste d'Foto kucks, ass et wuel kloer dass et keng 250 sin. Daat war eng zimlech iwwerdriwwen Ironie (dei menger Usiicht no zimlech offensichtlech ass), dei einfach sollt bessen witzeg klengen.

    >Ee verdammt sexistesche / fraefeindleche Post gett et hei: [link]
    Wei gesoot, ass daat wuel een Plakat vun enger Kampagne (dei ech eeschthaft zimlech sennvoll fannen, woubai ech Prostitioun an engem legalen Kader net direkt verdammen [net well ech Client sin -.-], well esou wahrscheinlech vill Potentiell Vergewaltegungen verhennert gin.) Aus dem Kontext gerappt kann een et awer (je no Humor) eben witzeg fannen an eng Keier grinsen.

    >Een anere Blog schlecht ze maache well een selwer 11000 Hits huet (a mer wessen all, een normalen Hit seet guer näischt iwwer déi tatsächlech Besicherzuel aus, dofir muss et schon ee Unique Hit sin) fannen ech aarm.
    Ech selwer hun net matt den Hits geprahlt an eigentlech sin mer se zimlech egal :)

    >Vill Hits mat engem banale YouTube Blog ze kréien ass keng Konscht. Saachen opdecken, dass eng international Firma de Bammel kritt ass dogéint vill méi luewenswert. Dir fannt et witzeg, dass d'Leit äre Blog kennen, awer dir hinnen hiere Blog net? Dat beweist nemmen, wéi kleng ären Horizont ass.
    Main Liewen besteet net nemmen aus OMG.lu, mais ech giff soen ech beschaefetegen mech och een groussen Deel vun der Zeit mei usprochsvoll/sennvoll. Den Blog behaapt jo och net vun sech selwer, deifgrenneg ze sin an iergendwei een intellektuellen Message ze vermettelen. Wei grouss main Horizont ass, kanns du jo guernet wessen. An andeems du behaapts, dass main kleng wier, beweiste amfong och wei grouss dain asss.
    >Op dat Ganzt hei eng Flamewar wert ass / war oder net sierf emol dohi gestallt. Domm (well onoriginell), geschmacklos (wéinst Sexismus) an sënnlos (well iwwerflächlech) fannen ech omg.lu awer och. Mee bloggt roueg weider, et schéngt jo e puer Leit ze gefaalen.
    Eng Flamewar ass et net wert (well dir langweileg sidd^^) an ech hun se jo och net ugefaangen, mais den Fireball aus purer Langweil wahrscheinlech (oder vlait well keen Pudding mei do war). Daat stellt iwwregens sein Horizont och an Fro, fennste net?

  17. Ei … ech si mol rem Doheem ukomm an hu mech iwwer di ganz lieserei mol fier d'Eischt masseg gerullt, vu laachen natierlech!

    (ech mengen di Aarbecht lo onach alles waat ech commenteire ze c/p en spueren ech mer lo mol einfach … sou vill ass daat ganzt mer sws net wert)

    Ech fannen et seet scho genuch datt een, deen an 3 verschiddenen Sätz zB daat Wuert "Blogklumpen" bonotzt, ouni zB sech selwer eppes afaalen ze loossen (wi zB Blogansammlung, Blogmüllkippe, Blog-scheiss-n-dreck oder waat och soss nach) aanre Leit ennerstellt se giffen seng "Posts" net verstoen…

    Dovun oofgesin datt (wi schon puer mol gesoot) d'Reegle vun der Grammatik hei sws net ze gelle schengen (aus weiengem Grond och emmer) an datt Leit dei sech net direkt 100%-eg kloer fier all A-Blogger ausdrecken, direkt mol an de Buedem getreppelt gin fannen ech et einfach absolut kannrech direkt mol de Schutzmechanismus "ech-klappen-wahllos-em-mech" an dann onach direkt den "ech-dtelle-mech-selwer-mat-ze-vill-ironie-wi-en-aarmen-wirchtchen-dohin" auszepaaken… Geint Ironie huet keen eppes, mee wann een hei fier seng Meenung dohigestallt gett wi de läschte Mellen (mer komme io net vun Ettelbreck … boah war deen lo gudd) hällt fier mech di intellektuell Ironie op! Do helleft et och net ons fierzewerfen mer geiffe keng Satiren op onsem Site veröffentlechen wells du daat selwer net färdegbrengs!

    An dann nach puer Wuert zu onsen Posts:

    1. mier forceire keen fier onse Site regelmeisseg ze besichen, du bas och frendlechst abegraff

    2. weem den Inhalt net gefällt dierf gär doheem bleiwen an e Lidd driwwer schreiwen, mee wann een dann onach eng Mail schreiwe geet fier su eppes wi daat hei unzeziedlen ass daat eischter (och mol e puer Ausdreck op Däitsch) großkotzig an kleinhirnig …
    (siehsde een deen an Däitschland op der Uni setzt kann duechaus och Däitsch liesen an verstoen!)

    3. privat Videoen waren och scho mol op omg.lu ze fannen, daat wees ech well ech selwer deen een oder aanre gepost hun, an och suguer Fotoen di ech sou gemaat hun! An dovun oofgesi waren och zB Fotoen vu Flicken di zu Letzebuerg falsch parken asw dran, mee dei hues du bestemmt nie gesin … mee nujee

    4. mier stellen un ons Useren net d'Ufuerderung gescheit ze sen, villait kommen och nemmen gär Leit dohin di no der Schoul/Uni/Aarbecht gär e puer Dommheete gesin, an d'Welt einfach Welt si welle loossen, ouni sech grouss de Kapp iwwer gescheit Posts ze zerbriechen! Wei gescheit d'Posts sen hänkt letztenendes io sws och vun deem oof deen en liest!

    sou genuch getippt fier lo, ech hun onach aaner Saachen ze din, mee heinsdo muss eben su eng Paus ouni un d'Aarbecht ze denken einfach sen … ech gi rem op omg.lu!

  18. Ech war ni am LCD. Ech war a mengem Liewen emol och jusrt eréischt eng Kéier iwwerhaapt zu Dikkrech. Do kanns de däi Kolleeg Steve gäre froen, deen erennert sech vläit nach drun, dass mer frun 2, 3 Joër moies emmer an der Theaterstuff um Lampertsbierg wäit ewech vum LCD ee Kaffi zesumme gedronk hun. :)
    Ech muss dech enttäuschen, ech sin ee Geek. Een deen de ganzen Daag um Computer hänkt, eng ganz Rei Domains huet an op der Arbescht och vill mat Netzwierker an Serveren ze din huet. Ech posten och Saachen op YouTube. Ech setzen och heiansdo mol ee YouTube Video a mäi Blog.
    Ech si keen "Öko Freak", ech well d'Welt och net beherrschen. Éischteres fannen ech ze fanatesch, zweeteres géing komplett géing meng politesch Iwwerzeegung goen.
    "Möchtegern mega intelligent"? Solle mer elo IQ Werter austauschen? T'gett emmer besser.
    T'ass mer amfong egal wat bei OMG.lu steet. Dir wollt Beweiser, dir hudd der kritt. A wann dat eng Affiche ass géint Prostitutioun, wisou steet dat dann net do mee just ee sennlose Kommentar? An ech sot jo schon: bloggt roueg weider, well et schéngt jo bei verschiddene Leit gudd unzekommen.

    @Schausi
    Den A steet fir Alpha. Dat sin déi Blogger, déi vill Kommentarer kréien an déi vill Afloss op déi real Welt hun. Dat trefft also op dese Blog zou. Wien sech e bessen duerch d'Archiver liest, dierft matkréien, dass heiropper och schon Zeitungen opmierksam gi sin, an erfollegräich een dubiéise Projet vun enger Firma a Grond a Buedem getreppelt gouf.
    Alternativ kann den A an desem spezielle Fall och fir Adami stoen – de Familiennumm vum Auteur. :)
    Hehe so Joël wien hätt deemols während der éischter Flamewar an der lëtzebuergescher Blogosphär geduecht, dass ech eemol op denger Säit stin? :))

  19. "Ech muss dech enttäuschen, ech sin ee Geek. Een deen de ganzen Daag um Computer hänkt, eng ganz Rei Domains huet an op der Arbescht och vill mat Netzwierker an Serveren ze din huet. Ech posten och Saachen op YouTube. Ech setzen och heiansdo mol ee YouTube Video a mäi Blog."
    Fir een Geek verstees de awer net vill Spaass muss ech soen.

    "Ech si keen "Öko Freak", ech well d'Welt och net beherrschen. "
    Daat war eischter op den Bedreiwer vun desem Blog bezunn. Wei dei meescht Kommentaierer vun mir ausser dei wou @Thierry firdrun steet. Als Geek misst de jo verstoen waat deen @Thierry heescht.

    "T'ass mer amfong egal wat bei OMG.lu steet."
    Dann misst de dech eigentlech raushaalen an net hei einfach sou remflamen.

    "wann dat eng Affiche ass géint Prostitutioun, wisou steet dat dann net do mee just ee sennlose Kommentar?"
    Well deen deen den Antrag gepost huet et wahrscheinlech net wosst, wou genau et hierkennt. Heen huet daat einfach sou am Inet opgeschnaapt.

  20. Daat hei hun ech an desem Blog fonnt:
    "Musik beim Kacken
    Früher habe ich die Lautstärke so weit aufgedreht, dass man auf dem Klo den Sänger noch verstehen konnte.
    Heute nehme ich den Ipod mit. "

    Daat ass et waat ech mengen mat "Ech fannen et witzeg wann sou eenzel Persounen een Blog opmaan an mengen sie mussen den Leit matdeelen wei oft se sech am Daag den Arsch net ofgebotzt hun nom…dir wesst schon."

  21. Ech hat just kommentéiert well der wollt Beispiller hun, wou een sech vläit kéinnt als Lieser ustoussen betreffend Sexismus etc.

    Ech hun och op den "Öko Freak" réagéiert, wells de eng Mehrzahl benotzt hues: "well dir . . . Oeko Freaks sidd".

    Esou ee Bild ze posten ouni ze wessen wat et eigentlech ass, fannen ech aarmséileg. Ee Bild wat jo eigentlech soll op een soziale Probleem hiweisen aus dem Kontext rappen an et sou erschénge loossen, wéi ee fraefeindleche Witz (cf. Titel: Roll vun de Fraen) ass extreem traureg. Wann dir esou Spaass définéiert, nee, dann verstin ech wierklech keen.

    Ok, effektiv. Ech entschellege mech fir deen Kommentar zur Intelligenz an de rhetoresche Fähegkeeten.

  22. Waat dir iech hei zerstreid dowengt ^^ woubei dach fun fier eran klor ass das omg.lu een super Site ass an wiekrlech witzeg ass XD. Waat een am iwrigen fun desem nit wierklech behabten kann.

    am iwrigen wees ech nach emmer nit waat "A-Blogger" ass… nuje waat soll et =) dei eng hun et an dei aner eben nit ;-). Woubei ech fannen das daat mat denen 250 do sou offensichtlech an onrealistech war das fun fir ran klor ass das daat en witz soll sin… Mee nuje et gin halt leit denen hierehn Horizonnt et nit erlabt bessen mei kreativ ze denken.

  23. Ouni iergenteen wellen ze kritiseieren mee ech hun ma aeren Site elo och emol ungekuckt an ehm…. stellen ma sou munsch frohen. Z.b. weisou hudd dir souvill fotoen fun Lyon dorop ? Also waat bezweckt dir domader ? An weisou schreiwt dir deitschen Text dodabei ? LOL egw. naja wann een mengt et misst een en Block hun an trotzdem keng themaen fennt muss en sech alt mat sou eppes aremseilegem zefridden stellen gedu Feierbällchen XD

  24. Thierry, deen Post war iwwregens vun engem gewessenem Ben, deen sech bis elo zum Thema na net vill geaussert huet. Ausserdem huet en mettlerweil och keng Meiglechkeet mei eppes ze posten um Blog, an eng ganz Reih saachen vun him hun ech geloescht, well mir allgemeng fonnt hun dass en zevill post an dass et meechtens onwitzeges war.

  25. Ech hun nie behaapt daat Sexismus net schlemm ass, mee ech gesin just net dei Saachen als Sexismus weis du. Ass awer net schlemm, jiddereen huet sein eegend Bild vun enger gewesser Situation oder wei an desem Fall een Post mat engem Bild.

    "Ech sin leider net am LCD an hun och do keng Première gemaach. Jo, ech sin en Geek an jo, ech sin heinsdo bessi Öko. Ech well d'Welt net beherschen, ech well eng gerecht Anarchie. Ech sin och relativ weineg un Wandertouren interesséiert, merci!
    Mee ass awer en lusteg Feindbild, daats du dir do zurechtgezimmert huet, wou all deng Kollegen jaizen "Wèi kanns du eisen Blog beurdeelen, du kenns eis net mol!"
    Genau doweinster hun ech daat geschriwwen, fir daats de geseis wei bloed et ass aaner Leit direkt ze als eppes duer ze stellen waat se net sin.
    A wells du eis jo als sexistech, auslaenderfeindlech, oberflaechlech Geeks geseis waat jo och net der Wiirklechkeet entsprecht.

  26. Moien,

    als "User" den weder omg.lu nach joeladami.net regelmeisseg besicht, kann ech mir en verhältnissmeissegt objektivt Urtdeel bilden.

    Ech hun beid Texter, mat groußer Interesse gelies an muss soen, bravo, beid hudd et gepackt, t Ugesin vun aeren Blogs, net grad ze steigeren.

    Do ass op daer enger Sait omg.lu, dei sech nie als t Ziel gesaat hun, en qualitativen Blog ze erriichten. T Ziel war offensichtlech einfach, Spaß ze hun (an daat net op Kaeschten vun aaneren Leit). Sexismus kann een hinnen fiirgeheien, do gesin ech keen Problem. Mais weis du schon ungedeit haas(well umierken, dass ech elo NET all Kommentarer gelies hun), ass den Härr Cannivy, ENNER AANEREM fiir t Site zoustänneg. Do denken ech, dass een net vun nationalistesch kann schwätzen. Den Härr Cannivy huet villaicht eng nationalistesch Oder usech, waat awer net bedeit dass den Blog et ass. An do kann een als "Aussenstehender" naischt nu wierklech keen Problem erkennen. Et ass eischter (naja dutzen ech se elo mol all..) deng perseinlech Opfaassung, vun daer Persoun, dei mat an t Beurtdeelung vun Omg.lu anfleißt. Fremdenfeindlechkeet, ass nie direkt, wei och indirekt gewisen gin. Nationalismus, ass mol net bedengt schlecht, et dierf een et net op Daitschland bezeien. Et dierf een net vergiessen, dass nach eng partie Leit bai omg.lu derbai geheiren, net nemmen den Steve. Effektiv gesait een dass e Brochdeel vun de Postings vun him kennt, de Recht kennt vun aaneren Leit, afaik User.

    Niveau ass eng subjektiv Saach, gaer eng arrogant Saach.

    An ech uerdnen mech an t Heicht vun dem Niveau, guer net an, well et mir egal ass. Ech hun festgestallt dass dain Blog op eng gewess Zielgrupp hingeet, an iergendwei sech selwer erhaengt. [Ech bezeihen mech elo op den "Flame" Post.] Main eischten Androck war, dass do een ass, deen probeiert sech mam Intellekt hervierzebrengen, quasi ze poseiren. Waat ech schon e bessen peinlech fonnt hun, well den Androck war eigentlech deen, dass du nu wierklech, vill Gesellschaftsfriem bass, e bessen deng eegen Welt opzwengen wells. Ass jo och nach net schlemm, dei meecht leit (dozou geheiren och ech) probeiren engem hier Meenung opzezwengen. Leider mess du den Fehler an betrachts et aus der Distanz, kucks gaer eroof. Wou mir opfällt, dass du dech an daer selwegter Liga bewegs, wie omg.lu. Omg verkierpert, Web 2.0 am vollem Emfang, och alt stupid. Du wees dass t Kommentarer vun hinnen berechenbar sin, mais genau sou sin deng berechenbar. Anstatt vun engem KM aus ze flüsteren, quasi, ze "beschaissen", haess de missen, daat ganzt vun mei noem ungoen. Och wann ech elo e bessen t Thema verloossen, sou hun ech mir deng Fotoen ungekuckt, "mir schwammen net..", fannen dei Opfaassung schein an gudd, mais et beweist, dass du probeiers individuel ze sin. Individuel mat engem T-Shirt, deen een fiir 10 euro an engem Webshop kridd. Bravo. Et ass grad, deen Zwang, meiglechst aanescht ze sin, deen dech an hier Liga brengt, du hues menger Usicht no manner Niveau, an behells dech, wierklech contraproduktiv.

    Ach wesst dir, ech hu keng Loscht mei, an schleißen mat dessem Zitat vum Oscar Wilde oof :

    Ich befinde mich in einem Kampf um Leben und Tod mit dieser Tapete – einer von uns muss gehen.

  27. Bon ech hu mech entscheed nemmen nach een klengen Post ze maan, an dann einfach di Schlammschlacht fier Aarmer (aka Flamewar) mat purer Ignoranz ze boykotteiren! (ech gin anscheinend hei io wi et schengt och emmer mei ignoreiert)

    Daat ganzt well ech mat engem klengen Zitat vum Allbert Schweitzer ugoen … deen soot nämlech mol:

    "Wer glaubt, ein Christ zu sein, weil er die Kirche besucht, irrt sich. Man wird ja auch kein Auto, wenn man in eine Garage geht."

    … an genau sou weineg gett een A-Blogger deen Moment wou een Blog-software op engem Webspace installeiert !

    … losst iech daat mol op d'Gemidd awierken an erkritt iech gefällegst rem!

    Merci fier d'Opmierksamkeet

  28. > oder zumindest sollen kuschelige Beiträge der Beschimpften untereinander folgen, nach dem Motto »Große böse Welt, niemand versteht uns!«, oder jedenfalls so ähnlich. […] Und wie vorhergesagt gibt es schon Kuschelkommentare des omg.lu-»Staff« untereinander.

    Haat ech bis elo iwwerlies.. Mais dei eenzeg Kuschelkommentarer, dei ech gesin, sin dei vun dir un den Thierry an emgedreint! :)

  29. Psycho: Ech hun mech do vlaischt bessi falsch ausgedreckt. Ech fannen sexistesch Witzer och dann nach emmer "niveaulos"/ekleg, wann Fraen driwer laachen. Natirlech kennt et oft ob den Kontext un, mee héi ass et em den Blog gaangen, wou eben oft den Kontext fehlt. (Wéi héi och schons gemeinsam festgestallt gin ass!)
    Ech hun net ierch als Persounen beurdeelet, mee är Arbescht bei omg.lu. Dorobber ze schleissen, daat dir esou Saachen ob manst witzeg fannt, fannen ech zoulässeg, mee ech wees awer och, daat en domadd keng déif Perséinlechkeetsanalyse maachen kann. Hun och nie behaapt, ech geif daat maachen.
    "Ech hun daat just geschriwen, fir daats du…" Haha, glews de daat alt selwer?

    Jacques: Zum Thema Friemenfeindlechkeet: Daat Turbanbild ass zB. en Beispill wou ech ob manst eng Tendenz gesin. Ech kann do awer och just falsch interpretéiren.
    Ech fannen Nationalismus (an iwregens och Patrotismus!) schlecht. Daat ass meng Meenung, an déi muss keen mat mir deelen.

    Ech wees net, wou dain Androck hier kennt, daat ech meng Meenung opdrängen well. Ech fannen eppes net gudd an brengen daat zum Ausdrock. Méi net. Ech sin dun (an den Kommentaren) no konstruktiver Kritik gefrot gin, hun déi dun och gin, well ech durno gefroot gi sin.
    Opdrängen gesin ech do net. Ech diskutéiren gären. Daat ass héi och geschidd an daat ass positiv. (Op omg.lu sin jo lo och Beiträg geläscht gin, obwuehl ech elo NET behaapten well, daat déi Entscheedung eppes mat der Diskusioun ze din huet!)

    Zum T-Shirt: Den Sproch ass vun mir, ech sin Volontair bei dem Radio, den den T-Shirt verkeeft. Ech hun un sech keen richtegen Drang, "anescht" ze sin. Ech sin et. An ech fannen daat gudd esou. Ech muss mir daat un sech net méi beweisen.

    Zum Thema "posen": Posen ass peinlech? Tjo, Pech gehaat. Posen ass virun allem Rock. An ech sin chronesch oncool.
    Jo: Den Thierry huet erklärt, wiesou en mech keint als letz. A-Blogger bezeechnen. Huet net vill domadder ze din, daat ech en Blog-CMS installéiert hun.

    Thierry: Jo Huesi, lo wessen se et all ;-)

  30. De Joel an ech wollten dat jo eigentlech geheim haalen, mee… Serieux, lo ass et soulues erem roueg, stëppel net erem. ;P

  31. Ech hun Beidreeg vum Ben geloescht, dei ech selwer net sou gudd fonnt hun. Wei uewen schon geschriwwen. Daat huet net direkt domadder ze din, dass mir eis hei flamen.^^

  32. Fireball, vue daats de jo sou absolut ontolerant vis a vis vun Seiten mat sexistesche, Inhalt bass muss ech der awer nach des Seit un d'Herz leen: http://schwelles.hot.lu/
    Vleit schreiws de dann och mol eng keier eppes doriwwer. :-)

    scheinen WE

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *