Podcast: Angscht a Schrecken am Iwerwaachungstaat

Es gibt ja immer Leute, die Angst und Schrecken mal in „politisch“ haben wollen. Ich bin ja der bescheidenen Meinung, dass dieser Podcast immer schon politisch war und ist. Aber bitte, heute, heute ist euer Tag, denn heute ist Angst und Schrecken politisch …

[audio:http://media.switchpod.com//users/angschtaschrecken2008/angschtaschrecken82.mp3]
MP3-Download Angscht a Schrecken am Iwerwaachungstaat

Die Musik stammt von Revolution Void und steht unter einer cc-Lizenz.

Achtung! Der alte Switchpod-Feed funktioniert nicht mehr! Ich bitte euch deshalb, den Feedburner-Feed zu abonieren, da ihr ansonsten keine Benachrichtigungen über neue Folgen mehr bekommen werdet!

A&S Podcast Feed ¦ A&S in iTunes oder anderem Podcatcher abonnieren ¦ A&S im iTunes Katalog

Oft froen mech Leit, op ech Angscht a Schrecken net och kéint politesch maachen. Ech kucken dann emmer e bessi komesch.
Ech sinn der Meenung, daat des Serie, desen Podcast, nennt et wéi der wellt, per se politesch ass.
Wann daat lo engem net anliicht: einfach wéider driwer nodenken. Politik huet net emmer mat Parteien ze dinn. Heinsdo huet Politik esouguer mat dem Croissant um Kaffisdesch oder den Drogenverreckter am Zuch ze dinn.

Mee haut, haut ass den Daag fir all déi leit, déi eng Kéier en „politeschen“ Angscht a Schrecken wollten hun. Well haut geht et em den Iwerwaachungsstaat.
Den Hunter S. Thompson soot eng Kéier, daat et esou eppes wéi Paranoia net géif ginn. Se sinn hannert dir, sait emmer, an wärten et emmer sinn. Ech wees net, ob daat stemmt, an ech ech wees och net, ween „sie“ sinn, mee ech kréien Angscht.

Et geht jo net Drogenverreckter am Zuch an Arschfueren vun komeschen Leit op Konzerten, déi mir Angscht maachen. Mir mescht den internationalen Terrorismus och relativ weineg Angscht. Vill méi mescht mir Angscht, daat ech mettlerweil op Schratt an Tratt gefilmt ginn

Ech sinn an der Stadt an kommen wéi esou oft – Ökohellegenschain ahoi – mam Zuch un. Wann ech mat engem vun denen néien Modeller gefuer sinn, sinn ech schon déi ganzen Zait gefilmt ginn, wéi ech telefonéiert, gelies, an der Nues gewullt, Podcasten gelauschtert oder Angscht a Schrecken geschriwen hunn.

Op manst virun der Gare ginn ech erem gefilmt, wéi ech probéiren mat dem néien onduerchsichtegen Bussystem vun der Staat Letzebuerg eenz ze ginn, waat ech dann opginn an verzweifelt an irgendeen Bus sprangen, an der Hoffnung, hien brengt mech dohinner, wou ech hinwell.

Klammen ech um Aldringer eraus, ginn ech do schon erem gefilmt – net nemmen vun der Police, mee och vun der Post an wahrscheinlech och nach vun e puer aaneren Leit an Firmen, déi em hier an eegenen Aussoen och em meng „Secherheet“ besuergt sinn.

Ech ginn wahrscheinlech méi oft gefilmt wéi Bewunner vum „Big Brother“-Haus. Anscheinend ged et déi Serie nach emmer. Ech hun irgendwann eng Kéier opgehall, Fernseh richteg ze kucken. Wann ech an Reim sinn, an denen en Fernseh leeft, probéiren ech, auszeblenden, waat do alles geschidd. Probéiren Leit mat mir iwer Fernseh ze schwätzen, kann ech endweder net matschwätzen oder just soen, daat ech déi Serien schon am Original gesinn hun, well Internet an Piratenbucht asw.

Angscht a Schrecken kommen op, wann een sech virun Aan féiert, waat do graad geschidd. Den George Orwell ged jo oft genuch zitéiert, mee hien haat sech einfach nemmen em e puer Joer verschaat. Elo sinn mir voll dran am Iwerwaachungsstaat – et sief dann, mir wieren eis dogéint, nach ass Zait.

Angscht a Schrecken kucken aus all Kamera, déi opgehaangen ged, se kontrolléiren all Nummer, déi ech ungeruffen hun an liesen main maschinnenliesbaren Pass aus.

Ech fillen mech manner secher sait iwerall Kameraen hänken, déi mech mat hiren mechaneschen Aan unglotzen an op denen eng Falsch Bewegung direkt registréiert ged.

Paranoia kennt op, wann ech mir ausdenken, wou daat alles hinféiert… Gesond kann et op alle Fall net sinn.
An Letztebuerg hänken baal esouvill Kameraen op den Awunner wéi zu London. An do sinn se jo bekanntlech Iwerwaachungsweltmeeschter.

Ech stellen mir fir, wéi e puer gelangweilt Polzisten hannert de Bildschirmer setzen an sech d‘Biller vun den Kameraen ukucken. Leit déi sech um Aldrenger mat hiren Frenn treffen, Leit wéi se besoff iwert d‘Gare treppeln. Vlaischt kann en am Park och nokucken, wéi Leit matneen knutschen?
Heinsdo, awer nemmen ganz heiansdo hun se dann och d‘Gleck, een Drogendealer kennen ze erweschen.
Mee wéi fillt en sech, wann en am Fong nemmen kann nokucken, wéi d‘Liewen vun deenen aaneren passéiert, während en selwer virun Monitoren setzt?
Ech froen mech eeschthaft, op et eng Art vun Muechtgefill ass oder op een sech an Wierklechkeet guer net esou mächteg virkennt, eischter schlecht, wéi en Voyeur?

Wéi oft soll ech schon gefilmt ginn sinn, wéi ech mir an der Nues gewullt hun? Ech maachen daat relativ oft an well ech esou ziemlech oft vergiessen, en Nueschnappesch ze huelen…mee daat well jo keen wessen. An et mescht mer Angscht, daat et Leit ginn, déi daat awer vun mir wessen, well se hannert Monitoren setzen an den ganzen Daag soss naischt maachen wéi nozekucken, wéi d‘Leit sech an der Nues wullen.

An daat mat den Kameraen ass jo nemmen eng Saach. Wann ech lo eng vun denen schicken néien e-go-Kaarten hätt, kéint en och relativ fex nokucken, wou ech dann meeschtens mam Zuch hin an hier fueren. Daat ass zwar net wirklech eng Iwerraschung, wann ech soen, ech wunnen un der nördlescher Front vum Gutland an fueren relativ oft an d‘Haaptstadt, mee trotzdem: ween geht daat eppes un, wéi oft an zu waat fir engen Zaiten ech hin an hier fueren?

Angscht a Schrecken ginn méi an méi grouss. An och d‘Flucht helleft naischt, well wouhinner well een flüchten? Daat enzegt, waat vlaischt helleft, ass, wéi esou vill Leit an Europa den 11. Oktober… op d‘Stross goen an seng Meenung soen.
­

An och do ass en dann anscheinend op Leit getraff, déi an hirem Arbeschtfetischismus net verstinn, daat en sech net nemmen all 5 Joer politesch engagéiren an Sätz kommen lossen wéi „Déi missten mol schaffen goen, dann hätten se keng Zait fir esou en Blödsinn“

5 Kommentare “Podcast: Angscht a Schrecken am Iwerwaachungstaat

  1. Du hues d’Kamera am Bus vun der Gare op den Aldringer vergiess. ;)

    Waat de Problem mam an-der-Nues-wullen ugeht: Géi eng kéier duerch den Zuch, wanns de Chance hues, setzen der jo grad éirens 2 ze knutschen, dann ass d’Chance, dass de gelangweilten [Whatever] ausgerechent dir nokuckt, wesentlech mi kleng… Alternativ kann ech bis elo och d’Toilette recommandéiren (allerdéngs géif et mech nit wonneren, wann zu eiser perséinlecher Secherheet, a fier dass do nit zevill Schäiss gemaach gett, demnächst och sou en digitalen Rail Marshal hänkt).

  2. Du beschreiws zwar an dengem Bericht zimlech detailleiert wou dass du an dengem Alldaag gefilmt gess an wei eng Aktiounen vun dir wahrscheinlech op Bild festgehaalen gin.
    Allerdengs kennt fir mech net kloer riwer wisou dann lo Angscht an den Schrecken optaucht. Vill froen bleiwen menger Meenung no op: Virun wiem hues du Angscht? Waat mechs du waat keen dierf wessen? An virun allem, wien intresseiert sech fir dech?
    All keiers wanns du duerch Staat leefs geheien honnerten vun Leit een Bleck op dech, an se wenden den Bleck meeschtens och rem ganz schnell rem of wells du naischt intressantes mechs. Also och Angscht an Schrecken virun all denen aanren Leit an der Geigend?
    Mat Secherheet begeins du och puer Polizisten an der Staat, kucken doen se dech weineg. Kameraen wou sech Polizisten hannendrunner verstoppen verhaalen sech dach genau selwescht, sie intresseieren sech net fir dech den naischt Verbuedenes mescht. Wisou och sollten dei no engem aanren Schema fonktionneieren wei all dei aaner Polizsiten dei Daag fir Daag un dir laanscht trepplen an naischt beises vun dir wellen?
    Bon kuerz gesoot, tausend Leit geheien Daag fir Daag een Aan op dech, wisou steiren dech dann lo dei puer Kameraen wous du drenner leefs, eng Kamera dei wahrschinlech een Puer Aan mei bedeiten an wahrscheinlech mol net dech kucken an hierem groussem Bleckfeld? Wanns du een rengt Gewessen hues dann dierft dech daat dach net steiren.
    Sollen mir demnächst all met Scheiklappen ronderem laafen fir nemmen kengem eppes weg ze kucken. An weh ech gesin dech nach eng Keier am Café den Bleck op mech fixeiert, dann hun ech dach nach leiwer d’Aan vum Staat op mir :) (ass natirlech net perseinlech gemengt, just als illustratioun geduecht)

  3. Also, virdallereischt Mol, d’Serie “Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg” ass ganz kloer mat vill Ironie an Sarkasmus gewürzt an eischter als Satir unzegesinn wéi als “Tatensachenbericht”. (Trotzdem sinn d’Saachen déi an der Serie behandelt ginn zu 99% wierklech geschidd.) Dozou gehéiert d’Stilmettel vun der Iwerdreiwung. Ech färten net wierklech Chreschtdekoratioun an ech hun och net panesch Angscht virun CCTV.

    Wann Leit mech kucken, gesinn ech daat. Wann Polizisten mech kucken, gesinn ech daat och an meeschtens hun ech keen Problem. Meeschtens gesinn ech esouguer, wann ech op enger Demo sinn an déi selwescht “Touristen” mech fir d’Drett fotographéiren, obwuehl se daat schons 300 Meter méi wait gemaach hun. Domadder hun ech wéineg bis keng Problemer, well ech kréien et jo mat – an ech wellegen duerch main Laanschtgoen jo an, daat ech gekuckt ginn. (Fotoen maachen ass eng aaner Saach)

    Bei enger Kamera gesinn ech net, ween hannendrunn setzt, ech gesinn net, ob ech graad gekuckt ginn oder een aaneren, ech wees och net, wéi an wéilaang déi Donnéen gespaichert ginn an wéi se schlussendlech ausgewärt ginn. An waat passéiert wann ech en Selwerpapéier bei den Mond féiren fir en Knätsch dranzemaachen an dann schnell laafen well ech speit drun sinn? Do kann main gewessen nach esou reng sinn, am Fong sinn ech jo schon verdächteg, well ech mech op enger sougenannter “geféierlecher Plaatz” befannen – soss misst ech jo net gefilmt ginn, oder?
    An et ass djeunachmol main gudd Recht, net iwerall bei allem wellen gefilmt ze ginn. Ech well daat einfach net, daat huet wéineg mat den Blecker vun aaneren Leit ze dinn.

    An d’Kameraen sinn jo nemmen d’Spetzt vum Aisbierg vun der Iwerwaachung, virun der ech “Angscht” hun.

  4. Ech denken du hues et mat deser Ausgab zimmlech op de Punkt bruecht. Weem dat ganzt lo nach net ze denken gett deem kann, an mengen Aan, och kee Mensch mei hellefen.

    Mir stinn emmer erem d’ Geneckhoer zu Bierg wann ech dei Argumentatioun vun deenen Leit heieren, dei “naicht ze verstoppen hun”. Secher, dei Kameraen, an waat wees ech net nach alles wier ALENG jo och guernet esou tragesch. (Ech fannen schon, mee bon) Et ass dat ganzt, wat den Iwwerwachungstaat ausmecht. De Joel (du ;-) ) huet hei “nemmen” e puer Puzzle-Stecker erwähnt. – Et ginn der awer leider nach vill mei. An iergentwann ass den Puzzle “Iwwerwachungsstaat – 5000 Pieces” komplett. Daat dauert leider net mei ganz laang…

    Ech denken dei Debatt iwwert de Senn vun der Iwwerwaachung kann een zimmlech kontrovers, an extrem lang feieren. Ech fir main Deel hun esou lues keng Loscht mei d’ Leit doriwwer opzeklären. Ech wärt daat awer onbeiirt weiderfeiren. – An ech hoffen vill aaner Leit och! Soss war et daat mat onser scheiner Fraiheet. (1984!)

    Fir dei, dei deen Kommentar bis hei hinn gelies hun: Et wor hei naischt neits ze liesen, dat dierft alles schon bekannt sin. Ech hun nemmen en Steen vun mengem Härz gehait… ;-)

    P.s. Ech fillen mech mat där doten Ausgab vun Fear and Loathing extremst geeiert. :-P Ech sin frou dass du en groussen (!) Deel zur Opklärung beidreis. Nach hun mer net verluer.

    P.s.s. Sorry fir meng fehlend Strecher op sou munchem Vokal, mee ech hat keng Loscht main Tastaturlayout extra ze enneren. Ech schreiwen halt ganz selten letzebuergesch.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *