Podcast: Angscht a Schrecken an der enzeger Heichschoul zu Lëtzebuerg

Oft erkläre ich, wieso man an den Orten sein könnte, an denen ich Angst und Schrecken erlebe und sage dann, dass ich aus einem ganz anderen Grund dort war. Gut, ich war auch nicht zum studieren oder dozieren an der einzigen Hochschule in Luxemburg. Es hatte nicht einmal etwas mit dem Radio zu tun, sondern mit knallharten Geschäften…

[audio:http://media.switchpod.com//users/fireballsweblog/angschtaschrecken47.mp3]
MP3-Direktdownload Angscht a Schrecken an der enzeger Heichschoul zu Lëtzebuerg

Zu hören ist das ganze auch heute zwischen 16 bis 17 Uhr in der Sendung Crumble auf Radio ARA auf den Frequenzen 103,3 und 105,2 oder im Internet unter ara.lu.

Die Musik stammt von Revolution Void und steht unter einer cc-Lizenz.

A&S Podcast Feed ¦ A&S in iTunes oder anderem Podcatcher abonnieren ¦ A&S im iTunes Katalog

Normalerweis beschreiwen ech am Ufang vun Episoden verschidden Szenarioen, wiesou en op déi Plaatz kéint goen, op der ech Angscht a Schrecken erliewt hun an soen dann, wiesou ech wirklech do waar. Deskeier wier d‘Wourescht esou erschreckend, daat ech se leiwer net well praisginn. Nemmen esou vill: Et goung em Geschäftsgespreicher.

Déi aaner Grenn, wiesou en op eng Heichschoul kann goen, muss ech secher kengem erklären. Fir déi, wou et trotzdem net wessen: op enger Heichschoul sin normalerweis Studenten. An Professoren. An soss nach Leit, déi geheim Geschäftsgespreicher ofhaalen.

An op genee esou eng Heichschoul sollt ech dann goen, fir en geheimt Geschäftsgespreich ofzehaalen. Lo ass daat zu Letzebuerg awer net esou einfach. Eis nach jonk Heichschoul ass an villen aalen an ehrwürdegen Gebaier ennerbruecht, déi zum Beispill ennert dem Napoleon Kasären waaren oder soss komesch Zwecker haaten.
Daat erennert mech un daat Gerücht, daat am kaalen Krich, wou d‘Gefohr vun der Atombom zwar net manner schlemm, mee méi reel wéi haut waar, an all Schoul en atomsechere Bunker huet missen gebaut gin.

Sou Bunkeren sin flott: Wann eng Atombom fällt, iwerliewt en esou laang, fir no dem groussen Kabum erauszekommen an dann lues un der Strahlenkrankheet oder Leukämie ze stirwen. An wann de kaale Krich eriwer ass, kann en Prüfungen dran laageren. En aanert Gerücht zu denen Bunkeren beseet nämlech, daat an engem vun den seleschen Bildungsinstituter zu Diekrech elo d‘Prüfungen an dem atombomensecheren Bunker gelaagert gin. Gudd ze gesin, wou d‘Prioritéiten am Fall vun engem thermonuklearen Krich léien.

Ech sin also op en vun denen selleschen Campus vun eiser Heichsschoul gefuer. Jo, den letzebuergeschen Plural vun Campus ass „Campus“, well d‘Wuert aus dem Engleschen eriwer komm ass. Daat déi et aus dem Latein huet, interesséiert d‘Orthographie net. Ech sin, aus Grenn vun der Netexistenz vun enger Fahrerlaubniss an mengem Portmonni (keng Zait) an engem motoriséierten Gefährt AN weinst mengem Öko-Hellegeschain mam Zuch gefuer dohinner gefuer.

Well esou en Campus vun enger Heichschoul, déi e puer Campus huet, e puer Gebaier huet, haat ech Rendez-Vous mat mengem Kontaktmann an der Rezeptioun. Un sech ass et guer net esou schweier, en Gebai op dem Campus ze fannen, well se numeréiert sin an net alleguer d‘selwescht ausgesin. Aanersaits waar et vun der Sait, vun der ech komm sin, awer relativ schwéier, d‘Receptioun ze fannen.
Den Problem waar nämlech: Op dem Campus ass esou ziemlech alles gezeechent, eben just net d‘Receptioun. Ech hätt spillend liicht de Wee an den Audimax oder an d‘Cantine fonnt, mee vir déi Receptioun ze fannen, hun ech missen vun Gebai zu Gebai laafen an kucken, op se do wier. Waat net graad effizient ass, wann en um 2 Auer rendez-vous huet an et schons 10 Minuten op 2 ass.

Ech wollt eng Persoun froen, déi an hiren Auto geklommen ass, mee déi waar esou schnell fort, daat ech net mol „Hey, pardon, kennt dir mir hellefen?“ ruffen konnt. Irgendwou ass mir daat suspekt virkomm. Wiesou ass déi Persoun esou schnell aus der Heichschoul geflücht?

Irgendwann, nämlech zu dem Moment, wou en den halewen Campus no der Receptioun oofgesiicht haat, hun ech déi dann och fonnt. Sie waar an dem greißten Gebai, wou en Sprangbuer virdrun steht. Ween hätt daat geduercht gehaat?

Ech sin also an daat Gebai gaangen. Normalerweis mescht mir daat e bessi Angscht, an d‘Haaptentree vun esou riesegen Gebaier ze goen. Et erwaard en laangen Gang mat Ölegbiller vun freiheren Besetzern vun dem Gebai an Leit, déi engem peinlech Froen stellen.

Hei waar naischt dovunner ze gesin. Ech hun mech missen duerch en schmuelen Gang drecken an sin dun an eng relativ kleng Receptioun kommen. Normalerweis gin et an Receptiounen eben en Schalter an dann Setzegleegenheiten fir déi Leit, wou op irgendeen oder irgendeppes mussen waarden.
Et waar och hei esou. Just daat d‘Setzgeleegenheeten net wirklech bequem waar. Heich Still aus Plastik un nach méi heigen Decher. Op denen Decher louch jeweils en Stapel vun 10 Wochenzeitungen op franseseisch, déi Donnesdes erauskommen. Daat huet mir e bessi Angscht gemaach. Haaten Angscht a Schrecken de Wee an d‘Receptioun méi séier fonnt wéi ech? Firwaat waaren esou vill der Zeitungen? Wiesou gouf et keng méi gemittelech Setzgeleegenheeten? Waat wier, wann ech elo méi laang wéi 5 Minuten do waarden misst?

Eng Fraa, déi sech offensichtlech auskannt huet, huet enger daitscher Fraa, déi, daat sollt ech speider nach rausfannen, een Virstellungsgespraich haat, Saachen erklärt. Déi Fraa huet missen waarden an souz och schon op engem vun denen ongemittlechen heichen Plastikstill.

Dun huet d‘Receptiounistin mech gefroot, waat ech braischt. Ech hun hier vun mengem geheimen Treffen erklärt an gesoot, ech geif dann wärden, bis meng Kontaktpersoun mech sichen geif kommen. Sie soot, ech sollt mech setzen an waarden.
Angscht a Schrecken sin méi grous gin. Ech hun mech also op den haarden an heigen Stull gesaat an probéiert, mech ze beschäftegen. Daat waar relativ schweier, well ech keen Buch oder Block dobai haat an och net wollt den Stapel mat denen franseischen Wochenzeitungen upaacken.

Dauerend sin Leit hin an hier gelaaf an hun Chaos veranstaltet. Irgendeng Persoun wollt de Schlessel fir irgendeen Sall an kruut erklärt, daat en deen herno an d‘Breifboite werfen misst. Meng Kontaktpersoun ass an ass net obgetaucht. Ech hun Angscht a Schrecken emmer méi gespuert. Waar ech irem um falschen Campus geland? Haat ech mech an der Zait geiirt?

Irgendwann huet d‘Receptionistin mech gefroot, weini main Rendez-Vous gewierscht wier an huet e puer Minuten laang telefonéiert. Angscht a Schrecken sin emmer méi grous gin. Waat geing lo gescheien? Geif si den internen Secherheetsdengscht ruffen, den mech an den atombomensecheren Bunker geif anspären?

Am Geigendeel.
Sie huet mir einfach erklärt, an waat fir een Gebai ech lo misst goen. An dem Moment, wou ech mech emgedreint hun an op daat Gebai zougaangen sin, huet sie geruff: „Monsieur! Dir hudd schéin Hoer! Main Jong well se och esou, mee hien muss se nach bessen wuessen lossen!“

Daat enzegt, waat elo nach bliewen ass, waar d‘Flucht. Riicht iwert de Campus, direkt an en geheimt Geschäftsgespreich.

4 Kommentare “Podcast: Angscht a Schrecken an der enzeger Heichschoul zu Lëtzebuerg

  1. Firwat schwetz de vun Héichschoul? Wells de der uni.lu net wëlls den Titel Uni gin? Oder wars de tatsächlech op enger Héichschoul? Ech behapten einfach mol dass op enger Héichschoul keng Studenten mee Schüler setzen, an dass eng Héichschoul net dat nämlecht wéi eng Uni ass. Vum Diplom, vum Horaire gin et do kloer Ennerscheeder. Oder?

  2. Bei A&S hun ech mir ugewinnt, Saachen net beim Numm ze nennen bzw. se ze emschreiwen. Sou och d’Kleederketten mat denen zwee Buchstawen am Numm oder den Café an der Hollerescher, den ausgesait wéi en Scoutschalêt. Gemengt ass eng Heichschoul am allgemengen (daitschen) Senn (http://de.wikipedia.org/wiki/Hochschule) wou och zB. d’Uni.lu drenner fällt, keng amerikanesch “High School” oder eng spezifesch Fachhochschule.

  3. Ok gudd. Ass méi eng perséinlech Saach, fir mech sin Héichschoulen emmer sou autoritär Institutiounen wou een all Dag obligatoresch 6 Stonne Schoul huet. Bei enger Uni gesinn ech en fraien Campus wou Allmensch kënt a geet wéini en Loscht huet. Mee dat si meng perséinlech Cliché’en. Et ass dat Wuert “Schoul” wat mer net passt mengen ech…maache mer d’Parenthèse zou.

  4. Eng aner Klammer: Mir fäallt grad op, dass däi Link “A&S in iTunes oder anderem Podcatcher abonieren” (abonnieren, nierwebäi) op een itpc:// verweist. Dee Protokoll ass awer just fir den iTunes. Wanns de wells, dass mat deem Link dee jeweilege Podcastplayer opgeet, deen de Benotzer op sengem Computer définéiert huet, muss de pcast:// benotzen. Well soss kritt een eng Feelermeldung wann iTunes guer net installéiert ass, respektiv du zwängs dem User dann trotzdem den iTunes op mat deem Link. :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *