Interview: “Onst Gewëssen” vu Richtung 22

Ein luxemburgisches Interview über einen luxemburgischen Film verlangt einen luxemburgischen Text.

Fir de Crumble hunn ech de Lars vun Richtung 22 interviewt. (Spellchecker.lu schléit mir „intervieft“ fir. Ech loosse vill mat mir maachen. „Mä“ zum Beispill. Mä domadder hält et op. Pardon.) Mir hunn bal eng hallef Stonn iwwert de néie Film „Onst Gewëssen“, Richtung 22, Kulturpolitik zu Lëtzebuerg an Filmdistributioun geschwat.

Ech hunn den Interview op knapp eng Véirelstonn geschnidden, hoffentlech ouni eppes essentielles auszeloossen. D‘Tounqualitéit ass éischter dauschend wéi berauschend, mä léiwer en Interview an net-immenser Qualitéit iwwer Skype wéi guer keen.

[audio:http://media.blubrry.com/aracityradio/p/podcast.ara.lu/wp-content/uploads/2013/04/onst-gewessen-richtung22.mp3]
Download als mp3

De Film wäert ab dem 1. Mee op Richtung22.org ze gesi sinn, am Interview sinn keng Spoilern.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *