Hier mein Redebeitrag zu der freedom not fear!-Demonstration am 11. Oktober 2008 in Luxemburg/Stadt.
Wéi den Hunter S. Thompson, amerikaneschen Journalist an Auteur kuerz no den Attentater vum 11. September 2001 vun engem „Kingdom of Fear“, engëm Kinniksräich vun der Angscht, geschriwwen huet, konnten déi meescht vun eis nach net wëssen, dat mir eis e puer Joer duerno an engëm Grand-Duché vun der Angscht erëmfannen géifen.
An Angscht a Schrecken ginn stänneg verbreet:
den westafrikaneschen Drogendealer, den islamisteschen Terrorist, den „auslänneschen“ Messerpicker, den autonome Chaot – sinn nëmmen e puer vun deenen Gestalten, virun deenen mir stänneg Angscht gemaach kréien.
An well mir alleguerten esou vill Angscht hunn, mussen mir eis schützen. An dat geet anscheinend nëmmen, wann mir gefilmt ginn beim Akafen, op der Autobunn, am Zuch, bei eisen Rendezvousen um Aldringer. Dat geet anscheinend och nëmmen dann, wann eis Verbindungsdonnéen gespäichert ginn, all Obenthalt an Hotelen an Jugendherbergen protokolléiert ged, wann mir en biometreschen Pass hunn, asw…
„Mee et huet jo keen eppes ze verstoppen?“
Ma dach! All Mënsch huet eng Privatsphäre! Scholden, Nervendokter, Krankheeten, Bezéiungen, Reesen, Iwwerzeegungen, asw, asw.
Donnéen sinn ni sécher! Net beim Staat, an schon guer net bei Firmen, wéi mir an denen leschten Deeg erëm esou beandrockend bewissen kruten.
Et hätt en net d‘Ofsicht, en Iwwerwaachungsstaat ze erichten, héiert een europawäit vun den Politiker. Ma dat erënnert mech un eng gewëssen Mauer, déi och keen se ze errichten d‘Ofsiicht hat.
An Däitschland gett een méintelaang iwwerwaacht an agespaart, wann en an enger wëssenschaftlecher Arbescht déi selwecht Wierder wéi lenk „Krimineller“ benotzt. Virum G8 kruten Leit hir Haiser duerchsicht, well se Aueren an Knupperten am Keller haten!
Do ass den Iwwerwaachungsstaat net méi wäit!
Mee et geet net nëmmen ëm eng imaginativ „Sécherheet“, mee och ëm knallhaart wiertschaftlech Interessien.
D‘Film an Musekindustrie, déi bis op e puer luewenswärt Ausnamen nach ëmmer net kapéiert huet, dat den Internet an senger Grondarchitektur wéi eng gigantesch Kopiesmaschinn funktionéiert, versicht all „Pirat“ virun een Gericht ze kréien – mat Hëllef vun Verbindungsdaten!
Hei ged eng ganz Bevölkerung kriminaliséiert. Jiddereen ged verdächteg. Vum Pirat zum Terrorist ass et net méi wäit! Aueren an Knupperten am Keller ginn jo schon duer!
An esou verdächtegt een den aneren, keen traut sech méi an wat kennt dobäi raus? ANGSCHT!
An et hëlleft näischt, Paranoia ze kréien an all Gerücht iwwert Handyortung asw. ze gleewen!
Paranoia ass de Buedem fir déi stohlen Beem un denen d‘Iwerwaachungskameraen wuessen!
Paranoia ass d‘Grondlag vum Iwerwaachungsstaat!
An esou stinn ech hei, als stolze Pirat an ruffen zesummen mat ierch an dem Recht vun der Welt – well mir sinn haut net alleng op de Stroossen:
Fräiheet, net Angscht!
Fräiheet, keen Groussherzogtum vun der Angscht!
(Nach dem Schreien Halten dieses Redebeitrags hatte ich übrigens den Rest des Tages Halsschmerzen.)