„D’Politik, Madame, ass kee Spill …“

De Max, de Manuel an den Thierry hunn schonn eppes zu dësem Thema gesot, ech well meng Gedanken dann och lass ginn …

Vladimir Putin in Luxembourg 24 May 2007-18

Eng vu menge éischte Kandheetserënnerungen, déi iergendeppes mat Politik ze dinn hunn ass de Radio an der Kichen, den ausgesinn huet wéi eng Miniaturjukebox a wahrscheinlech och just den RTL empfaangen huet, wou ëmmer méi dacks iwwert den Saddam Hussein geschwat ginn ass. Eisen heitege Premier, Staatsminister, deen och emol Finanzminister an „Mr. Euro“ war (wéi vill Titel huet de Mënsch eigentlech?), hunn ech net wouer geholl – säi Virgänger allerdéngs och net. Wisou grad den Numm vum „Béisen“ bei mir hänke bliwwen ass, weess ech net, mä wahrscheinlech huet et mat der Gedankewelt vun engem Dräijäregen ze dinn, wou gutt/béis Kategorië sinn, déi nach Sënn erginn.

Als Ettelbrécker Kand ass den Jean-Claude Juncker heiansdo als Märchefigur opgetrueden, déi Famill war mat enger aner Figur, déi eng komesch, bal scho mythologesch Aura rondrem sech hat: den deemolege Buergermeeschter, den Édouard Juncker, war mam Premier Famill – a seng Enkelen si mat mir oder menge Geschwëster an d‘Spillschoul gaangen. Een ze kennen, deen een kennt, deen e kennt – méi „lëtzebuergesch“ hätt een am Fong net opwuesse kennen.

Fir grouss géint den Irakkrich 2003 demonstréieren ze goe war ech deemools nach e bëssen ze jonk, ech hunn allerdéngs driwwer gebloggt an si mat engem Band mam Peace-Zeechen drop op der Stir ronderëm gelaf. Ech duecht deemools, dat wier impressionant. Et ass géint Amerika a géint den Bush gaangen. Lëtzebuerg war just esou laang interessant, bis een eng Positioun zum Krich gewuer ginn ass. Wien huet déi gemaach? De Juncker selwer? Oder d‘Madame Polfer, déi deemools jo Ausseministesch war? (Wat mir net esou bewosst war, als Schüler. Vill méi wichteg war d‘Madame Brasseur, déi stänneg komesch Reforme gemaach huet an Bréiwer un d‘Léierpersonal geschéckt huet, si sollten sech gefällegst un d‘Unterrichtssprooch halen. Wat meeschtens genee eng Stonn laang funktionéiert huet.)

Et koumen dunn Chamberwahle vum 13. Juni 2004, bei deenen ech nach net hunn dierfe mat wiele, mä ech hat d‘Gefill, mech géif dat méi interesséiere wéi zum Beispill meng Eltren. Ech erënnere mech un de Bekannten, dee mech zum Radio ARA bruecht huet, dee gefaart huet, d‘DP géif nach eng Kéier an d‘Regierung kommen an seng Dreem vun engem néie Lycée näischt ginn. Och hei beuertechenswert: de Juncker, d‘CSV an hir Victoire gi net a Fro gestallt. Dat déi gewannen ass e Naturgesetz, politesche Spillraum bleift just beim Wiele vun engem Koalitiounspartner. E Familljemember vu mir huet um Wahlsonndeg dann och stolz erzielt, de Juncker „fir Europa“ gewielt ze hunn, well do géif hie jo vill fir eist Land maachen. Ech loossen dat mol sou stoen, mä am Endeffekt sinn ech frou, dat d‘Parteien sech mëttlerweil drop gëeenegt hunn, keng Doubel Kandidat_innen fir National- an Europawahlen op d‘Lëscht ze setzen.
5 Sëtzer huet d‘CSV deemools gewonnen. Naturgesetz? Naturgewalt. Méi Setzer hat „de séchere Wee“ di leschte Kéier deemools, mam Santer, 1984.

Ech ka mech erënneren, wéi den Jean-Claude Juncker am Radio voller Roserei ugekënnegt huet, d‘LSAP géif elo den Educatiounsministère kréien. Well si wéisste jo alles besser, da kéinten se et elo och besser maachen. Ech souz am Auto a sinn bei ee Noexame gefouert ginn.

2005 hat Lëtzebuerg de Virsëtz am Rot vun der EU. Et gouf am Summer eng grouss Demonstratioun dogéint, déi sech awer virun allem géint eng neoliberal, kapitalistesch Ausriichtung
vun der EU an wéineger géint de Juncker geriicht huet. 2005 war awer och d‘Joer vum Referendum iwwert d‘EU-Verfassung. Mat senger Drohung, bei engem Ausgang géint d‘EU-Verfassung, zeréckzetrieden hunn ech de JCJ als Erpresser an Erënnerung. Wann een sech seng Aussoen iwwert den Konvent („Der Konvent ist angekündigt worden als die große Demokratie-Show. Ich habe noch keine dunklere Dunkelkammer gesehen als den Konvent“) an den Vertrag iwwerhaapt ukuckt, da freet een sech, firwat et da néideg war, esou eng Drohung an de Raum ze stellen. Un der Realitéit kann et, no den zwee negative Referenden an Frankräich an Holland, jo net geleeën hunn. Vläit wollt hien de Poste vum EU-Ausseminister fir sech, vläit hätt hien en deemools och kritt.

De Protest géint de 5611 huet mech an zwee gespléckt, well ech d‘Saach an d‘Diskussioun doriwwer (déi mir – an der Ackerbauschoul! – och am Klassesall gefouert hunn) wichteg fonnt hunn, mä déi massiv Demonstratioun virun allem zum Schluss als Gaudi an „een Dag Schoulfräi“ erlieft hunn. Anerersäits ze gesinn, wéi Membere vun der UNEL eng Propose fir een neit, bessert 5611-Gesetz geschriwwen hunn, dat war beandrockend. Ech hunn meng Reportage vun deemools leider net méi, mä als „Nowuesjournalist“ – wei ech mech deemools gesinn hunn – hunn ech natierlech d‘Protester géint den Biltgen an den CSV-Staat dokumentéiert. De Juncker huet mat sengem Sproch iwwert den „Hotel Mamma“ eng Roll gespillt, wann och keng esou eng grouss wéi de Biltgen, deen deemools och op myspace seng musikalesch Referenz krut. (Allerdéngs krut déi den Jean-Claude Juncker och, an zwar vum Serge Tonnar mat „E Mann, E Wuert“, wou et, esouwäit ech weess, och ëm den 5611 geet.)

Dunn ass d‘Kris komm, an ech hu mech dobäi erwëscht, wéi ech geduecht hunn, de Juncker a Konsorten, déi wäerte scho wëssen, wat se maachen. De Juncker ass Jurist, hien huet net een eenzegen Dag an der Privatwirtschaft geschafft an wouhier hien säin Ecoswëssen huet, well ech haut am Fong guer net méi wëssen. Vläit huet hien och e Bofinger doheem (Ech hunn deemools just eng Zesummefaassung geléiert, mä grondsätzlech hätt ech een Bofinger).

Haut geet mir de JCJ op de Sou. Hien gëtt keng kloer Äntwerten, hie gëtt frech Äntwerten. Hien ass net Member vun der CSV, mä d‘CSV sinn „déi mam Juncker“. Hien hellt sech gären aus Diskussiounen zeréck, fir da mat enger salomonescher Léisung ze kommen. Ech géif hie gären eng Kéier interviewen, mä ech géif wahrscheinlech immens versoen. Um Wahlowend 2009 ass hie mir extrem arrogant eriwwerkomm, virun allem wéi ëm dem Här Hoffmann gesot huet, et géif jo leider net duergoe fir eng Koalitioun. Wéi ech ugefaangen hunn, dësen Artikel ze schreiwen, hunn ech mech gefrot, op den Jean-Claude Juncker riicht, wéi al Leit nu mol richen, oder op hien iwwerhaapt kee Geroch huet. Een Typ, deen sech driwwer opreegt, dat d‘SREL-Affaire vill Journalist_innen interesséiert. Am Fong net ze verstoen, wéi hien sech esou laang hale konnt.

Mä hie mécht jo vill fir eist Land. An Europa. An op der däitscher Télé. Virun allem do. De Manuel huet Recht: den Jean-Claude Juncker wier e gudde Präsident. O du do uewen, kéinte mir da sangen, wat een elo jo schon heiansdo maache well, esou eng komesch, mystesch Figur ass de Mann, ni richteg do an dach ëmmer präsent. An jo, vläit gëtt et eng Generatioun zu Lëtzebuerg, déi haaptsächlech mam Juncker am CSV-Staat opgewuess ass, deen trotz allen Krisen an Affairen net op een Enn ze goe schéngt. Wäert si d‘Kraaft hunn, iergendwann eng nei Regierung ze wielen, eng ouni Juncker?

6 Kommentare “„D’Politik, Madame, ass kee Spill …“

  1. Pingback: Generatioun Juncker | egalwaat.lu

  2. Gudden Text. Just eppes gesinn ech aanescht. Ech denken, dass et gutt Grënn (gutt ass hei net als Wäerturdeel ze gesinn) dofir gëtt wéisou de Juncker sech esou laang ‘gehaalen’ huet als Staatsminister. Also: dass et mech net wonnert wéisou Lëtzebuerg hie laang wollt, wëll a wuel och nach wäert wëllen.

  3. Pingback: #GeneratiounJuncker | Gudde Mëtteg

  4. Pingback: Blogging like nobody’s reading | enjoying the postapocalypse

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *