De Pianocktail Mixtape Bengel pt. 3

Ech hu mer no der kuerzer Diskussioun iwwer Mixtapes hei geduecht ob een net sollt probéiren dat alt Mixtape-Kettenbréif-System Web 2.0-fäheg ze man. An voilà , hei starten ech dat ganzt. De Prinzip ass einfach: Hei drënner hudd dir en Intro mat engem éischten Lidd. Ech delegéiren un en aanere Blogger weider, do en Lidd drunzehänken. Dien veröffentlecht en Post am Stil vum Text hei drénner, an délegéiert un en aanere Blogger, soulaang bis mer 10 Lidder hun. Dann kritt all Partizipant d’Kassett mat engem flotten Inlay geschenkt. Zousätzlech verlousen mer 5 Mixtapes un all d’Lieser, déi hei nach niiie e Kommentar oofgin hun. Super, ne? Alles wat se dofir mussen man, ass um Post wou dat Finalt Tape viirgestallt gëtt kommentéiren. Toll toll toll!

D’Säit wou den Hues leeft ass hei. Do fannt dir all wichteg Infoen, wou mer dru sin, ob wat dir musst obpassen wann dir gewielt sidd dat ganzt weiderzeféiren etc.
schreiwt den Thorben. An de Chris huet mech nominéiert gehaat fir den dretten Deel vum Bengel, den och elo bei mir ukommen ass.
Ech hunn mir e bessen Zait geloss, fir een Lidd ze fannen, daat och richteg passt. Normalerweis hunn ech domadder eischter weineg Schwieregkeeten, stellen heinsdo ganz Playlisten fir Sendungen an e puer Minuten zesummen. An dann stellt sech d‘Fro, ob ech dann leiwer den Gonzojournalist, den Melancholiker, den Rocker oder den Elektrogefreckelsfan eraushänken well lossen.
Souvill sierf verroden: Ech hunn mech fir den Melancholiker entscheed, mee den Rocker net entäuscht.

pianocktail mixtape

Lidd Nummer Eent…

…kennt vum Thorben
…heescht Je t’emmène au vent vu Louise Attaque
…bedeit him laang Owenter bis moies em véier am Flying mat sou villen Leit an esou villen gudden Momenter.
…an passt heibai

Lidd Nummer Zwee…

…kennt vum Chris
…heescht Skinny Love vum Bon Iver
…bedeit him e wonnerbaren Album, deen en am Dezember 2008 entdeckt huet a bis well rop a rof läuschtert.
…an passt heibai

Lidd Nummer Dräi…

…kennt vum Joël
…heescht There Are Some Remedies Worse Than The Disease vun This Will Destroy You
…bedeit him een Lidd, waat wéi gemaach ass fir dobai ze schreiwen, am Reen mam Auto ze fueren an dobai ze fëmmen, fir d‘Gedanken op d‘Rees iwert groniweleg Länner ze maachen, iwert denen en Zeppelin schwiewt.
…an passt heibai
…an geet weider un de Grommel, well ech nët vill iwert dem sain Museksgoût wees – an méi wessen wëll. Charel. Waat lauschtren Leit, déi sech mat mTOR beschäftegen, fir Musek?

[audio:http://soulzeppel.in/wp-content/uploads/2009/01/baton3.mp3]
baton3.mp3

9 Kommentare “De Pianocktail Mixtape Bengel pt. 3

  1. Pingback: Den drëtten Bengel ass do! | Pianocktail

  2. Merci Joel, mee gëff en fir de Moment mol un een aneren weider! Ech hunn grad net zevill Zäit an kéint mech och net fir een Titel décidéieren … falls der henno nach eng 10ten braucht, kënnt der jo nach eng Kéier op mech zereckkommen!

  3. Pingback: sad autumn

  4. Pingback: bloGeescht : De Pianocktail Mixtape Bengel pt. 5

  5. Pingback: Wortgefecht » Blog Archive » Mixtape Bengel die Siebte

  6. Pingback: myclaude dot org » Blog Archive » Pianocktail Mixtape Bengel Pt 8

  7. Pingback: Pianocktail Mixtape Bengel Pt. 9 « effleurage - n. gentle stroking used in massage.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *