Großherzogtum der Angst

Hier mein Redebeitrag zu der freedom not fear!-Demonstration am 11. Oktober 2008 in Luxemburg/Stadt.

Wéi den Hunter S. Thompson, amerikaneschen Journalist an Auteur kuerz no den Attentater vum 11. September 2001 vun engem „Kingdom of Fear“, engëm Kinniksräich vun der Angscht, geschriwwen huet, konnten déi meescht vun eis nach net wëssen, dat mir eis e puer Joer duerno an engëm Grand-Duché vun der Angscht erëmfannen géifen.

An Angscht a Schrecken ginn stänneg verbreet:
den westafrikaneschen Drogendealer, den islamisteschen Terrorist, den „auslänneschen“ Messerpicker, den autonome Chaot – sinn nëmmen e puer vun deenen Gestalten, virun deenen mir stänneg Angscht gemaach kréien.

An well mir alleguerten esou vill Angscht hunn, mussen mir eis schützen. An dat geet anscheinend nëmmen, wann mir gefilmt ginn beim Akafen, op der Autobunn, am Zuch, bei eisen Rendezvousen um Aldringer. Dat geet anscheinend och nëmmen dann, wann eis Verbindungsdonnéen gespäichert ginn, all Obenthalt an Hotelen an Jugendherbergen protokolléiert ged, wann mir en biometreschen Pass hunn, asw…

„Mee et huet jo keen eppes ze verstoppen?“
Ma dach! All Mënsch huet eng Privatsphäre! Scholden, Nervendokter, Krankheeten, Bezéiungen, Reesen, Iwwerzeegungen, asw, asw.
Donnéen sinn ni sécher! Net beim Staat, an schon guer net bei Firmen, wéi mir an denen leschten Deeg erëm esou beandrockend bewissen kruten.

Et hätt en net d‘Ofsicht, en Iwwerwaachungsstaat ze erichten, héiert een europawäit vun den Politiker. Ma dat erënnert mech un eng gewëssen Mauer, déi och keen se ze errichten d‘Ofsiicht hat.

An Däitschland gett een méintelaang iwwerwaacht an agespaart, wann en an enger wëssenschaftlecher Arbescht déi selwecht Wierder wéi lenk „Krimineller“ benotzt. Virum G8 kruten Leit hir Haiser duerchsicht, well se Aueren an Knupperten am Keller haten!
Do ass den Iwwerwaachungsstaat net méi wäit!

Mee et geet net nëmmen ëm eng imaginativ „Sécherheet“, mee och ëm knallhaart wiertschaftlech Interessien.
D‘Film an Musekindustrie, déi bis op e puer luewenswärt Ausnamen nach ëmmer net kapéiert huet, dat den Internet an senger Grondarchitektur wéi eng gigantesch Kopiesmaschinn funktionéiert, versicht all „Pirat“ virun een Gericht ze kréien – mat Hëllef vun Verbindungsdaten!

Hei ged eng ganz Bevölkerung kriminaliséiert. Jiddereen ged verdächteg. Vum Pirat zum Terrorist ass et net méi wäit! Aueren an Knupperten am Keller ginn jo schon duer!
An esou verdächtegt een den aneren, keen traut sech méi an wat kennt dobäi raus? ANGSCHT!

An et hëlleft näischt, Paranoia ze kréien an all Gerücht iwwert Handyortung asw. ze gleewen!

Paranoia ass de Buedem fir déi stohlen Beem un denen d‘Iwerwaachungskameraen wuessen!
Paranoia ass d‘Grondlag vum Iwerwaachungsstaat!

An esou stinn ech hei, als stolze Pirat an ruffen zesummen mat ierch an dem Recht vun der Welt – well mir sinn haut net alleng op de Stroossen:

Fräiheet, net Angscht!
Fräiheet, keen Groussherzogtum vun der Angscht!

(Nach dem Schreien Halten dieses Redebeitrags hatte ich übrigens den Rest des Tages Halsschmerzen.)

18 Kommentare “Großherzogtum der Angst

  1. Pingback: links for 2008-10-17 « Nur mein Standpunkt

  2. Ben, klauen ass klauen, do kanns de näischt dogéint soen. Ech selwer gesinn dat allerdëngs och méi nuancéiert wéi d’Filmindustrie ;)

    An ech si villäicht einfach naiv, oder hu mer näischt wirklech zu scholden kommen geloss, mee ech färten net? Ech gesinn och de Moment net firwat.

    A bëssen Kontroll fir Disziplin an Uerdnung ze hunn ass och ganz ok. Wann eng Kamera hëlleft, dass op der Gare oder am Park keng Drogen verkaaft ginn, dann ass dat gutt (och wann den Problem sech wuel zum Deel verlaagert. Kameraen kënnen och net die eenzeg Léisung sinn, sie mussen en Deel vun engem Konzept sinn). Wann eng Kamera hëlleft, dass am Zuch manner freckt gemaach gët, dann ass dat gutt. Anescht halen die Kälwer jo net op!

    Et däerf een jo och net vergiessen, dass fir d’éischt d’Hännessen/Krimineller do woeren an dunn d’Kamera’en. Wären keng Hännesen/Krimineller dogewiescht, da wier och kee Besoin fir Kamera’en gewiescht.

  3. Grommel: De Problem ass, dass, wer mer lo näischt dergéint maan, da bleiwt et nit “just” bei enger Hand voll Kameraen op der Gare (waat jo och haut schon nit de fall as – wanns du mam öffentlechen Transport an d’Staat fiers vun Ettelbréck aus, da goufs de schon ennerwee vun zig Kameraen gefilmt, am Zuch, an de Bussen, wanns de zu Miersch an den zuch klemms, gess de do och nach eng Kéier gefilmt, etc…).
    Wanns de wells wessen, waat geschitt, wann d’bierger nit aktiv hier Biergerrechter verteidegen, gesäiss de an England: Leit därfen 4 Wochen laang ouni Beweiser an de Prisong gehäit ginn, d’Police sammelt Gen-Prouwen vun de Leit, egal op se eppes verbrach hun oder nit (wann ee bedenkt, mat waat fier enger Regelmäßegkeet denen a leschter Zäit ganz Festplacken voll mat Daten verluer ginn, an et denkt een eng Kéier kuerz driwwer no, wéi wuel an 5-10 Joer e Vierstellungsgespréich bei enger Firma wärt ausgesinn, nodeems d'”Gesondheetsrisiko”-Bewertung vun DNA-Material jo emmer mi belleg gett).
    Wanns de nach op de Lycée geess, muss de jo zanter desem Joer alles an der Kantin mat enger SOU extrem gäiler Kaart bezuelen (wahrscheinlech kennen se sou um Personal an der Caisse spueren, well déi jo lo nit mol méi musse rechne kennen). Pass mool eng Kéier op, waat do alles um Kessendisplay ugewise gett beim Bezuelen. Do steeht nit just “Emnu du Jour”, do steht hoorgenee, wéien Dessert dass du geholl hues, an ops du hier fetteg Ennenzop oder hiere gesondten Zalot als Entree geholl hues. Waat mengs de, waat geschitt mat denen Daten? Mengs de wierklech, déi ginn nit genotzt? Mech perséinlech géif et jo nit wonneren, wann ech an 10 Joer méi en héigen Taux bei der Krankekeess abezuele muss, well ech mech a menger Schoulzäit nit gesond genuch ernährt soll hun… Fier eis bei där ach su wichteger gesondheetsbewosster Ernährung ze hellefen, hun se d’Präisser vun der Terrorfettfreess-Viennoiserie schomol em 50% no uewe revidéiert. Si behaapten, si misste sech de Marchéspräisser upassen, an kéinte sou “produits finis” nit einfach subventionéiert verkaafen, de gesonde Mensch freet sech, wéi dreckeg et der lëtzebuerger Economie mettlerweil muss goen, wa suguer de Cactus seng Mëtschen méi belleg verkeeft wéi eis Kantin.
    Mee zréck zur Schüler-/Kantinskaart, fier der mol e Beispill ze ginn, wéi aarmséileg et do em d’Secherheet bestallt ass: Bei eis an der Schoul schafft dee Männchen, deen d’Schülerkaarte mecht, déi lo fier Restopolis benotzt ginn, an der Bibliothéik op 2 Computeren. Daat eent ass en Desktop, wou en ongesecherte VNC-Server drop leeft (vun deem di hallef Schoul weess), an daat aanert ass en handleche Laptop, deen nitmol mat engem Kensington-Lock oder sou éirens ugestréckt ass. Op deem Laptop sinn déi komplett Datesätz vun de Schüler gespeichert, inklusiv der Matricule, Handysnummeren a weess der Geier waat net nach alles…
    Ech kenne perséinlech Insideren vun Luxtrust, där Firma, déi sollen dofier suergen, dass “är Ennerschreft an den Internet kennt” (sou eng Reklamm fonktionnéiert aawer och wierklech just bei deene blöde Luxusbierger), do ass et och nit allze roseg em d’Secherheet bestallt.

    Mierks de eppes? Sou zimmlech iwwerall, wou Daten gesammelt ginn (nit nëmme beim Staat, an der Privatwirtschaft ass et dacks *nach* méi erbärmlech), steht et nicht zum Beschten em d’Secherheet vun eben desen Daten. Well et aawer och nach an Zäiten vu Facebook, MySpace an aaneren populären Exhibitioniséirungsdingschter d’Recht op Privatsphäre gett (vun deem su Querulanten z.B. ech och ausgiebegst Gebrauch ze maan gedenken). Soulaang se aawer (aus wéi engen Ursaachen och emmer, sierf daat lo déi normal, oder déi chronesch oder suguer déi akut Inkompetenz) déi Daaten nit wierksam geschützt kréien, ass et ganz einfach onverantwortlech, dess Datesammlungen iwwerhaapt entstoen ze loossen.

    Waat deng These “A bëssen Kontroll fir Disziplin an Uerdnung ze hunn ass och ganz ok.” ugeet: Op däitsch heescht daat “Zucht und Ordnung”, daat wier z.B. sou eppes: http://www.rasputin.de/CF/ordnung.html
    Wanns de daat mol eng Kéier selwer wells erliewen, maach Verkanz a China. Wann der daat ze deier ass, da géi fier 2 Wochen an d’Klouschter wunnen. Eng Gesellschaft, déi mat “Kontroll an Disziplin” lieft, hannerfreet näischt méi. Den eenzeln denkt do ganz einfach nit méi, well d’Féirung vun där Gesellschaft daat scho fier sie mecht. Wells du wierklech sou liewen? Ech net…

    Di Kameraen, déi do hänken, bewierke GUER näischt. Sie kaschten de Steierzueler nemmen, an nawell nit grad wéineg. Du kanns mat enger Kamera beschtefalls Kriminalitéit verlageren, aawer niemols reduzéiren. Mat Kameraen gin jo just d’Sympthomer bekämpft, aawer nit d’Wuerzel vum Problem. Wann dir op der Gare een däi Portmonnaie klaut, da kemmeren deen d’Kameraen dach absolut nit. Op deem lo 50 Leit nokucken, wéi en dir de Portmonnaie zoppt, oder op och nach e gelangweilte Flic mat enger Tut Chips am Grapp deem ganzen um Monitor nokuckt, ännert jo näischt, däi Portmonnaie ass aawer fort. An England huet sech di ganz Iwwerwaachung suguer negativ op d’Erfollegsquote vun der Police ausgewierkt: d’Polizisten hun sech op d’Kameramaterial verlooss, an hier konventionell Ermettlungen nit méi uerdentlech gemaach. A ville Fäll waar d’Bildmaterial dann aawer am Nachhinein ze schlecht, an huet keng verwertbar Resultater bruecht.

    Iwwerhaapt: Waat geschidd wuel mat der ganzer Iwwerwaachungsinfrastruktur, déi mer am Moment opbbauen, wann déi mol a falsch Hänn geréit? Och falsch Hänn kennen (méi oder manner) demokratesch gewielt ginn, cf. Hitler, Bush, Schäuble, etc… (Jo ech wees, politesch onkorrekt, aawer daat ännert trotzdem näischt drunn, déi 2 Leschtgenannten a Punkto Iwwerwaachung vum eegene Vollék mat Abstand am schlëmmste sinn. Daat traut sech just keen se soen, well den 1. an der Militäruniform an déi 2 lescht ernnert dem Schoofspelz vun der Demokratie rondremschläichen).

    Sou, genuch staarken Tubaak, soss kritt do nach een de rhetoreschen Houscht… Nuecht! :)

    Pascal

  4. Fireball

    Pascal:

    >waat jo och haut schon nit de fall as – wanns du mam öffentlechen Transport an d’Staat fiers vun Ettelbréck aus, da goufs de schon ennerwee vun zig Kameraen gefilmt, am Zuch, an de Bussen, wanns de zu Miersch an den zuch klemms, gess de do och nach eng Kéier gefilmt, etc…

    1. Dat ass NEMMEN agefouert ginn, well offensichtlech eng Rëtsch Läit VIRDRUN et fir néideg fonnt hunn, op deenen jeweilegen Plazen Schäiss ze man. Soit fir Saachen futti ze man, Läit ze belästegen, etc. Firwat schwätz du deen Aspekt net un?
    2. Wéi gesot, wann e bëssen Iwwerwaachung dozou féiert, dass die Problemer aus Punkt 1 verschwannen, dann muss een eben op d’Zänn béissen. Ech hätt och léiwer et wier net néideg, mee d’Schold läit bei deenen Asozialen, déi se néideg gemaach hunn.

    >Wanns de wells wessen, waat geschitt, wann d’bierger nit aktiv hier Biergerrechter verteidegen, gesäiss de an England: Leit därfen 4 Wochen laang ouni Beweiser an de Prisong gehäit ginn, d’Police sammelt Gen-Prouwen vun de Leit, egal op se eppes verbrach hun oder nit (wann ee bedenkt, mat waat fier enger Regelmäßegkeet denen a leschter Zäit ganz Festplacken voll mat Daten verluer ginn, an et denkt een eng Kéier kuerz driwwer no, wéi wuel an 5-10 Joer e Vierstellungsgespréich bei enger Firma wärt ausgesinn, nodeems d’”Gesondheetsrisiko”-Bewertung vun DNA-Material jo emmer mi belleg gett).

    1. Gen-Prouwen sammelen ass net per se schlecht, et kann oft hëllefen. Den heiklen Punkt ass natiirlech den Emgang domadder.
    2. Hues du konkret Beispiller vun Läit, déi WILLKÜRLECH 4 Wochen an de Prisong gehäit gouffen. Meeschtens ginn die Läit jo net aus heiterem Himmel verdächteg. Dass dat méi kloer geregelt muss ginn, do ginn ech der Recht. An och Abus’en missten verhënnert ginn.

    >Wanns de nach op de Lycée geess, muss de jo zanter desem Joer alles an der Kantin mat enger SOU extrem gäiler Kaart bezuelen (wahrscheinlech kennen se sou um Personal an der Caisse spueren, well déi jo lo nit mol méi musse rechne kennen). Pass mool eng Kéier op, waat do alles um Kessendisplay ugewise gett beim Bezuelen. Do steeht nit just “Emnu du Jour”, do steht hoorgenee, wéien Dessert dass du geholl hues, an ops du hier fetteg Ennenzop oder hiere gesondten Zalot als Entree geholl hues. Waat mengs de, waat geschitt mat denen Daten? Mengs de wierklech, déi ginn nit genotzt? Mech perséinlech géif et jo nit wonneren, wann ech an 10 Joer méi en héigen Taux bei der Krankekeess abezuele muss, well ech mech a menger Schoulzäit nit gesond genuch ernährt soll hun… Fier eis bei där ach su wichteger gesondheetsbewosster Ernährung ze hellefen, hun se d’Präisser vun der Terrorfettfreess-Viennoiserie schomol em 50% no uewe revidéiert. Si behaapten, si misste sech de Marchéspräisser upassen, an kéinte sou “produits finis” nit einfach subventionéiert verkaafen, de gesonde Mensch freet sech, wéi dreckeg et der lëtzebuerger Economie mettlerweil muss goen, wa suguer de Cactus seng Mëtschen méi belleg verkeeft wéi eis Kantin.

    1. Fir Statistiken ze féieren, wéivill vun wat giess gët, ass jo keng domm Iddi. Allerdëngs kéint een dat anonym späicheren.
    2. Däin anert Argument ass bëssen paranoid. Mee suguer, wann et sou wier, da wier et nach net onbedengt falsch. Läit, déi sech bewosst falsch ernähren an doduerch den Gesondheetssystem méi belaaschten, sollen och anescht behandelt ginn, wéi Läit déi sech gesond ernähren. Ech sinn der Meenung, dass een heiandsdo muss zum Gudden gezwongen ginn. Oft erkennt een duerno, dass et zu sengem eegenen Gutt woer. Huet dach jidereen schon erliewt. Natiirlech muss een och hei nees firun Abus’en an Exzesser oppassen. A vun mir aus kënnen se bei extrem ongesonden Iessen genau dat selwecht man, wéi bei den Zigaretten: Präisser ordentlech eropsetzen. Dann ësst een eben nëmmen heiandsdo Hamburger an net all Dag. Dann genéisst een se opmanst nees, wéi dass een se ëmmer nëmmen rofschlengt.

    >Mee zréck zur Schüler-/Kantinskaart, fier der mol e Beispill ze ginn, wéi aarmséileg et do em d’Secherheet bestallt ass: Bei eis an der Schoul schafft dee Männchen, deen d’Schülerkaarte mecht, déi lo fier Restopolis benotzt ginn, an der Bibliothéik op 2 Computeren. Daat eent ass en Desktop, wou en ongesecherte VNC-Server drop leeft (vun deem di hallef Schoul weess), an daat aanert ass en handleche Laptop, deen nitmol mat engem Kensington-Lock oder sou éirens ugestréckt ass. Op deem Laptop sinn déi komplett Datesätz vun de Schüler gespeichert, inklusiv der Matricule, Handysnummeren a weess der Geier waat net nach alles…

    Dat ass en effet e Problem. Mee een vun der Organisatioun, net vum Prinzip. Et ginn jo awer Moyen’en sou eppes méi efficace an professionell ofzesécheren. Do kann een zu Recht maulen (genausou wéi een bei deenen aneren Beispiller dat eventuellt schlecht Emgoen mat den Daten kritiséieren kann a soll) . Hutt der dat schon gemaach?

    >Ech kenne perséinlech Insideren vun Luxtrust, där Firma, déi sollen dofier suergen, dass “är Ennerschreft an den Internet kennt” (sou eng Reklamm fonktionnéiert aawer och wierklech just bei deene blöde Luxusbierger), do ass et och nit allze roseg em d’Secherheet bestallt.

    Wou genau giff dann do den Schwaachpunkt léien? Un der Technik oder der Organisatioun?

    >Sou zimmlech iwwerall, wou Daten gesammelt ginn (nit nëmme beim Staat, an der Privatwirtschaft ass et dacks *nach* méi erbärmlech), steht et nicht zum Beschten em d’Secherheet vun eben desen Daten. Well et aawer och nach an Zäiten vu Facebook, MySpace an aaneren populären Exhibitioniséirungsdingschter d’Recht op Privatsphäre gett (vun deem su Querulanten z.B. ech och ausgiebegst Gebrauch ze maan gedenken).

    Bei Facebook etc décidéiert een nach ëmmer selwer, wat een online setzen wëll a wat nët. Duerfir kann een déi Saachen net mateneen vergläichen an mengen Aan.

    An ech sinn och fir Privatspähr. An du schéngs hei Saachen ze vermëschen: d’Sammelen vun Daten fir Crime, etc ze verhënneren an d’Sammelen vun Daten fir Statistiken vum Normalbierger ze erhiewen. Dat ass en fermen Ennerscheed.

    >Wanns de daat mol eng Kéier selwer wells erliewen, maach Verkanz a China. Wann der daat ze deier ass, da géi fier 2 Wochen an d’Klouschter wunnen. Eng Gesellschaft, déi mat “Kontroll an Disziplin” lieft, hannerfreet näischt méi. Den eenzeln denkt do ganz einfach nit méi, well d’Féirung vun där Gesellschaft daat scho fier sie mecht. Wells du wierklech sou liewen? Ech net…

    Et ginn net nëmmen Extremer. Et gët nët nemmen Schwaarz a Wäiss. Et gët villes dotëschent. Eng Gesellschaft ouni Recht an Uerdnung ass eng Anarchie, an dat ass och kompletten Schrott an funktionnéiert net. Och wann puer (meeschtens jonk) Sozialromantiker dat nët gleewen wëllen. Ech, an och vill aner Läit, hätten gären Recht an Uerdnung. Mee an enger Demokratie. Net an engem faschisteschen oder kommunisteschen Régime. An do si mer ërem bei den Kompromisser a beim gëllenen Mëttelwee.

    An du däerfs net vergiessen, dass die ganz Problematik mat der Iwwerwaachung bei eis (an aneren Demokratien) sech gestallt huet, well eng ganz Rëtsch Läit die normal Spillregelen net méi respektéiert hunn, well se soit net geléiert gouffen, wat richteg a falsch ass oder well se séch foutéieren, well se jo net bestrooft ginn.

    >Di Kameraen, déi do hänken, bewierke GUER näischt.

    Net wouer. D’Kriminalitéit op deenen Plazen geet erof.

    >Sie kaschten de Steierzueler nemmen, an nawell nit grad wéineg. Du kanns mat enger Kamera beschtefalls Kriminalitéit verlageren, aawer niemols reduzéiren. Mat Kameraen gin jo just d’Sympthomer bekämpft, aawer nit d’Wuerzel vum Problem. Wann dir op der Gare een däi Portmonnaie klaut, da kemmeren deen d’Kameraen dach absolut nit. Op deem lo 50 Leit nokucken, wéi en dir de Portmonnaie zoppt, oder op och nach e gelangweilte Flic mat enger Tut Chips am Grapp deem ganzen um Monitor nokuckt, ännert jo näischt, däi Portmonnaie ass aawer fort.

    Sot ech dass Kameraen die eenzeg oder total Léisung wier? Nee. Natiirlech net. Mee vu dass et keen Zaubermëttel gët, ass et opmanst mol en Ufank.

    >An England huet sech di ganz Iwwerwaachung suguer negativ op d’Erfollegsquote vun der Police ausgewierkt: d’Polizisten hun sech op d’Kameramaterial verlooss, an hier konventionell Ermettlungen nit méi uerdentlech gemaach. A ville Fäll waar d’Bildmaterial dann aawer am Nachhinein ze schlecht, an huet keng verwertbar Resultater bruecht.

    Dat ass nees en Problem vun der Organisatioun, net vum Prinzip.

    >Iwwerhaapt: Waat geschidd wuel mat der ganzer Iwwerwaachungsinfrastruktur, déi mer am Moment opbbauen, wann déi mol a falsch Hänn geréit? Och falsch Hänn kennen (méi oder manner) demokratesch gewielt ginn, cf. Hitler, Bush, Schäuble, etc… (Jo ech wees, politesch onkorrekt, aawer daat ännert trotzdem näischt drunn, déi 2 Leschtgenannten a Punkto Iwwerwaachung vum eegene Vollék mat Abstand am schlëmmste sinn. Daat traut sech just keen se soen, well den 1. an der Militäruniform an déi 2 lescht ernnert dem Schoofspelz vun der Demokratie rondremschläichen).

    Wat geschitt mat Messeren, wann déi an de falsch Hänn geroden … ?

    Natiirlech ass dat en potentiellen Problem. Mee dann musse mer kucken, dass esou Läit net un d’Muecht kommen. Oder wann mer se un d’Muecht komme loossen, dann kënne mer eis net bekloen. Mee weder dem Bush nach dem Schäuble (déi ech perséinlech allen 2 net leiden kann), geet et wirklech drëm fir den Normalbierger auszespionéieren. Sie sinn ‘just’ der Meenung, dass hier Mëttelen die richteg wieren fir géint die Béiss virzegoen. Do kënt et natiirlech zu Abus’en, déi absolut net akzeptabel sinn. Mee dat heescht net, dass en gewësst Mooss un Iwwerwaachung a Kontroll falsch ass.

    Well die Béiss (oder die Asozial) SINN dobaussen. Ob een dat unerkennen wëll oder net. An sie sinn mat Schold, wann net Haaptschold, un all deenen Moosnahmen, déis du lo kritiséiers.

  5. Eng Gesellschaft ouni Recht an Uerdnung ass eng Anarchie
    Falsch. Eng Gesellschaft ouni Recht an Uerdnung ass eng Anomie.
    Eng Gesellschaft ouni Herscher ass eng Anarchie, an daat ass NET daat selwescht an et ginn Beispiller fir Gesellschaften ouni Herschaftsstrukturen déi fonktionéiren.

    Grommel, du hues jo awer och eng Privatsphäre. An mussen dann aaner Leit wessen, waats du gies hues, waats du dir um Internet ukucks, mat weems du wéi oft an wéi laang telefonéiers, bei waat fir en Dokters du wéi oft an wéini gees, waats du mat Kreditkaart keefs, asw? Daat ass dir vlaischt alles egal, mee mir net. Ech hun keng Bock drop, daat aaner Leit daat wessen. Well et se naischt ungeht, net well ech eppes falsch maachen.

    Punkto Pirat: Et ass net klauen. Et ass eng Copie maachen. Wanns du een Buch léis an du mess Copien dovunner hues du d’Buch jo durno och net “geklaut”, oder? (Op Kopiesmaschinnen, Toner an Blieder bezuehlen mer jo sws Ofgaben fir esou Saachen ze kompenséiren, wiesou geht daat net och mam Internet?)

    D’Kriminalitéit geht net zereck. Oder hues du Beweiser dovir?
    Ech hun nach vun kengem “Asozialen” héiren, deen se gefaast hun, well en am Zuch gefilmt ginn ass. Ech gesin och net manner Vandalismus an denen néien kamera-iwerwwachten Zich wéi an denen aalen, déi et nët sinn. Wiesou ass et LO A BE MOL wou d’Technologie esou wait ass, daat déi Kameraen esou belleg an performant sinn (anscheinend) dann effektiv esou fuerchtbaar néideg, déi béis béis asozial Vandalen ze filmen, fir se herno awer net ze fänken?
    Ged et net méi belleg, den Schaffner e bessi méi oft duerch den Zuch ze schecken an am schlemmsten Fall eben en néien Setz ze bezuehlen amplaatz déier Kameraen ze installéiren, déi ethesch fragwürdeg sinn? Ech well einfach NET den gaanzen Daag gefilmt ginn, wéi ech schreiwen oder telefonéiren oder Musek lauschteren oder an der Nues wullen.

    Am Endeffekt hellefen Kameraen naischt oder esou minimal, daat et sech opground vun den Schied an der Privatsphär einfach net lount, der opzehänken. Ausserdem sinn se ellen.
    Nee, mee wiesou mussen mer emmer reaktionär alles “bekämpfen” amplaatz eis d’Ursaachen unzekucken?

  6. fireball:

    >Falsch. Eng Gesellschaft ouni Recht an Uerdnung ass eng Anomie. Eng Gesellschaft ouni Herscher ass eng Anarchie, an daat ass NET daat selwescht an et ginn Beispiller fir Gesellschaften ouni Herschaftsstrukturen déi fonktionéiren.

    Dat klengt haaptsächlech no Semantik. A kanns du wgl en Beispill ginn vun sou Gesellschaften ginn, déi funktionnéieren? An déi optimalerweis mei wie 10 oder sou Läit duerstellen ;)

    >Grommel, du hues jo awer och eng Privatsphäre. An mussen dann aaner Leit wessen, waats du gies hues, waats du dir um Internet ukucks, mat weems du wéi oft an wéi laang telefonéiers, bei waat fir en Dokters du wéi oft an wéini gees, waats du mat Kreditkaart keefs, asw? Daat ass dir vlaischt alles egal, mee mir net. Ech hun keng Bock drop, daat aaner Leit daat wessen. Well et se naischt ungeht, net well ech eppes falsch maachen.

    Wou hunn ech gesot, dass ‘Läit’ dat wëssen mussen? Schon guer net généric ‘aner’ Läit. Au contraire, d”Läit’ mussen dat guer net wëssen. A brauchen dat och net ze wëssen. Mee ech fannen et richteg fir die Donnéen ënnert gewëssen, a STRENGEN, Regelen eng Zäit ze späicheren fir am Fall, wou een se bräicht (fir zb e Crime opzeklären) benotzen ze können. Dat setzt natiirlech en funktionnéierend, an neutral Justice, viraus der een vertrauen kann … Dat ass natiirlech en effet e Schwaachpunkt. Mee dat ass en organisatoresche Problem, keen prinzipiellen.

    >Punkto Pirat: Et ass net klauen. Et ass eng Copie maachen. Wanns du een Buch léis an du mess Copien dovunner hues du d’Buch jo durno och net “geklaut”, oder? (Op Kopiesmaschinnen, Toner an Blieder bezuehlen mer jo sws Ofgaben fir esou Saachen ze kompenséiren, wiesou geht daat net och mam Internet?)

    Wanns du en ganz Buch kopéiers, dann ass dat och klauen. Just mécht dat keen, well et sech NET RENTEIERT. Mee digital Kopien sinn jo vill méi einfach. Dovunner ofgesinn fannen ech dass d’Präisser zb vum Albummen ganz ok sinn: em die 10 Euro! An dat lo säit Joeren. Do virdrun huet eng CD oder Plak oft tëschent 600 and 800 Frang kascht, Inflatioun net mat agerechent! Filmer, wann een net emmer just direkt Blockbusteren well kucken, sinn präisslech och oft ganz ok. An trotzdem man ech heiandsdo Kopien, zumools vun Saachen déi wahrscheinlech Schrott sinn. Mee Qualitéit bezuelen ech. Ech hunn suguer schon mol en Album online geklaut an et dunn offiziell kaaft, well ech et sou gutt fonnt hunn an dat wollt ausdrécken. An gutt Artisten ënnerstëtzen. Vun mir aus kann den Artist och direkt u mech verkafen, ech brauch d’Plakkefirma net!

    >D’Kriminalitéit geht net zereck. Oder hues du Beweiser dovir?

    D’Kriminalitéit OP DEENEN PLAZEN geet manifestement zeréck. Mee dat ass natiirlech keng global Léisung, do ginn ech der Recht. Mee wat giffs du dann géint d’Kriminalitéit man? Oder giffs de se just maachen loossen??

    >Ech hun nach vun kengem “Asozialen” héiren, deen se gefaast hun, well en am Zuch gefilmt ginn ass.

    Da muss een mol d’Flicen froen firwat dat sou ass, an den System upassen resp. verbesseren. Sou Läit sollen a mussen bestrooft ginn.

    >Wiesou ass et LO A BE MOL wou d’Technologie esou wait ass, daat déi Kameraen esou belleg an performant sinn (anscheinend) dann effektiv esou fuerchtbaar néideg, déi béis béis asozial Vandalen ze filmen, fir se herno awer net ze fänken?

    Fenns du Läit, déi Vandalismus man net asozial? Fenns du dat ok? An wann een wees, ween et woer, an se net fänkt, dann ass dem System och net méi ze hellefen! Ech giff DAT en Skandal fannen.

    >Ged et net méi belleg, den Schaffner e bessi méi oft duerch den Zuch ze schecken an am schlemmsten Fall eben en néien Setz ze bezuehlen amplaatz déier Kameraen ze installéiren, déi ethesch fragwürdeg sinn? Ech well einfach NET den gaanzen Daag gefilmt ginn, wéi ech schreiwen oder telefonéiren oder Musek lauschteren oder an der Nues wullen.

    Vu mir aus können se och Flic’en op Patrull an den Zich schécken, wann doduerch manner fréckt gemaach gët. Den Problem sinn, déi die et freckt man! An DEI ignoréiers du total. Firwat?

    >Nee, mee wiesou mussen mer emmer reaktionär alles “bekämpfen” amplaatz eis d’Ursaachen unzekucken?

    Well et méi einfach ass. Well et besser ass, wéi näischt ze man an die Kriminell einfach weiderman ze sollen. An well et keen Zaubermëttel gët, vun haut op muer. Nëmmen mat Kuscheltherapie këns de bei Läit, déi op deem Niveau sinn, och net méi weider.

    Natiirlech wier et optimal, wann jidereen ënnert optimalen Konditiounen opwuessen kéint an sech dann och verstänneg, fräi an respektvill giff verhalen. Ass awer net de Fall. Also muss een OCH mat Bestroofung a Repressioun fueren. Mee ech ginn der Recht, d’Ursaach vum Problem läit méi déif.

  7. Anarchie: D’San an Reche-Mapuche. Sinn Beispiller vun Wikipedia, an méi wéi 10 Leit, jo. Wanns du mat Kollegen eppes mess ged et jo och keen “Chef”, oder?

    Pirat: Ech soen net, daat en alles soll piratéiren, mee déi phyesch Alben fir 10 Euro géif ech gären gesinn. Ech well keng DRM-Dateien lueden, déi ech net esou ansetzen kann, wéi ech well. Well dann kaafen ech eng Lizenz fir 10 Euro an keen Album. Well ech net. (Siehe: http://imgs.xkcd.com/comics/steal_this_comic.png)
    Wann ech eng Band gudd fannen, kaafen ech mir och Alben. Mee wiesou soll ech d’Copysmaschin net benotzen fir Saachen déi ech net géif bezuehlen?
    An fir engem eppes ze klauen, muss virdeischt mol een eppes besetzen bzw. zum Verkaaf unbidden (Ladendiebstahl). An dann muss ech dem et och nach wechhuelen, esou daat hien et net méi huet.
    Daat ass bei mp3en an Filmkopien net de Fall. Se ginn néirens esou unbueden an d’Musekindustrie besetzt hier Copien durno och nach emmer.

    D’Kriminalitéit ass sait Joeren reckleefeg, op manst zu Letzebuerg. Trotzdem brauchen mir méi Fliquen, méi Kameraen asw.

    Du sprechs dech effektiv fir d’Vorratsdatenspeicherung aus? Yeah, an daat an Zaiten wou mer all Woch eng néi Meldung iwer geklauten Donnéen kréien. Natirlech ass daat een Fehler am System, dirft net virkommen, etc. Mee et kennt andauerend vir. An ech well net, daat dat geschidd. Wou Donnéen sinn, hunn och emmer Leit Zougreff drop. Hannert enger Kamera setzt jo een, soss huet se nach vill manner Senn.

    Wenn mescht dann alles freckt? Wou sinn déi Leit dann? Waat ged dann freckt gemaach? Hues de Donnéen? Du klengs wéi wann all Daach en Zuch komplett auserneen geholl géif ginn – ech fueren immens oft mam Zuch, ech hun awer nach keng eng Kéier Auswierkungen vun Vandalismus am Zuch erliewt.
    An main Problem sinn eben net déi Leit déi alles futti maachen, mee déi Leit déi mech dobai filmen wéi ech ganz normal mam Zuch fueren. Ech well net dobai gefilmt ginn. An well ech wéineg Schied an den Zich gesinn, kann ech eng Iwerwaachung och net guddheeschen. Mee du hues jo bestemmt lo eng Statisik iwert déi béis Vandalen – ech gesinn nämlech keng.

    Wéi gesoot: D’Kriminalitéit geht rof, mee d’Repressioun geht erop. An ech froen mech, wiesou? Wiesou hunn mer all esou vill Angscht? An virun waat?

  8. >Anarchie: D’San an Reche-Mapuche

    Huh? Wat ass dat? Hunn och um Internet direkt eppes fonnt. Wéi grouss sinn déi ‘Gesellschaften’? A wat hunn déi sou op d’Been gestallt, alleng?

    >Wanns du mat Kollegen eppes mess ged et jo och keen “Chef”, oder?

    lol, wann keng Décisioun ka geholl ginn, oder wann keen eng wëll huelen, da muss een de Chef spillen an se huelen. Soss bléiwt et éiweg beim Diskutéieren. Wann engem d’Décisioun net gefällt, brauch en jo net matzemaachen.

    >Pirat: Ech soen net, daat en alles soll piratéiren, mee déi phyesch Alben fir 10 Euro géif ech gären gesinn. Ech well keng DRM-Dateien lueden, déi ech net esou ansetzen kann, wéi ech well. Well dann kaafen ech eng Lizenz fir 10 Euro an keen Album. Well ech net.

    Ech schwätzen vun digitalen Medien. Hues du nach en Kassetten oder CD Player? Déi meescht läit ginn mat DRM eens. Ech hat nach nie Problemer domadder!?

    A wat hälls de vun dësem Kompromiss: Du klaus der deng DRM-fräien Album (mat deems de maachen kanns, wats de wells) an keefs dann, wells de jo den Artist respektéiers, och säin Album offiziell iwwer iTunes oder wat och ëmmer. Mat der DRM-Versioun mëss de dann wats de wëlls, ass jo egal, wells de och die DRM-fräi hues. Also, wat hälls de dovunner?

    >Wann ech eng Band gudd fannen, kaafen ech mir och Alben. Mee wiesou soll ech d’Copysmaschin net benotzen fir Saachen déi ech net géif bezuehlen?

    D’accord. Mee lo ginn mer schon méi nuancéiert. Fir en Schrottfilm wéilt ech och kee vollen Präis bezuelen, well ech mech do verarscht fillen an ech nëmmen Qualitéit belounen wëll.

    >An fir engem eppes ze klauen, muss virdeischt mol een eppes besetzen bzw. zum Verkaaf unbidden (Ladendiebstahl). An dann muss ech dem et och nach wechhuelen, esou daat hien et net méi huet. Daat ass bei mp3en an Filmkopien net de Fall. Se ginn néirens esou unbueden an d’Musekindustrie besetzt hier Copien durno och nach emmer.

    Papperlapapp. Dat ass nees Semantik. FAKT bléiwt: Du (an och ech zum Deel) verschaafs der Accès zu artisteschen Material OUNI ze bezuelen. Dat ass KLAUEN. Op den Artist déi Saachen henno nees séier kopéieren kann oder net ass egal. Wat bléiwt ass: Du bezills NET fir säin kreativen Akt mat deem hier säin Liewensennerhalt verdëngt.

    >Du sprechs dech effektiv fir d’Vorratsdatenspeicherung aus? Yeah, an daat an Zaiten wou mer all Woch eng néi Meldung iwer geklauten Donnéen kréien. Natirlech ass daat een Fehler am System, dirft net virkommen, etc. Mee et kennt andauerend vir. An ech well net, daat dat geschidd. Wou Donnéen sinn, hunn och emmer Leit Zougreff drop. Hannert enger Kamera setzt jo een, soss huet se nach vill manner Senn.

    Wéi mengs de dann hunn se desläscht all die Pädophilen-Rënger ausgehuewen an die Läit identifizéiert? Wann sou eppes mat der Datenvorratsspeicherung gemaach ka ginn, sinn ech dofir. Dat selwecht fir soss kriminell Aktivitéiten.

    >Wenn mescht dann alles freckt? Wou sinn déi Leit dann? Waat ged dann freckt gemaach? Hues de Donnéen? Du klengs wéi wann all Daach en Zuch komplett auserneen geholl géif ginn – ech fueren immens oft mam Zuch, ech hun awer nach keng eng Kéier Auswierkungen vun Vandalismus am Zuch erliewt.

    Verschidden Bus- an Zuchlinien gesinn schéin ramponéiert aus. An dat selwecht hei giff och fir Graffiti, etc gëllen, wou jo desläscht nees e puer ganz Intelligenter duerch d’Stad gegeeschtert sinn.

    En plus, an wivill Bussen an Zich sinn die Kamera’en en effet installéiert? Hues du do eng Zuel?

    >An main Problem sinn eben net déi Leit déi alles futti maachen, mee déi Leit déi mech dobai filmen wéi ech ganz normal mam Zuch fueren. Ech well net dobai gefilmt ginn. An well ech wéineg Schied an den Zich gesinn, kann ech eng Iwerwaachung och net guddheeschen. Mee du hues jo bestemmt lo eng Statisik iwert déi béis Vandalen – ech gesinn nämlech keng.

    Do läit de Problem. Du (an aner Läit wéi d’ASTI, etc) gesinn NIE déi Läit die eppes futti man, déi die kriminell sinn, etc. Die Läit also wéinst deenen iwwerhaapt réischt sou Kamera’en etc installéiert ginn! Dat ass hypokritesch an en duebelen Standard.

    >Wéi gesoot: D’Kriminalitéit geht rof, mee d’Repressioun geht erop.

    Kanns de dat duerch Statistiken beléen?

    >An ech froen mech, wiesou? Wiesou hunn mer all esou vill Angscht? An virun waat?

    Virun Kriminalitéit (off- an online), Vandalismus, etc.

  9. Correctioun:

    >>Anarchie: D’San an Reche-Mapuche

    Huh? Wat ass dat? Hunn och um Internet NET direkt eppes fonnt. Wéi grouss sinn déi ‘Gesellschaften’? A wat hunn déi sou op d’Been gestallt, alleng?

  10. Anarchie: http://de.wikipedia.org/wiki/Anarchie#Gesellschaftsordnungen_indigener_Kulturen
    Wiesou mussen déi lo eppes “färdeg” bruecht hunn? Wiesou kann een Decisiounen net och no Konsens treffen?

    Piraterie: Do kann en lo eiweg diskuteiren, mee menger Meenung no ass eng Kopie net mat Ladendiebstahl glaichzesetzen. Weder Semantesch nach rechtlech. Net all Kopie wier och een Kaaf, also kanns de net soen daat wier “entganger Nutzen”. Mee daat ass jo genau daat Denken, waat vun der Musekindustrie propagéiert ged. Kulturflatrate!
    Ech kéint mol naischt bei iTunes kaafen, well ech keng Kreditkaart hun – an bis lo hun ech hei am Land nach keng Prepaidkaarten fonnt.

    Ech gesinn virun allem Leit, déi sech iwer Vandalen opreegen – mee du hues jo bestemmt Donnéen doriwer? Ech soen net, daat et keen ged an daat en naischt dogéint soll maachen, mee ech fannen notzlos Kameraen déi meng Privatsphär verletzen awer den falschen Wee. An ech well den Iwerwaachungsstaat net an Kaaf huelen, just well et e puer Vandalen an Terroristen ged an d Politik just Repressioun an Iwerwaachung anfaalen. Fir Kameraen sinn Souen do, fir Sozialhellef net?

    Kannerpornographie: Et ged och ouni Vorratsdatenspeicherung genuch Mettel, fir géint esou Leit firzegoen. Et muss en dofir net direkt all Mensch enner Generalverdacht stellen.

    Ech wees net, ob et nach vill Senn huet, wéider ze diskutéiren, well mir allen zwee eis Standpunkter hunn an wahrscheinlech net dovunner ofwaichen wärten. Ech maachen vlaischt mol en Artikel héi, wou ech op verschidden Saachen méi genee anginn.

  11. fireball:

    >Anarchie: http://de.wikipedia.org/wiki/Anarchie#Gesellschaftsordnungen_indigener_Kulturen

    Dat do sinn lo ZWOU archaësch Gesellschaften, mat tëschent 40 an 200 Läit pro Grupp. Wéi kanns du déi als Beispill huelen fir eis Zort vun Gesellschaften mat Milliounen, voir Milliarden Läit? Anarchie kann am Frendeskrees funktionnéieren (an dann nach), awer soss quaisi néirens. Ech verstinn net, wéi Lenksromantiker d’Anarchie esou veréieren an zelebréieren kënnen, wann et en System ass, deen (ab enger relativ klenger Zuel Memberen) no kierzester Zäit implodéiert.

    >Wiesou mussen déi lo eppes “färdeg” bruecht hunn?

    Sie MUSSEN net. Villäicht sinn sou anarchësch Hunterer & Gatherer Tribes am Dschungel jo wirklech méi glécklech, schwéier ze soen. Mee ech wéilt net op eng ganz Rëtsch Errungenschaften vun eisen net-anarcheschen Gesellschaften verzichten: Elektrizitéit, e schéint Bett an engem waarmen, stabilen Haus, Bicher, etc. FAKT bléiwt: anarchësch Gesellschaften brëngen keen Fortschrëtt (an ech supposéieren lo mol dass deen meeschten Fortschrëtt gutt ass), sie stagnéieren. An d’Anarchie widdersprécht der mënschlecher Intuition: et sinn ëmmer Läit, déi méi motivéiert (an/oder clever) sinn, wéi aneren. Déi wëllen weiderkommen, féieren, etc. An vill aner Läit hunn gären en Leader an zéien einfach mat.

    >Wiesou kann een Decisiounen net och no Konsens treffen?

    Uh … wat fir Décisiounen sollen dann do rauskommen? Sinn Décisiounen an Anarchie net e Widdersproch usech? A wéi giffs de zou deenen Décisiounen kommen? Per Majoritéit? Dat klengt awer dann net enorm anarchesch … eischter demokratesch.

    A wéi oft hunn ech schon mat Frënn diskutéiert, wat een dann lo, zb, den Samsden den Owend soll man. Dann geet et hin an hier, deen een huet, déi Iddien, deen aneren anerer, etc. A wann een sech net vum selwen op eemol eenegt, dann muss een d’Initiativ huelen a soen: sou, ech proposéieren lo dat hei. Ween mat man wëll, mëcht mat. Ween dat net wëll, mëcht eben net mat. Anerernfalls bléiwt een bis Mokusdag do sëtzen an hëllt keng Décisioun.

    Anarchie ass eng onméiglech Gesellschaftsform, déi nëmmen vun naiven Utopisten kann vertrueden ginn. Naiv Utopisten, déi awer gären all die Moyen benotzt, déi die net-anarchesch Gesellschaft (an hier Viergänger) produzéiert hunn.

    >Piraterie: Do kann en lo eiweg diskuteiren, mee menger Meenung no ass eng Kopie net mat Ladendiebstahl glaichzesetzen. Weder Semantesch nach rechtlech. Net all Kopie wier och een Kaaf, also kanns de net soen daat wier “entganger Nutzen”. Mee daat ass jo genau daat Denken, waat vun der Musekindustrie propagéiert ged. Kulturflatrate! Ech kéint mol naischt bei iTunes kaafen, well ech keng Kreditkaart hun – an bis lo hun ech hei am Land nach keng Prepaidkaarten fonnt.

    Klauen ass klauen. An du hues net genau erklärt, firwats de net en DRM-Album offiziell kafen giffs (well een numol engem Artist seng Leeschtung bezuelen soll an deen jo och vun eppes liewen muss) an der doniewent dann deen selwechten Album DRM-fräi irgendwou roflueds fir dann domadder maachen ze kënnen, wats de wëlls? Deng Äntwert giff mech interesséieren.

    Dass net all Kopie en Kaf wier, do ginn ech der absolut Recht. Ech hunn Lidder op mengem iPod, déi hunn ech nach nie gelauschtert an wäert dat wuel och nie. Kaaft hätt ech se natiirlech nie. Mee et geet net em déi. Et gët em déi, déi een en effet lauschtert (also benotzt). DEI Musek misst een bezuelen, soss ass et klauen. An natiirlech sinn ech do och net 100% konsequent. Mee ech ginn awer am Géigensaatz zu dir zou, dass ech do am Fong klauen. Och wann ech mer dat schéinrieden ;)

    Firwat hues de keng Kreditkaart? Aus ideologëschen oder finanziellen Grënn?

    >Ech gesinn virun allem Leit, déi sech iwer Vandalen opreegen – mee du hues jo bestemmt Donnéen doriwer?

    Ech hat dech gefrot ops du eng genau Zuel häss, wéivill Kamera’en an wéivill Bussen an Zuchen giffen hänken? Hues de déi oder net?

    Wat den Vandalismus ugeet, sou ass deen an verschiddenen Bussen an Zich offensichtlech. An den Graffiti-Dreck gesäit een och an der Stad un all zweeter Mauer.

    Du hues och meng Fro ignoréiert (genau wéi d’ASTI dat emmer mécht), firwat d’Täter net och responsabiliséiert, oder ugeschwat, ginn? Emmer ass et de béisen Staat, mee nie gët iwwert den Drogenhändler, den Vandale oder den Graffiti-Sprayer geschwat …. Dat ass hypokritesch.

    >An ech well den Iwerwaachungsstaat net an Kaaf huelen, just well et e puer Vandalen an Terroristen ged an d Politik just Repressioun an Iwerwaachung anfaalen.

    Gëff mer och wgl en Beispill vun Répressioun, ders du oder soss een, ausgesat ass?

    >Fir Kameraen sinn Souen do, fir Sozialhellef net?

    An ech sinn och fir Sozialhëllef, mee sie muss intelligent an efficace sinn. An nët nëmmen aus fidderen an Streicheltherapie bestoen.

    >Kannerpornographie: Et ged och ouni Vorratsdatenspeicherung genuch Mettel, fir géint esou Leit firzegoen.

    Wat fir eng Mëttelen wieren dat? Wéi giffs de déi Läit kréien ouni op hier Verbindungsdaten oder Kreditkaartendaten zereck gräifen ze kënnen?

    >Et muss en dofir net direkt all Mensch enner Generalverdacht stellen.

    D’Läit ginn net ënner Generalverdacht gestallt. Die Donnéen ginn just gespäichert fir se am Noutfall benotzen ze kënnen. Wat ass dorunner schlecht?

    >Ech wees net, ob et nach vill Senn huet, wéider ze diskutéiren, well mir allen zwee eis Standpunkter hunn an wahrscheinlech net dovunner ofwaichen wärten.

    Villäicht. Mee ech hoffen jo eis Standpunkter baséieren op Argumenter a Fakten an nët nëmmen blannen Ideologien? Am éischten Fall kéint een eppes bäiléieren, am zweeten net.

    >Ech maachen vlaischt mol en Artikel héi, wou ech op verschidden Saachen méi genee anginn.

    Ech sinn gespaant a fréen mech drop!

    Schéinen Sonnden nach :)

  12. zum Thema Anarchie: Ech mengen do lait en semanteschen/Verständnissproblem bei dir vir, soss wéißt du wuehl, daat en an enger Anarchie och Decisiounen treffen kann (och basisdemokratescher) Iwregens hun an Spuenien déi Gebidder, déi anarachistesch organiséiert waaren, méi produzéiert wéi aanerer.
    An wou ech eppes verherrlechen, well ech dech drop hinwéisen, daat Anomie an Anarchie net daat selwescht ass, gesinn ech net.

    Wann ech DRM-Fichieren kaafen an mp3en eroflueden sinn ech trotzdem an der Illegalitéit. Waat also brengt et mir, ausser dem gudden Gewessen “den Kenschtler ennersetzt” ze hunn (waat an denen meeschten Fäll esou eppes vun egal ass, well et dem Kenschtler vill méi Souen brengt, wann ech op seng Konzerten ginn, well op Albenverkeef keen méi esou richteg vill verdengt). An fir d’Lescht: Ech kaafen Alben. An ech fannen et eben legitim, eng Copiesmaschin ze benotzen, wann se do steht.
    Wéivill Schüler mat Kreditkaart kenns du?

    Wiesou setzt du mech emmer mat der ASTI glaich? Waat huet d’ASTI mat Kameraen an Iwerwaachung ze dinn? D’ASTI kemmert sech méi oder manner gudd em Migranten.
    Ech hun schon e puer mol gesoot, natirlech ass daat net gudd, natirlech mussen déi Leit bestrofft ginn, mee wiesou sollt ech drenner leiden, daat fir daat Ziel ze ereechen oneffikass an privatsphär-schiedegend Methoden angesaat ginn?

    Vorratsdatenspeicherung =/= Notzung vun Verbindungsdaten. An nee, lo well ech net méi wéiderdiskutéiren. Well mat Leit déi net informéiert sinn mescht et keen Spaß. Well ech fannen dain Onwessen genausou oncool wéi den Fakt, daats de mir virwerfs, op blannen Ideologien ze argumentéiren.

  13. >Ech mengen do lait en semanteschen/Verständnissproblem bei dir vir, soss wéißt du wuehl, daat en an enger Anarchie och Decisiounen treffen kann (och basisdemokratescher)

    A wéi ginn déi getraff? Wat wann zevill verschidden Meenungen do sinn? Gët eng anarchesch Gesellschaft duerch ‘vote par majorité’ gestéiert? Wat ass dann nach anarchesch drun?

    > Iwregens hun an Spuenien déi Gebidder, déi anarachistesch organiséiert waaren, méi produzéiert wéi aanerer.

    Vu wat schwätzt du? Beispiller wgl. An wat genau hunn, zb, Anarchisten erfonnt oder gemaach, wat d’Welt weiderbruecht hätt?

    >An wou ech eppes verherrlechen, well ech dech drop hinwéisen, daat Anomie an Anarchie net daat selwescht ass, gesinn ech net.

    Wat ass denger Meenung no deen idealen Gesellschaftstyp dann?

    >Wann ech DRM-Fichieren kaafen an mp3en eroflueden sinn ech trotzdem an der Illegalitéit. Waat also brengt et mir, ausser dem gudden Gewessen “den Kenschtler ennersetzt” ze hunn (waat an denen meeschten Fäll esou eppes vun egal ass, well et dem Kenschtler vill méi Souen brengt, wann ech op seng Konzerten ginn, well op Albenverkeef keen méi esou richteg vill verdengt).

    Ech hat jo gesot, dat do wier en Kompromiss, wéis de op der enger Säit kéins mat dengen Stécker man, wats de wëlls and gläichzäiteg awer och den Artist fir seng Arbecht bezills. Och wann just en Deel un hien geet (mee dann sollen d’Artisten halt hier Musek direkt online selwer verkafen?). An gees du wirklech op all Concert vun all Grupp deren Museks du lauschters an gutt fënns? Giff mech wonneren, zumools well Concerten oft méi déier sinn wéi en Download oder eng CD.

    >An fir d’Lescht: Ech kaafen Alben. An ech fannen et eben legitim, eng Copiesmaschin ze benotzen, wann se do steht.

    Den Createur (oder deen d’Copyright huet) giffen der do natiirlech vehement widderspriechen. An et bléiwt klauen, wanns du eppes benotzt (dat eppes kascht) ouni ze bezuelen. Do kanns du dech dréinen wéis de wëlls.

    >Wiesou setzt du mech emmer mat der ASTI glaich? Waat huet d’ASTI mat Kameraen an Iwerwaachung ze dinn? D’ASTI kemmert sech méi oder manner gudd em Migranten.

    Deng Argumentatiounsweis erennert mech un d’ASTI: déi, die sie verteidegen hunn niiiiiiiie eppes falsch gemaach.

    >Ech hun schon e puer mol gesoot, natirlech ass daat net gudd, natirlech mussen déi Leit bestrofft ginn, mee wiesou sollt ech drenner leiden, daat fir daat Ziel ze ereechen oneffikass an privatsphär-schiedegend Methoden angesaat ginn?

    ‘net gutt’? et ass SCHLECHT a FALSCH.

    Wanns du wirklech fënns, dass déi Läit bestrooft sollen ginn, dann schlo eng Method fir, fir se ze fannen oder ze verhënneren, dass sie hieren Schäiss man?

    >Wéivill Schüler mat Kreditkaart kenns du?

    Die meescht Studenten, déi ech kennen hunn eng Visa-Kaart. Mee du bass nach Schüler hei zu Letzebuerg? Hm, wees net. Hautzudags kéint een jo säin Tëschegeld (oder wat een sech soss verdëngt) iwwerwiesen kréien an dann mat enger Kreditkaart benotzen? Wann d’Elteren Bierg stinn oder wéi och emmer …

    >Vorratsdatenspeicherung =/= Notzung vun Verbindungsdaten. An nee, lo well ech net méi wéiderdiskutéiren. Well mat Leit déi net informéiert sinn mescht et keen Spaß. Well ech fannen dain Onwessen genausou oncool wéi den Fakt, daats de mir virwerfs, op blannen Ideologien ze argumentéiren.

    Wéis du wëlls.

  14. Anarchie: Siehe den schon verlinkten Wikipediaantrag.
    Ideal Gesellschaftsform: Anarchie, an enger utopescher Welt.

    Kompromess: Artisten déi hier Musek selwer verkaafen maachen daat an ordentlechen Formater. An déi kaafen ech och. Ech hun d’Lescht Joer méi Geld fir Konzerten wéi fir Musek ausginn. An op Konzerten CDen kaaft.
    An et ass net klauen. :-P

    Wou hunn ech weg. gesoot daat Vandalismus net falsch ass? Ech soot just, daat ech an menger perséinlecher Erfahrung net als groussen Problem wouerhuelen. Ech verteidegen keen, daat reims du dir zesummen – an ech kommen net dovunner lass, daat héi en groussen Batz Virurdeeler matspillen?
    Kameraen an Iwerwaachung sinn also probat Mettelen géint Vandalismus? Hues du Donnéen dozou? Virwaat soll *ech* eppes virschloen, well “Präventioun” ass fir dech jo emmer direkt “Kuscheltherapie”. Daat erennert mech béis un Stammdeschniveau.

    Wann ech Schüler soen, mengen ech Schüler. Esouvill Täschengeld kréien ech net, daat et sech géif lounen, eng Kreditkaart dofir opzemaachen. An aaneren Länner kann een um Internet mat enger Majestro-Kaart bezuehlen – mee zu Letzebuerg muss en jo schon Visa hunn fir en Vélo ze léinen.

    Wéi gesoot, ech mengen et ass besser ech maachen en längeren Post an huelen mer Zait fir Donnéen ze sichen wéi emmer schnell ze kommentéiren. Well wéi gesoot, ech schätzen dech als Diskusiounspartner, mee op manst bei dem leiten Thema schengt dach villes mat Virurdeeler belaascht ze sinn (wahrscheinlech och vun menger Sait aus).

  15. >Anarchie: Siehe den schon verlinkten Wikipediaantrag.
    >Ideal Gesellschaftsform: Anarchie, an enger utopescher Welt.

    Ok, mee déi gët et jo net. Ausser du gleews un den Himmel oder sou. Wat ass dann deng ideal Gesellschaftsform an DESER Welt?

    >Kompromess: Artisten déi hier Musek selwer verkaafen maachen daat an ordentlechen Formater. An déi kaafen ech och. Ech hun d’Lescht Joer méi Geld fir Konzerten wéi fir Musek ausginn. An op Konzerten CDen kaaft.

    Ok. Dann klaus de jo net nëmmen ;)

    >Wou hunn ech weg. gesoot daat Vandalismus net falsch ass? Ech soot just, daat ech an menger perséinlecher Erfahrung net als groussen Problem wouerhuelen. Ech verteidegen keen, daat reims du dir zesummen – an ech kommen net dovunner lass, daat héi en groussen Batz Virurdeeler matspillen?

    Du hues gesot et wier net gutt, wat net dat selwecht ass, wéi ze soen, dass et falsch ass. Dat selwecht gëlt fir Drogendealer, etc. Ech fannen et gutt, dass déi verfollegt an bestrooft ginn. Du net?

    >Kameraen an Iwerwaachung sinn also probat Mettelen géint Vandalismus? Hues du Donnéen dozou? Virwaat soll *ech* eppes virschloen, well “Präventioun” ass fir dech jo emmer direkt “Kuscheltherapie”. Daat erennert mech béis un Stammdeschniveau.

    Sie sinn probat Mëttel géint Vandalismus, Drogenkriminalitéit, etc. Sie léisen die Problemer sécher net. Mee sie verklengeren se, well mei Läit ofgeschreckt ginn. Wann een nie bestrooft gët, wat soll een dann färten?

    Firwat solls du näischt virschloen? Et ginn Problemer: Vandalismus, Drogenverkaf, etc. Et gët probéiert deenen mat Kamera’en entgéint ze trieden. Wann dir dat net gefällt, wéi giffs du et man? Oder einfach d’Läit weider Drogen verkafen loossen resp. Saachen fréckt man?

    >Wann ech Schüler soen, mengen ech Schüler. Esouvill Täschengeld kréien ech net, daat et sech géif lounen, eng Kreditkaart dofir opzemaachen. An aaneren Länner kann een um Internet mat enger Majestro-Kaart bezuehlen – mee zu Letzebuerg muss en jo schon Visa hunn fir en Vélo ze léinen.

    Ok. An dat mat de Velo’en ass en effet krass. Ass awer zu Paräis zb och sou. Ech mengen awer, dass een op béiden Plazen och eng Maestro Léisung huet, sinn awer lo net ganz sécher.

    >Wéi gesoot, ech mengen et ass besser ech maachen en längeren Post an huelen mer Zait fir Donnéen ze sichen wéi emmer schnell ze kommentéiren. Well wéi gesoot, ech schätzen dech als Diskusiounspartner, mee op manst bei dem leiten Thema schengt dach villes mat Virurdeeler belaascht ze sinn (wahrscheinlech och vun menger Sait aus).

    Ok, an d’selwecht. Mir sinn och net total opposéiert, mir hunn halt just gewëss Differenzen op gewëssen Punkten ;)

  16. Pingback: Fireball’s Weblog - (enjoying the postapocalypse) » Blog Archive » Piraten in Luxemburg

Leave a Reply

Your email address will not be published.