Sterben

Wenn ein Blog stirbt, ist das oft weniger eindrucksvoll, aber von der Bedeutung und Symbolik genauso, als wie wenn ein Stern stirbt. Ich trauere.

9 Kommentare “Sterben

  1. Ok, stirbt die luxemburgische Bloggerwelt jetzt doch allmähmlich aus? :/

    Also da “comes the dawn in athens” auch nicht mehr online ist und ich weder den letzten Post noch meine Lieblingsgeschichte (=Atelier überm Café) nochmal lesen konnte (eigentlich hatte ich vor es dieses Wochenende nochmal zulesen), bin ich ebenfalls seeeehhhhhrrrrrr traurig. Du bist also nicht allein, Joël. ;)

    RIP The Gossip Factory
    RIP comes the dawn in athens

  2. Ech vermëssen nondikass.wordpress.com.

    Nee, mee lo éierlech, wann Leit keng Loscht méi hunn, da sollen se ophalen. Ech wéilt och am léifste man, mee mäin iwwersteigert Ego léisst et net zou. Éiweg leeft et bei mir awer net virun, wéi am Moment.

    Ech weess, dass Blogs fir dech eng méi wichteg Bedeitung hu wéi fir mech (an déi meeschte Leit), an dofir denken ech bräuch ech lo keng Diskussioun hei lasszetrieden. D’Standpunkte si souwisou gekläert. Mee ob s de wierklech “trauere” sollts, weess ech lo net onbedéngt – och wann ech et selwer schued fannen, dass mam Ophalen oft d’Läsche verbonnen ass. Et vermëttelt sou e Sënn vun Ni-do-gewiescht-sinn, dee verfälscht.

    Bon, trauer alt. Wann eis Klengegkeeten net méi emotional beréiren, dann ass dat och eng schäiss Entwécklung.

    (Weess ech eigentlech wat ech hei schreiwen? A firwat? Ech mengen net.)

  3. Traueren ass mir perséinlech een ze staarkt Wuert, zumols wou ech grad em eng Persoun traureren an do leien awer en puer Graden dotëscht. Vermëssen wert ech déi Bloggen awer. The Gossip Factory vläit méi, well mat deem vill Erënnerungen verbonnen sinn an ech d’Leti anerwerts vläit ni kennengeléiert hätt (haha an dobäi wunnt et just zwou Minuten ewech, *sou* kleng ass d’Land wuel awer net :)). A vum Sara sengem Blog hunn ech jo souwisou nach Sécherheetskopien vun der Datebank. Et wert mer awer eppes feelen, well ech béid Bloggen emmer gären gelies hunn. Ech fannen et schued, dass se geläscht sinn, mee ech kann et awer novollzéien dass een sech eventuell net méi wuel fillt beim Gedanken dass all déi Saachen fir jiddfereen öffentlech zougänglech sinn.

    Mee dofir gett et jo ab haut erem een aalen Blog nees, wann och ennert neiem Numm. ;)

  4. ech mengen d’Läschen geschitt net fir et no baussen ze verfälschen; jhiddereen deen wéilt kéint Copien vun den Anträg op séngem PC gespaichert hun an soumat hätt et net vil Senn.
    ech hun di Texter och nach all op méngem Computer, och déi mat denen ech netméi zefridden sin.

    opmannst fir mech war et mol sou dass ech en geläscht wollt hun fir em selwer “lass ze sin”, ze wessen dass en fir mech netméi verfügbar as an dass ech soumat netméi op d’Idee kommen, eppes ze posten. ech wel einfach ophalen ze veröffentlechen.
    dat huet 2 Grenn. den een as dass vil Saachen einfach ze perséinlech sin. an den aneren dass ech bei kritechen Diskussiounen léiwer mat den Leit direkt kommunmizéiren, statt iwer en Medium.
    dat hun ech awer alles réicht erausfonnt duerch den blog. an dofir war et gud dass et en gouf.

  5. Pingback: bloGeescht : Time out

  6. Et gin fir mech verschidden Ofstufungen vun Trauer. Ech geif “bedaueren” zum Beispill net staark genuch fannen, am vermessen besteht d’Hoffnung op Wiederkehr. Ech kann awer all är Standpunkter verstoen an och novollzéien. Ech geif verschiddenes wahrscheinlech anescht maachen, mee esou sin d’Saachen eben.

  7. Pingback: Augenblicke » Blog Archive » Blogmüdigkeit

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *