Ich habe jetzt auch einen flattr-Account. (Was das genau ist, wird in dem Video oben erklärt.) Weil ich das Prinzip, den Menschen, die mich erfreuendes im Internet produzieren, eine kleine Spende zukommen zu lassen, sehr reizvoll finde. Also, selbst flattrn zu können war der Hauptbeweggrund, mich auf die invite-Liste setzen zu lassen. Ob ich das System in mein Blog einbauen würde, wollte ich mir erst noch überlegen. Da Thierry danach gefragt hat, hier auch flattern zu können, habe ich es erstmal eingebaut. Mal sehen, wie erfolgreich der Versuch wird.
Ich freue mich natürlich über jeden flattr, aber ein Kommentar mit einem kurzen Text à la „Das hat mir gefallen!“ ist mindestens genau so viel Wert.
Und wer noch keinen Account hat, ich habe zwei Invites, die ich gerne vergebe. Wenn ihr mir per Kommentar Bescheid sagt, schreibt eine richtige Emailadresse in das Feld, damit ich euch den Invite-Code schicken kann.
Hurra!
Und wenn ich jetzt noch rausfinden würde, wie ich das blöde Plugin auch bei mir endlich zum Laufen bringe, wäre ich auch etwas glücklicher.
(Boah. Ich musste meinen Usernamen manuell in die Datenbank eintragen. Über die GUI hat das Plugin es nicht angenmmen. Jetzt gehts.)
Das Plugin braucht auch deine ID, also eine Nummer, nicht deinen Usernamen. ;)
Aber wenn es geht, umso besser! Yeah!
Ich wäre an einem Invite-Code interessiert. Bin seit gestern auf der Invite-Liste angemeldet, mit Code ginge es natürlich schneller.
@Thierry: Scheint so als hätte das Plugin dein Layout zerschossen? :/
Oh fein :-) (Habs schon, ergo kein invite nötig)
Ech gesi keen Flattr Knäppchen?
Ech allerdengs schons. Klick fir Screenshot.
@Georges
Jo, ech hunn d’Nuecht duerch u mengem Layout gespillt gehat. Et misst elo okay sinn?
Joel:
Ass ok. Eise Firewall filtert den flattr Knäppchen aus irgendengem Grond eraus … vun doheem aus gesinn ech en.
Ech mengen Antivir huet gëscht och wéinst dem flattr-Code falschen Alarm geschloe. Villäicht ass dat jo de Grond dofir. Mä bass du net den admin vun der Firewall? ;)
mein antivir mecht dauernd virenalarm an der sessionstore.js ech muss soen dat ass äusserst penibel an et schengt definitiv un flattr hei ze henken.
ech haalen deen ganzen prinzip fun dem flattr modell iwregens fier bedenklech ech sin erstaunt dass hei nach keng hetzeg grondlagendiskussioun ausgebrach ass.
Géif mech froen, ob se just bei mir um Site esou ass, oder ob flattr soss nach Sessionstore-Alarm ausléisst?
Wat hälls de dann fir bedenklech? Ech haalen et fir bedenklech fir irgendwelch Aussoen ze maachen, eng Grondlagendiskussioun eropzeschwieren, mä iwerhaat keng Argumenter ze brengen. Bzw. et nervt mech an ass schlechte Stil.
haat beim thierry och en alarm. leisst sech awer nemmen zu 50% reproduzeieren / wann een seet antivir soll ignoren geet et eng zeit an dann beemol kennt en rem.
waat haalen ech fier bedenklech ?
ech erenneren mech ganz gutt un dei grouss opreegung frun enger zeitchen wei eng gewess firma/organisatioun wollt fouss fassen an der blogossphäre mat enger reklamms/marketings/bloggeschäftsidee.
well ech lo schon dei grouss kreesch heieren dass een dat null vergleichen kann: et geet zweemol em geld, an et geet zweemol doremmer dass een als blogger net entschiedegt gett fier wat een mecht/oder net mecht. (an ech bieden ierch mer fern ze bleiwen mat engem argument à la : hei geet et just symbolesch drem meng appreciatioun ze weisen; dei weist een grad sou gutt wann net besser, well net anonym, mat engem kommentar)
souweit ech mech erenneren goung et deemols zu engem groussen deel em objektiviteit an onoofhängegkeet fun blogs. an ech gesin an deem system hei eigentlech di nemlecht problemer.
natierlech mecht een net reklamm fier eng firma mais d’gefoer sou ze bloggen dass een engem meiglechst groussen publikum gefällt haalen ech fier net onerheblech.
dat selwescht gelt fier den lieser deen seng flattr’s verdeelt, beemol geet et nemmen nach drem seng stecker kuch gleichmeisseg an gerecht an meiglechst op fille plaatzen ze verdeelen.
dat ass fier mech bessen contraproduktiv an engem medium wat eigentlech relativ häuslech an intim ass. (du flattrs den thierry den thierry flattr’t dech an wa mer ferdeg sin huet der allen beid geld bezuelt an geld kritt mee dier huet dobei roud zuelen gemach ? ech mengen wtf gidd zesummen een huelen dofun hudd der mei ? geld schenken ass net sentimental menger meenung no egal wei gutt een sou eng idee verpeeckt an dofier fannen ech et extrem onlogesch en like button mat engem donate button ze kreizen)
wann een well eng grupp ennerstetzen oder en projet ennerstetzen gett et emmer nach meiglechkeeten wei paypal an cd’en oder merchandising kaafen.
wann een als blogger geld brauch kann een emmer reklammen zouschalten domat bezillt den lieser och ouni dass en an eng roll gedrängt gett wou en gezwongen gett ze flattr’en aus den falschen ursachen raus (well deen aneren bei him flattert, well en leschten mount geflattert huet, well en sein flattr quota fier desen mount nach net erreescht huet, well en net well dass deen aneren wou en geflattr’t huet seng ganz flat rate fier den mount kritt etc an w.e.g. ziel mer keen dat wieren net sachen die gingen gescheien mier liewen keng utopie wou jiddereen emmer zu 100% altruistesch an ethesch ass).
make no mistake mier sin kapitalisten an all transactioun mat geld ass kapitalistesch an rifft entspriechend motivatiounen erfier.
ajo an ech haalen et fier bedenklech an fier schlechten stil genervt ze sin an ze billen wann een mol eng keier en liichten sarkasteschen kommentar hannerleisst ouni gleich en roman ze schreiwen fier en ze rechtfertegen. en plus wo dat en kompliment un dein an dengen lieser hiert intellekt well ech dofun aus gin dass der all gescheit genuch sidd fier net wei groupies alles duerch de rosa brell ze gesin mee selwer wesst dass et bei allem duerchaus positiv an negativ seiten gin. ech wo fillmei erstaunt dass ausser technesch aspekter nach neischt anescht zum thema gesoot gouff wat mech zreckbrengt op mein kommentar dass ech iwerrascht sin dass hei nach keng hetzeg grondlagendiskussioun amgaangen ass wei ech dat eigentlech bei quasi all blogpost wou et net grad em prosa geet gewinnt sin.
q.e.d
p.s. schlussendlech ass et jidderengem sein gutt recht iwert den service ze denken wei en well an en ze benotzen oder eben och net ze benotzen. insoufern war mein kommentar wahrscheinlich ill-judged well ech perseinlech der meenung sin dass et sech zwar fier mech em eppes net sou ganz superes handelt mais et mer am prinzip net weert ass doriwwer groussarteg ze diskuteieren.
an mat deem schlusswuert klinken ech mech dann och aus der diskussioun rem raus ech denken ech hun meng meenung erklärt ouni iergendeen perseinlech ze verletzen an ech hun keen besoin bekeiert ze gin sou wei ech och keen besoin hun ierch ze bekeieren.
nichts für ungut
Ech si flattered, dass ech mëttlerweil 3 Invite Codes hunn, deen éischten de Moien duerch mäi Comment méi uewen vum Joël kritt (merci :) ), dann nach 2 beieneen vun de Schweden. Ech fannen dat erstaunlech séier fir sou ee Service, deen déi Interesséiert op eng Waardelëscht setzt, ass déi Waardelëscht awer éiere just en Teaser fir eppes wat a Wierklechkeet scho prett ass fir jiddereen?
Wann also een aneren un engem Code interesséiert ass kann e sech lo och u mech wenden. Ech si mer nach net am Kloeren ob oder wéi ech dee Button op mengem Blog abaue soll, well et engersäits do schonn een (net monetären) Like-Button gëtt, anerersäits ech mer d’Fro stellen, ob ech dann net och de Facebook-Button ubidde misst, sou dass fir déi meeschte Goûten eppes dobäi wier. Et ass de spilleresche Reiz eppes Neies am Social Web auszeprobéieren dee mech dozou gefouert huet, mech bei flattr unzemellen. A vläicht och e bëssen de Reiz hei an do e klengen Don ze maachen. Sou wäert ech da wuel och éischter op engem Student sengem Blog flattren wéi op Spreeblick z.B. (net well ech hier Aarbecht net honoréiere willt, mä well de Johnny Haeusler selwer drun zweiwelt).
Dem Serge seng Argumentatioun dozou fannen ech liesenswäert a seng Opfuerderung een huelen ze goen erënnert mech un ee vun den éischte Bäiträg déi ech gelies hunn wéi ech op dësem Blog geland war (deemools nach Fireball’s Weblog, Punkt 2.2.2). A lo flattert eng 1 op déi Säit.
Merci Serge fir deng laang Argumentatioun, ech hoffen ech sinn dir net ze vill op de Fouss getrëppelt. Dat hätt ech op mannst net gewollt.
Ech fir mäin Deel wollt net méi laang driwwer diskutéiren, well d’Diskussioun fir mech schon gefouert gouf. Een ganz gudden Artikel kennt vun iheartdigitallife: Flattr ist keine Umverteilung
Zu der Geschicht mat “dat ass jo wéi bei Vanksen”: Gesinn ech net esou, well een anti-Mechanissem agebaut ass. Während bei Sponsoring a Reklamm ëmmer eng extrinsesch Motivatioun, Saachen ze schreiwen déi evtl. Reklamsclienten gefalen an näischt ze schreiwen wat Reklamsclienten vergrault do ass (déi natirlech och zu enger intrinsecher gëtt!), ass déi Motivatioun bei flattr komplett intrinsesch. Ech weess jo net, ween mech flattert, wéivill Cent dat sinn an wisou de bestëmmten Artikel geflattrt ginn ass. (Ausser bei dem 1 flattr um Zeroisteschen Manifest, cf. Georges 2010, s.p.) Genee dowéinst denken ech, dat et net zu esou engem Lenkungseffekt wäert kommen, well et einfach zimlech net ze duerchkucken ass, wisou wat geflattrt gëtt.
Natierlech wier et komesch, wann ech dem Thierry an ech him Suen hin an hier schécke géif. An natierlech ass zesummen een huele goen ëmmer nach besser. Ech kann awer net mat jidderengem, dem ech flattrn wäert, een huelen goen. Ech liese net nëmmen lëtz. Blogs, mä virun allem anerer. An flattr ass jo net deen eenzegen Feedbackkanal, mä Kommentaren ginn et ëmmer nach. Hei am Blog ass awer schon oft festgestallt ginn, dat d’Leit sech schwéier dinn, Kommentaren ze ginn. Elo gëtt et een Like-Button. Dat deen am Maximalfall 20 € (méi kann een pro Mount bei flattr net verdeelen) kaschte kann, fannen ech OK, een Kommentar schreiwen kascht dogéint jo näischt.
Ech sot gëscht zu engem Kolleg, dem ech flattr erklärt hunn, mäin Maximalziel wier et, meng Hostingkäschten opzedreiwen.
D’Kapitalismus-Argument gëllt natierlech. Woubäi flattr d’Potential hätt, gewëss Strukturen, wéi z.B. sou Verwertungsketten à la Musekindustrie, déi de Kapitalismus extrem kacka maachen, opzebriechen. Op et wierklech “eppes änneren” kann, bleift ze gesinn.
Ech gesinn flattr als Experiment. Ech mengen d’Diskussioun huet hei net statt fonnt, well flattr eben scho vill vun aneren Leit diskutéiert ginn ass.
Pingback: bloGeescht » Blog Archive » To flattr or not to flattr
Ech verstinn de Verglach tëscht Vansken a Flattr iwwerhaapt net. Bei Vanksen huet sech eng Firma, där mir dat Recht ni ginn haten, als Representant vir eis virun d’Press gestallt. Flattr ass ee Micropayment System. Wéi ee PayPal Knäppchen (deen jo anscheinend fir dech okay ass), mam Ënnerscheed dass et a) méi einfach b) anonym ass.
Wéi de Joël och scho festgestallt huet, kann ee net mat jiddferengem eppes drénke goen, deen ee liest. An esouwäit ewéi de Joel an ech mëttlerweil vun eneen ewech liewen (iwwer 1700 Kilometer) géingen sech ënner Emstänn och schon e puer Fässer usammelen déi mer eis misste géigesäiteg ausginn. :) Mä wéi de Joël och scho sot, ass et virun allem fir Leit mat deenen een näischt kann drénke goen. Ech bezweifelen, dass ech den Johnny Haeusler oder Merlin Mann jemols kann op eng Taass Kaffi invitéieren, geschweige denn dass déi sou eng Invitatioun géingen unhuelen. Ech liesen – respektiv lauschteren a kucken – déi (an anerer) awer extrem gären. A wann ech hinne mat e puer Cent ka meng Unerkennung weisen, firwat net?
Schreiwt een anescht just well een e puer Cent wëll? Ech hu lo scho laang de “like” Knäppchen um Blog. Schreiwen ech dofir anescht? Nö. Ech schreiwen d’Selwecht. Dat, wat mir gefällt an dat, wat mir Spaass mécht. De “like” Knäppchen weist mir just, wann Leit eppes gefällt. Ech zwénge jo och keen, mech ze bezuelen. Mä wien dat wëll maachen huet déi Méiglechkeet dann elo.
Wéi ech beim Georges geschriwwen hunn, ass dat Ganzt (fir mech) wahrscheinlech e Verloschtgeschäft. Ech gleewe net drun, dass ech méi ewéi 2€ am Mount erakréien. Mä dat ass egal. Mir geet virun allem drëm, kënnen aner Leit ze flattrn. Esouwéi ech Musék, Bicher a Filmer kafen, kann ech dann elo och Leit e bësse Geld ginn déi ech soss net bezuele kéinnt. Vläit ass den Hype an engem Joer eriwwer. Vläit bewäert sech de System. Dofir hu mer jo e fräie Marché.
D’Iddi dohannert ass jo, dass een Mënsch iergendwou op der Welt setzt, eppes kreatives mécht, dat mat der Welt duerch den tollen, modernen Medium “Internet” deelt, d’Leit kucken et an et gefält hinnen. Wann de Kënschtler lo eng Ausstellung gemaacht hätt, hätt en do kéinten Entrée froen, an mat deenen Suen sech nei Faarwen o.ä. finanzéieren kennen. Well dat am Internet jo schwéier machbar ass, ass flattr eng gutt Iddi.
Virun flattr hunn mer dat mat dem PayPal Donation Button gemeet. Et war méi ëmständlech, kloer, mä ass dat net grad sou gutt? Et soll een jo mat Bedacht engem eppes dofir ginn, well et engem gefält. Et geet een jo och bewosst an eng Expo an bezillt Entrée. Bei flattr geschitt dat Donaten mat engem klengen Klick, et ass onperséinlech, et ass (emotional gesinn fir deen, deen drop klickt) dselwecht vill Wäert wéi en “I Like” op Facebook oder en “Thumb Up” op StumbleUpon. Dat stéiert mech bëssen. Wann ech een ënnerstëtzen, da man ech dat gären, an sinn mer doriwwer bewosst. Ech hunn Angscht, dass een bei flattr bëssen d’Relatioun mam Auteur sou verléiert.
Dass Leit fir eng Foto, déi se gegoogled hunn en flattr-Klick kréien ass einfach net okay menger Meenung no. D’Leit klicken séier op den flattr Knäppi, et ass wéi de Stär beim Thierry oder den “I Like” op Facebook, an se sinn sech net sou richteg iwwert d’Konsequenzen bewosst. Et ass hinnen jo och egal, se bezuelen 5€ de Mount an méi kréien se wahrscheinlech och net mat.
Wat ech géing vill méi interessant fannen wier sou eppes wéi eng Kombinatioun vun Stumble Upon an Flattr. Du mëss der en UserAccount, bezills eng bestëmmten Somme am Mount, du kanns Säiten contributen. Wann déi Säit, déis du contributed hues vill Thumbs up krut, kriss du e klengen Prozentsaatz vum Gewënn (sou geet een sécher, dass ëmmer interessant Säiten dobäi kommen), an den Auteur vum Site kritt dann d’Stécker vum Kuch. Ass technesch an organisatoresch wahrscheinlech zimmlech opwänneg an komplex, mä ech géing dat méi interessant fannen wéi et bis elo ass.